Leserforum

Lëtzebuerg wier dech

Lëtzebuerg wier dech

Et gëtt bekanntlech vu Frankräich, wat een Zentralstaat par excellence ass, Drock gemaach fir der ESMA (European Securities and Market Authority) méi Muecht ze ginn an eis CSSF an eng Zuschauerroll ze drécken, déi just nach fir Drecksaarbechten zoustänneg wär. D’ESMA huet hire Setz zu Paräis.

Dat éischt negatiivt Beispill vun ze vill Zentralitéit huet elo grad CSSF schonn erliewe mussen. Bis elo war si den exklusiven Acteur fir sécherzestellen, dat alles, wat mat Geldwäsch zesummenhänkt, korrekt vun de lëtzebuergeschen Acteuren ëmgesat gëtt. D’AMLA (Authority for Anti-Money Laundering and Countering the Financing of Terrorism) huet hire Sëtz zu Frankfurt, geméiss dem franco-däitsche Motto: „A piece for you, a piece for me.“

Entitéiten, déi musse matmaachen an den Template mat de Froe vum dësjäregen Test, ob alles korrekt leeft, goufe vun der AMLA festgeluecht. D’CSSF huet dierfen de Bréifdréier spillen. Den Template sollt den 2. Mäerz op dem Site vun der CSSF prett sinn. An et koum wéi et huet misste kommen et gëtt ee Retard. D’CSSF, a kluger Viraussiicht, hat scho virdru matgedeelt wann ech gelift ... don’t kill the messenger.

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Lëtzebuerg wier dech

Leserforum

Intérêt à agir

Leserforum

Ein historisches Signal für die Selbstbestimmung