Leserforum
Firwat onbedéngt Bio an der Schoulkantin?
Ass dat eng ideologesch Démarche?
Zu Lëtzebuerg gëtt nach knapp 3% vum konsuméierte Geméis och hei gezillt. Bio inclus. Dat heescht, dass 97% importéiert gëtt. Wann dat Bio aus Europa kënnt, ass dat jo nach o.k. Mä wie garantéiert dann, dass z.B. Bio aus Asien oder Südamerika iwwerhaapt Bio ass? Gëtt do vläicht just déi Etikett dropgemaach, déi den Akeefer wëll hunn? Well mir Europäer gi jo sécher net dohinner dat kontrolléieren. An dann, wann dat iwwert dausende vu Kilometeren transportéiert gëtt, wéi vill Ëmweltschutz ass dann dat?
Wier et net méi ëmweltfrëndlech, mol fir d’éischt déi lokal Produktioun ze verschaffen? Well den Ubau, egal, ob integréiert, bio oder konventionell, gëtt bestänneg vum Staat kontrolléiert.
An de Schoulkantinne gëtt vun Akafs-Säit verlaangt, dass z.B. Muerte musse geschielt sinn. Firwat? An der Schuel sëtzen, wéi beim Apel, di meescht Närstoffer. An da wann déi hei zu Lëtzebuerg geschielt ginn, sinn se jo direkt vill ze deier wéinst onsen héije Paien. Ausserdeem hunn déi modern Zorte Muerten, och am Bio-Beräich, quasi keng Schuel méi, also mussen se och net geschielt ginn.