Leserforum
Lokal, regional … blablabla
Bei all Geleeënheet an an all Sonndesriede schwäermen eis Politiker vu lokalen oder regionale Produkter, schwätze vu Resilienz an Nohaltegkeet.
Glacis, Nationalfeierdag, Concert One Republic, gratis offréiert vun der Stad Lëtzebuerg, dausende vu Leit, einheimescher, aus den Nopeschlänner, Expats... E grousse Merci un d’Organisateuren. Bei sou engem Concert gëtt een och duuschtereg, also stellen ech mech an d’Schlaang virun engem zentrale Gedrénksstand. Ech bestellen e Béier fir den Duuscht an e Cremant fir de Genoss. Si hate Béier aus dem Norde vum Land, a Cremant a Wäin aus... Frankräich (Ech hu mussen un d’Lidd vu Legotrip denken, „Cremant an der Chamber“). Op Nationalfeierdag gëtt et also um zentrale Gedrénksstand vun enger vun der Stad Lëtzebuerg organiséierter Manifestatioun keng regional Wäiprodukter vun eiser Musel. Ech ka mir net virstellen, datt eng franséisch Gemeng de 14. Juli hire Bierger géing italieenesche Spumante oder spuenesche Cava ubidden. Déi fir dëse Skandal Responsabel hu bestëmmt deen Dag eng hallef Dose Mol d’Heemecht matgesong oder matgesummt, wou jo och Riets ass vun der Rief laanscht d’Musel a vum Wäin, deen den Himmel ons mécht. Awer owes däerf ee vun der Stad engagéierte Caterer et sech erlaben, exklusiv auslännesch Wäiner a Cremanten unzebidden. Ob et un anere Stänn regional Wäiprodukter gouf, weess ech net, no enger hallwer Stonn an der File wollt ech net nach soss kucke goen.
Kinnekswiss, 3 Deeg Gratisconcerten, nach eng Kéier Merci un d’Organisateuren. Och do sinn ech duuschtereg ginn, a beim Haaptgedrénksstand, de selwechte Listing. Ech hunn e Mataarbechter drop ugeschwat, woufir se keng regional Wäiner hätten, an hie sot, dat léich warscheinlech um Präis. Bei enger Coupe Cremant oder engem Glas Wäi vun 8€ wier awer och bei Lëtzebuerger Produkter nach eng anstänneg Marge ze realiséieren. Dee selwechte Weekend op der Foire agricole zu Ettelbréck: e grouss Zelt ënner dem Motto „Sou schmaacht Lëtzebuerg“. A bei vun der Stad Lëtzebuerg organiséierte Grousseventer kënnen d’Leit leider net probéieren, wéi di einheimesch Cremanten a Wäiner schmaachen. Den Organisator misst dach kënne vun de Caterer verlaangen (wann de Wëllen iwwerhaapt do ass), datt si op regional Produkter missten zréckgräifen. Wien den Orchester bezilt, kann dach och d’Musek eraussichen.
Net nëmmen, datt di Lëtzebuerger Wënzer deen Owend op deem Gedrénksstand näischt konnte verdéngen, méi schlëmm fannen ech ass de Message, deen deen Affront un di vill auslännesch Visiteuren an Expats ofgëtt: entweder denken si, datt et zu Lëtzebuerg keng Wäiner a Cremante gëtt oder, datt mir se selwer net wäertzeschätze wëssen. Den desjäregen internationale Cremantsconcours hei zu Lëtzebuerg huet dach gewisen, datt mir eis qualitéitsméisseg net ze verstoppe brauchen. Dee franséische Cremant wor iwwregens och ganz gudd. Ech si kee Chauvinist, ech drénken och gär Wäiner aus anere Regiounen, mee wann eng Gemeng eppes mat Steiergelder organiséiert, soll se menger Meenung no drop bestoen, dat op den Iess- a Gedrénksstänn regional Produkter Prioritéit hunn. Et ass dach och méi nohalteg (Co2-Emissiounen!), wann e Camion vu Gréiwemaacher oder Welleschten an d’Stad fiert, wi wann en aus Zentralfrankräich muss kommen. Wat mech awer am meeschten nervt, ass déi Inkonsequenz tëscht deem schéine Gebraddels an de Sonndesrieden an der alldeeglecher Praxis.
Ech wëll mol guer net wëssen, wat bei den offizielle Receptiounen an d’Glas an op den Teller kënnt.
Lokal, regional, sch...egal!