Leserforum
Intérêt à agir
No engem Artikel Enn 2023 iwwert dat geplangten Heescheverbuet an der Stad wor ech revoltéiert, well ech et net gutt fannen, de Leit hir Dignitéit ze huelen an den Akt „mussen ëm Hëllef ze froen“ och nach ze kriminaliséieren. Et koum zu Kontroversen a Polemiken an der Gesellschaft. Mir wor awer schnell kloer: Ech hat keen „Intérêt à agir“, well ech net direkt vun dem Règlement communal betraff wor. No enger Petitioun an e puer Demoe géint dat ominéist Heescheverbuet koum et dunn zu engem lëschtegen Nomëtten an der Chamber, wou ganz respektvoll zesummen diskutéiert ginn ass. Dorops gouf déi einfach Heescherei als Tatbestand aus dem Code pénal gestrach. Jo, esouguer de Service juridique vun der Chamber koum zur Conclusioun, datt dat Heescheverbuet vun der Stad op wackelege juristesche Bee stéing. Entretemps haten zwee Betraffener de Calvaire op sech geholl a geklot. E Référé blouf ouni Erfolleg an zeg Méint dono gouf deenen zwee Männer an der éischter Instanz, sou ze soen, hiren „Intérêt à agir“ oferkannt.
Rezent elo stellt den Inneministère op senger Websäit lakonesch fest, datt d’Irrecevabilitéit vun den zwee Urteeler aus der éischter Instanz och an der zweeter Instanz, de 5. Mäerz 2026, zréckbehale gouf.
En Detail gëtt awer ewechgelooss. Wor beim 1. Tribunal d’Irrecevabilitéit nach dora verankert, datt déi zwee Männer net noweise konnten, miserabel genuch ze liewen, fir heeschen ze mussen, huet sech dat elo, Méint dono, anscheinend als erwisen erausgestallt. D’Riichter vun der Cour erklären dann de Betraffenen süffisant, datt se géint de falschen Akt virgaange sinn. Amplaz géint d’Approbatioun vum Minister ze kloen, hätten se sollen direkt géint de Règlement communal vun der Stad virgoen, mee dat wier elo ze spéit! Fazit: D’Zombie-Heescheverbueter liewen also nach bis Mokuchsdag weider.
Et deet mir leed, esou eng Justiz ass net besonnesch sexy!