Leserforum
Escher Kiermes
Moien. Ech sinn awer erschreckt, dass op eemol Leit froen, fir d’Escher Kiermes op eng eenzeg ze reduzéieren. Dat ass Traditioun säit éiweg: kleng Kiermes Ouschteren a grouss Kiermes Päischten. An dat soll op eemol aus Esch och nach verschwannen. Denkt mol un d’Kanner, wat se frou sinn, op d’Kiermes ze goen, denkt mol un d’Forains, déi frou sinn, op der Kiermes hiert Akommes ze verdéngen, plus d’Cafée ronderëm.
Fannen dat schlëmm, wann dat antrëtt. Da ginn eis Traditioune bei der Däiwel. Firwat?