Leserforum

Francofolies 2026

Francofolies 2026

Foto: Editpress/Georges Noesen

Ab dem 18. Mee 2026 ass et lassgaangen, an dat bis an déi éischt Woch vum Juli! D’Francofolieszäit huet lues ugefaangen, awer dunn!! Et wor e Kommen a Goe vu Camionen an der rue du Stade (wat jo eng Sakgaass ass), ouni vun deenen ze schwätzen, déi souwéisou op de Bierg gefuer si mat Material fir de Chantier vum neie Waasserreservoir. Mee mat dëse Camione kënne mir liewen, well de Chantier ass no enger Zäit eriwwer.

Awer den Zirkus, jo Zirkus, de fir d’Francolies opgefouert gëtt, ass alles aneschtes wéi schéin.

E groussen Deel vum Park ass schonns zwou respektiv dräi Woche virdru komplett mat Grillagen zougestallt ginn, mat schwaarz Caliquoen drop, well et kéint ee jo eppes ewech kucken. De ganzen Dag héiert een nëmmen dat Getuuts vun de Maschinnen, wann se hin an hir gefuer sinn. Beim Soundcheck hu misse schonns Fënsteren zougemaach ginn, well et war net auszehalen. Wat gëtt dat nach wärend deenen nächsten Deeg.

Donneschdegowend, den 11. Juni sinn d’Mataarbechter de Bierg erofgaangen, an deem gebläert ginn ass, als wäert et hinnen hiert lescht. Wat soll dat gi wann de Festival lassgeet.

Freides, den éischten Dag vum Festival, do ass et awer so richteg lassgaangen. De Bass hutt souguer de Buedem vibréiere gedoen, net aleng um Bierg, mee souguer ënnen am Neiduerf. De Kaméidi, jo Kaméidi, ass net auszehalen. Bei der Entrée fir VIP-Visiteuren hätt ee geduecht, do wier en zweete Festival, well do ass net un d’Noperschaft geduecht ginn, Haaptsaach Remmidemmi maache laang an d’Nuecht eran.

Samsdeg war et net besser, dat selwecht bis zum leschten Dag vum Festival ass et monter weidergaangen. Mee nodeems de Festival eriwwer war, hunn déi Leit, déi als Benevole beim Festival geschafft hunn, wei see heem gaange sinn, hutt awer alles iwwertraff. Gebläert wéi d’Idiote bis bal 5 Auer Méindesmoies.

An de Parkverbuet fir Visiteure gouf net kontrolléiert, well a verschidde Stroossen am Quartier ware Stroosse komplett zougeparkt.

Wat hutt dat nach mat Festival ze dinn. Ouni dorun ze denken, wat alles ka geschéien. Kuckt een sech Fotoe vum Festival un, da stinn d’Leit wéi Hierken an engem Faass virun der Bün, wat souguer vu Leit bemängelt ginn ass.

Gott sei Dank waren et net méi Leit, déi Hëllef gebraucht hunn (Artikel vun RTL, wou geschriwwe stoung, datt de CGDIS um Samsdeg 58 Interventiounen hat).

An den Direkter vun de Francofolies iwwerglécklech an d’Kamera vun RTL geschwat hutt, dat et en extrem gudde Succès war. Ma jo dann, wann dat e Succès ass, dass bal ganz Esch vun dësem Evenement ugeeekelt ass ...

D’Organisateuren hu mol kee Respekt virun de Monumenter am Park, wéi zum Beispill vum Dr. Michel Welter souwéi dem Biergbauingenieur André Koch. Wann ee bedenkt, datt Politiker aus dem Gemengenhaus dëse Rambazamba toleréieren! Sou Aussoe kommen nëmme vu Leit, déi net niewendru wunnen oder hiren Ego domat oppoléiere wëlle bei verschidde Leit aus der Gesellschaft.

Aussoe wéi, dat mécht näischt den Déiere respektiv op d’Natur géif opgepasst ginn. Sorry, mee dat ass net richteg, well de Kaméidi ass net gutt fir Déieren, well deenen hiert Gehéier ass méi sensibel wéi dem Mënsch säin, an ob d’Natur gëtt net opgepasst, well et geet net duer, sech de grënne Label ze kafen.

Ass dat normal, dass een de Bierger un d’Häerz leet, si sollen d’Fossilenergie minimiséieren, awer selwer eppes organiséieren, wat fir relativ vill Verschmotzung vun der Ëmwelt suergt? Well all Material, dat gebraucht ginn ass, ass net per pedes erop an erof gedroe ginn, mee alles ass mat risege Camionen erop an erof gefouert ginn. Wann een deenen nogekuckt hutt, wéi déi gefuer sinn, ass et engem schlecht ginn, well d’Autoen oder Foussgänger hate keng Rechter méi, well de Motto war do: Elo kommen ech an dir hutt ze réckelen.

Ouni ze schwätzen, wat geschitt wär, wann eng Panik oder e Feier um Site wärend dem Festival ausgebrach wier. Och wann eng Equipe vum CGDIS sur Place war, déi séier reagéiere konnt (Gott sei Dank), sou dass just eng Persoun hutt missen an d’Spidol gefouert ginn. Wat hätt dann d’Spidol gemaach, wann eng grouss Zuel vu Leit hätte missen an d’Spidol gefouert ginn, well eisen Informatiounen no war d’Urgence am Spidol net mat Personal opgestockt ginn.

An da komme mir op de Präis ze schwätzen, wat dat kascht, wann ee bedenkt, wéi vill Personal vun der Gemeng ass vun senger normaler Aarbecht ofgezu ginn, seng normal Aarbecht ass an den Hannergrond gedréckt ginn, ouni déi Aarbecht, déi d’Gäertner am Park dat ganz Joer gemaach hunn. Och dat gëtt mat Féiss getrëppelt, well dono mussen se erëm alles nei maachen, mat Geld, wat normalerweis fir aner Projete bestëmmt war.

Di Verantwortlech vun der Gemeng hunn eis geäntwert, dat viru ville Joren etlech Concerten um Gaalgebierg gewiescht wieren an dofir gesinn si et net an, dat ze änneren.

Mee eppes hunn se vergiess oder wëllen et net wëssen: Fir dës Concerte gouf net e ganze Park wärend ville Wochen hermeetesch zougemaach, dat ass de groussen Ënnerscheed.

Dofir bleiwe mir der Meenung, dat de Gaalgebierg d’gréng Loung vun Esch ass a bleiwe muss, soudass d’Awunner vun Esch an Ëmgéigend zu jidder Zäit kënnen an de Park goen, ouni dat se ëmgedréit ginn.

An de Publikatioune vun der Gemeng sinn se stolz op de Gaalgebierg, mee dann halt op, alles futtizemaachen, well e puer Leit sech wëllen en Denkmal setzen.

Fir eis muss de Gaalgebierg gëschter, haut an an der Zukunft en Erhuelungsgebitt bleiwen a net eng Platz, wou mat Féiss dropgetrëppelt gëtt, well d’Grënner hunn esou eppes net gewollt, fir si sollt et en Erhuelungsgebitt fir d’Escher Leit sinn.

Eise Fazit ass: D’Francofolies hutt näischt um Gaalgebierg ze sichen.

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Ne pas fumer à la plage

Leserforum

Theorie und Praxis

Leserforum

Euthanasie, jo oder nee? Liewen a Stierwen?