Leserforum
Nordstad-Fusioun: De Souverän däerf net virzäiteg vun der Decisioun ausgeschloss ginn
Awunner sollen 2027 um Enn vum Prozess hiren entscheedende Vote ofginn. Dowéinst däerf kee Gemengerot de Fusiounsprozess esou fréi blockéieren, datt de Biergerreferendum seng substantiell Roll verléiert. Bettenduerf huet gewisen, wat geschitt, wann e politesche Vote d’Resultat vum Souverän net respektéiert gett; zu Ierpeldeng gouf et elo, trotz engem positive Referendum fir ee Referendum, een änleche Versuch, de Prozess nach virum definitive Biergerentscheed ofzeschneiden.
Den 12. Dezember 2024, ënner dem Androck vum Vote zu Bettenduerf, freet Ierpeldenger Conseiller L.L. e Punkt op den Ordre du jour ze setzen: „Organisation d’un référendum conformément à l’article 35 de la loi communale.“ Seng Argumentatioun war zweefach: d’Fusioun net ofzeschéissen, mee d’Onsécherheet vun engem méiglechen Nee bis 2027 ze klären; an als Conseiller keng Positioun anzehuelen, déi der Meenung vun enger Majoritéit vun de Bierger géif widderspriechen.
Den 3. Dezember 2025 analyséiert de Gemengerot vun Ierpeldeng d’Resultat vum Referendum : 59% fir eng Fortsetzung an 41% dergéint. Op dëser Basis stëmmt de Gemengerot iwwert eng „Résolution fondée sur le résultat“ of. All present Memberen erklären, si géifen d’Resultat respektéieren an dem Prozess bis zum definitive Referendum keng weider Steng an de Wee leeën. Dobäi war kloer, datt déi nächst politesch Etapp de Vote iwwer „d’intention de fusionner“ wier.
De 15. Juni 2026 stëmmen d’Gemengeréit vun Ettelbréck, Dikrech a Schieren ouni Géigestëmm fir „d’intention de fusionner“. Zu Ierpeldeng geet de Vote mat 5 zu 4 knapp aus. En Nee zu Ierpeldeng hätt den Doud vun der Fusioun bedeit, éier Bierger, wéi si et am Referendum zu Ierpeldeng gefrot haten, sech um Enn vum Prozess nach eng Kéier per Referendum hätten ausdrécke kënnen. Den Héichpunkt vu politescher Inkonsequenz (een Euphemisme) wor, wéi de Rot L.L entgéint sengem Argument, datt hee wëll wëssen, wat Bierger denken, mat Nee gestëmmt huet. Erklärt mir, Graf L.L., diesen Zwiespalt der Natur!/Bald möcht im Blut sein Leben/Schwinden sehn, bald ihm vergeben (aus dem Drama, Die Schuld)
De Flyer, dee verdeelt gouf, weist datt d’Zäitschinn, déi 2024 ausgeschafft an approuvéiert gouf, trotz de Steng, déi d’Politiker zu Bettenduerf an Ierpeldeng an de Wee geluecht hunn, nach ëmmer agehale gëtt. D’Detailer solle grad an der nächster Phase ausgeschafft ginn: duerch Aarbechtsgruppen, Biergerbedeelegung, Verhandlunge mat de Ministèren an eng Konventioun mam Staat.
Dofir ass et net iwwerzeegend, de Prozess fir ze wéineg Detailer ze kritiséieren a gläichzäiteg politesch Schrëtt ze ënnerstëtzen, déi genee dës Detailaarbecht kéinte verhënneren. Wien Transparenz, verbindlech Zousoen an eng fundéiert Biergerdecisioun wëllt, muss de Prozess bis bei de Referendum 2027 lafe loossen. Ech géif mer et als Entwécklungsgesellschaft gutt iwwerleeë fir Terrain ze kafe wou, bei engem Nee, keng eenzel Gemeng ee Projet kéint stëmmen.