Leserforum

Noheet ass net de Problem, falsch Grenzen sinn et …

Der ehemalige Nationaltrainer der Fußballnationalmannschaft der Damen, Dan Santos

Der ehemalige Nationaltrainer der Fußballnationalmannschaft der Damen, Dan Santos Foto: Gerry Schmit

No der Entloossung vum Trainer vun der nationaler Dammenequipe, wéinst sengem Verhalen, ass eng breet Diskussioun an der Press entstanen. Dobäi gouf ënner anerem behaapt, Trainere missten ëmmer eng gewëssen Distanz zu hire Sportler behalen. Ech mengen: Dat ass déi falsch Lektioun.

Ech wëll et kloer soen: Verhale, dat net korrekt ass, muss konsequent verurteelt ginn. Wa Grenzen iwwerschratt ginn, ass et normal a richteg, datt en Trainer aus senger Funktioun erausgeholl gëtt. Do dierf et keng Toleranz ginn.

Mä aus esou Fäll eng allgemeng Reegel ze maachen, datt Traineren op Distanz solle bleiwen, domat sinn ech net averstanen.

Als Trainer mat ville Joren Erfarung hunn ech ëmmer erëm dat Selwecht gesinn: Fortschrëtt entsteet net duerch Distanz, mee duerch Vertrauen. E Sportler entwéckelt sech, wann en sech verstane fillt, wann en sech traut, sech opzemaachen, a wann e weess, datt säin Trainer hannert him steet. Eng ze grouss Distanz kann dozou féieren, datt Problemer net erkannt ginn, datt Kommunikatioun feelt an dat d’Relatioun schwächt. Natierlech brauch et kloer Grenzen. Respekt, Professionalitéit a Verantwortung sinn d’Fundament. Mä dës Grenze sollen net dozou déngen, eng kal Distanz ze schafen, mee eng gesond a staark Relatioun ze garantéieren.

E gudden Trainer ass net deen, deen sech zeréckzitt, mee deen, dee präsent ass. Net als Frënd, mee als Guide no genuch, fir ze verstoen, staark genuch, fir ze féieren.

Net d’Distanz schützt viru Problemer, mee d’Fäegkeet, Grenzen ze respektéieren a Verantwortung ze droen.

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Infiltration de l’IA

Leserforum

Steiererklärung: Firwat geet et op eemol nees zréck op Pabeier?