Leserforum
Der Mann im Mond…
Der hat es schwer, der Mensch verschont ihn gar nicht mehr.
Er schaut uns bang von oben zu und fragt wann hab’ - ich endlich Ruh?
Halleluja: D’Astronaute vun der NASA si gesond an onbeschiedegt vun hirer Missioun ronderëm de Mound zeréck! Artemis I an Artemis II – eng Erfollegsgeschicht sonnergläichen. Nächst Destinatioun: de Mars, mam Mound als Tëschestatioun.
Wärend hei ënnen, op eisem wonnerschéine „bloe Planéit“, eigentlech e Paradäis, alles aus dem Gläichgewiicht geréit, leeschte mir eis eng bemierkenswäert Form vu Realitéitsverloscht: Näid a Ressentimenter huelen zou, d’Duplizitéit an d’Hypokrisie ginn zur Norm mee, trotz all dëser technologescher an irrationaler Komplexitéit, verfollegt d’NASA hir ambitiéis Objetiver: No 1972 erëm e Retour op de Mound, eng Onmass nei Missiounen an, op laang Siicht, souguer eng Exploratiounsphas vum Mars. Millioune ginn investéiert, international Partnerschafte kreéiert, a jiddwer technesche Fortschrëtt gëtt als gemeinsame Succès presentéiert.
Mee, trotz spektakuläerster Biller aus dem All, kënne mir des Realitéiten, besser gesot Absurditéiten, net verstoppen: Konflikter, spréch Kricher, huelen zou, politesch a sozial Spannunge wuessen onendlech, an eng Welt, déi sech eréischt viru Kuerzem vun enger onvirstellbarer Pandemie „erholl“ huet, schéngt deemnächst ze zerbriechen.
Nonobstant riichte mir eise Bléck no Uewen: Eng Artemis-Missioun follegt der nächster, Sonden si schonn ënnerwee Richtung Mars, an nees fléisse Milliounen an e geplangte Retour op de Mound. Gepräägt vun enger gewësser Arroganz an enger, heiansdo, markanter Duebelmoral, musse mir eis d’Fro stellen, ob d’Vernonft eis iwwerhaapt nach wierklech leet oder ob mir am Fong, duerch Geltungsdrang a Muechtstriewen ugedriwwen, ëmmer manner bereet sinn, de Realitéiten op „onsem“ Planéit an d’Aen ze kucken.
A genau doranner läit déi eigentlech Tragik vun eiser Zäit: Mir sinn amstand, no de Stären ze gräifen, mir bréngen et fäerdeg, ronderëm de Mound ze fléien a muer vläicht de Mars z’erreechen, mee déi dringendst Probleemer op „onsem“ Heemecht-Stär ze léisen, dofir feelt eis net nëmmen d’Kompetenz, mee virun allem de Wëllen.