Leserforum
Hëllef, si besteiere meng Zënse méi héich ewéi meng Pai (Rent)
Méi a méi gëtt gefuerdert, Kapitalakommes op mannst esou héich wei Aarbecht ze besteieren. Mee et gëtt schonns haut eng Situatioun, wou dat passéiert, leider awer bei deene Falschen.
Bekanntlech ass Spuere geduecht, fir een Apel fir den Duuscht a schwieregen Zäiten ze hunn. Déi Jonk musse spueren, fir déi noutwendeg Eegemëttel ze hunn, wann se ee Kredit brauchen. Zënsen ënnerleien enger pauschaler 20-Prozent-Besteierung, déi vun de Banken anonym un d’Steieramt iwwerwise ginn. Et gëtt zwee Ausweeër, fir enger Besteierung vun 20 Prozent op den Zënse legal ze ëmgoen. Dat ass entweeder ee Konto bei der Bauspuerkeess oder een Invest an ee Money-Market-Fong, deen seng Revenue kapitaliséiert. Mee opgepasst, sou Fongen hunn och Käschten, sou datt dësen Avantage séier opgebraucht ass. Et kann awer och duerch Verännerung vun der Zëns-Kurv zu Verloschter kommen.
Ee Bewäis, fir festzestellen, datt Aarbecht manner wei Zënse besteiert gëtt, hu Bosse vun de kreative 4big-Firmen erbruecht. Si hate séier erkannt, dat déi 20 Prozent Geleeënheet wären, fir eng kleng Tax-Optimisatioun (oder, wéi d’Gericht et festgehal huet, „Scheingeschäfte“) ze maachen. Si hunn duerch Zweck-Gesellschaften Obligatioune mat Fantasie-Tauxen erausginn, an amplatz vu Bonussen, déi bis zu 42 Prozent besteiert gi wären, hunn se dës Obligatioune gezeechent a si mat 20 Prozent gutt ewechkomm. Wann Zënsen um Marché erofgoungen, sinn Tauxe vun den Obligatiounen eropgaangen. „Abus de droits sociaux“ nennt een dat.
Ee mat niddregem Loun hätt déi Tricksereien net misse maachen, well dat a sengem Fall kontraproduktiv gewiescht wär. A sengem Fall sinn déi 20 Prozent mei héich wéi Steieren op senger Aarbecht.
Wann déi „Déck“ bei sou enger pauschaler Besteierung profitéieren, mussen ergo déi kleng Spuerer verléieren. Déi „Kleng“ maache gewëssermoossen eng queesch Subventionéierung vun deenen „Décken“. C’est le monde à l’envers.
Zum Beispill läit de Kipppunkt an der Klass 1 bei Revenue vu 54.100 Euro. Dat heescht, dat ee réicht vu 54.100 Euro u méi wéi 20 Prozent bezilt. Pauschal Steier fir Zënsen ass wéi gesinn uniform 20 Prozent. Fir Salairë gëtt den Taux global vun 20 Prozent réicht bei 64.500 Euro erreecht. Bis dee Montant ginn Zënsen also mei héich wéi Salairë besteiert.
Hunn ech awer ee Revenu vun 100.000 Euro an deen nämmlechte Betrag un Zënsen, bezuelen ech 28.637 Euro Steieren an nëmmen 20.000 Euro op Zënsen.
De Staat besteiert bei Zënsen also exzessiv déi Vulnerabelst a schount déi „Déck“. Et fält mer dobäi ee Spréchwuert vum Voltaire an: „L’art de gouverner consiste à prendre le plus d’argent possible à une catégorie de citoyens afin de le donner à une autre.“