Leserforum
E puer (antifaschistesch) Gedanken
D’Walresultat a Sachsen-Anhalt huet mech net iwwerrascht. Leider. Ech hat domat gerechent an d’Bestätegung deet wéi. Ech sinn net rosen iwwer d’Wieler, fir si hunn ech gréisstendeels Onverständnis. Rose sinn ech allerdéngs iwwer konservativ Parteien a Politiker*innen. Eenzel Politiker*innen a Parteien aus liberalen a sozialliberalen eigentlech och, mee virun allem aus dem konservativen Eck. Der Einfachheet wéinst schreiwen ech elo just vu Konservativen, mee déi aner si mat gemengt. Déi kléng faschistesch Partei mat selwechtem Numm ass dobäi net gemengt.
Ech si rosen op Konservativer, well si hunn déi Rietsextreem grouss gemaach. Zum Beispill virun enger Rei Joren, wou déi Rietsextreem mam Gréngebashing ugefaang haten. Do si si ganz séier mat opgesprongen, well si sech eege politesch Virdeeler erhofft haten. Politikwëssenschaftler*innen an Expert*innen hu vun Ufank u virun dësem Spill mam Feier gewarnt. Mee déi Konservativ hu weidergemaach. Oder wéi si ëmmer méi oft op EU-Niveau mat de Rietsextreeme paktéiert haten – alle Warnungen zu Trotz hunn si virugemaach am Spill mam Feier. Oder wéi déi Rietsextreem ugefaang haten, géint Dragqueens an transgeschlechtlech Matbierger*innen ze hetzen, do sinn déi Konservativ séier mat u Bord gesprong. Och bei der Hetz géint Migrant*innen hunn si iergendwann matgemaach. Oder wéi beim AfD-Verbuetsverfaren, dat ëmmer rëm un der CDU gescheitert ass. A wéi d’Erstäerke vun de Rietsextreemen net méi ze stoppe war, do hunn déi Konservativ sech dozou entscheet, hinnen hir Punkten ze besetzen, obwuel alles, vu Wëssenschaft bis zum gesonde Mënscheverstand, sech dogéint ausgeschwat huet. Sou Fäll gouf et an de leschte Jore vill. An all Kéiers hunn déi Konservativ de Rietsextreemen hiert Argument géintiwwer der Gesellschaft normaliséiert a validéiert.
Si goufe ganz oft gewarnt, dass si domat déi Rietsextreem géife grouss maachen. An elo, nom Walresultat a Sachsen-Anhalt, maachen all konservativ Politiker*innen, déi eppes op sech halen, Posts, Videoen an Artikelen, an deenen si sech zu de gréissten Antifaschist*innen héichstiliséieren. Ech fannen dat heuchleresch, falsch an et degoûtéiert mech.
Politesch maachen déi Rietsextreem mir keng Angscht. Ech wäert mech ëmmer fir Mënsch, Gesellschaft, Natur an Ëmwelt asetzen, soulaang wéi ech kann. Privat ass dat aneschters. Als oppe schwul liewende Mann gehéieren ech enger vu ville Minoritéiten un, déi vu Rietsextreeme bekämpft ginn. Ech hunn Angscht ëm eis Fräiheeten, eis Rechter, eist Wuelbefannen, eis Liewen. A genee op dësem Punkt hunn déi Konservativ mech hänke gelooss an enttäuscht a rosen zréckgelooss. A genee déi Gefiller sinn et, déi d’Wieler*innen an d’Hänn vun de Rietsextreemen dreiwen. Ze vill vun hinne sinn op verschiddenst Aarten a Weise vun sou Politiker*innen a Parteien am Stach gelooss ginn. Och déi gréng Parteifamill huet hiert dozou bäigedroen.
Mee deen Text hei soll keng I-told-you-so-Béchs oder Haassbréif sinn. Mee vill méi de Versuch vun engem Friddensbréif un déi Konservativ – jo, ech si rosen an enttäuscht. Mee eppes ass méi wichteg wéi meng eege Gefiller hinne géintiwwer: eis Demokratie. Wie weess, elo ass villäicht eis lescht Chance, fir se ze retten. All dat, wat ech elo opgezielt hunn, sinn ech bereet, ze vergiessen, wa mir dofir elo alleguer zesummenhalen an un engem Strang zéien, fir de Rietsextremismus an Europa an op der ganzer Welt ze bekämpfen. Siamo tutti antifascisti, grad elo.