Leserforum
Europa reglementéiert Banannen, mee wie schützt eis Mobilitéit?
D’Belsch plangt, eng Autosvignette anzeféieren. Nach eng zousätzlech Belaaschtung fir d’Automobilisten! A gläichzäiteg gëtt eis ëmmer erëm erzielt, wéi flott eist vereent Europa dach ass, ouni Grenzen a mat fräier Mobilitéit.
Ech hunn näischt géint Autobunnsmauten, wéi mir se aus Frankräich oder Italie kennen. Wien eng Autobunn benotzt, bezilt fir déi Streck. An normalerweis kann een och gratis Nationalstroosse benotzen. De Bierger huet also de Choix.
Bei enger Vignette ass dat anescht. Wéi an der Schwäiz bezilt een am Viraus, fir e bestëmmte Stroossennetz benotzen ze dierfen. A wann d’Belsch hir Vignette och op National- a Regionalstroossen ausdeent, gëtt et schwéier, eng vernënfteg gratis Alternativ ze fannen.
Stellt Iech vir, Dir wëllt vu Lëtzebuerg op Léck fueren. Muss een dann eng Vignette kafen oder sech duerch eng Onmass kleng Dierfer schloen? An et kënnt nach besser: D’Vignette wier un d’Nummereschëld gebonnen, net un d’Persoun. Wien also zwee oder dräi Autoen huet, muss fir all Auto separat bezuelen. Eng Famill, dräi Autoen, dräi Rechnungen!
Mee meng gréisste Kritik riicht sech un d’Europäesch Unioun. Firwat mécht si net méi Drock op Memberstaaten, déi esou Moossname plangen? Firwat soll all Land seng eege Vignetten an Taxen aféieren, ouni eng gemeinsam europäesch Linn? Well wann d’Belsch domat duerchkënnt, wat hält dann aner Länner dovun of, datselwecht ze maachen? Staatskeesse brauche schliisslech iwwerall Suen. Haut d’Belsch, muer en anert Land, an iwwermuer bezuele mir vläicht an der Hallschent vun Europa eng Vignette! Genee esou en Dominoeffekt misst d’EU verhënneren. Si sollt sech dofir asetzen, datt d’Mobilitéit vun de Bierger net duerch ëmmer nei national Bezuelbarriären erschwéiert gëtt.
An elo kënnt d’Ironie: Europa huet et fäerdegbruecht, genee Norme fir d’Vermaartung vu Banannen auszeschaffen. Mee gemeinsam Reegelen, déi d’Bierger beim Fueren duerch Europa entlaaschten? Dat schéngt vill méi komplizéiert!
Natierlech kascht den Ënnerhalt vun de Stroosse Geld. Mee d’Automobiliste bezuele schonn haut genuch Steieren an Taxen. Muss all Staat elo nach eng nei Akommesquell op hirem Réck erfannen? Ech verlaangen net, datt all Strooss gratis soll sinn. Ech verlaangen nëmmen, datt de Bierger eng vernënfteg Alternativ huet an datt d’EU hir Verantwortung iwwerhëlt.
Léif europäesch Verantwortlech, loosst d’Banannen emol a Rou a këmmert Iech ëm déi konkret Problemer vun de Bierger! Well en Europa ouni Grenzen, mee mat ëmmer neie Rechnungen, ass eng zimmlech speziell Virstellung vun europäescher Eenheet!