Leserforum
Déi verstoppt Säit vun der Pensioun: eng Leere, iwwert déi kaum een schwätzt
Mir schwätzen dacks iwwer Pensiounen, Indemnitéiten an d’Jore vum Schaffen. Awer dobäi vergiesse mir e Punkt, deen aus menger Siicht nach vill méi wichteg ass: d’Einsamkeet vun deene Mënschen, déi an d’Pensioun ginn – eng Realitéit, déi vill méi déif geet wéi all finanziell Diskussioun.
Et sinn elo acht Méint, zanter ech an d’Pensioun gaange sinn. Viru kuerzem hat d’Gemeng Lëtzebuerg déi nei Pensionéierter invitéiert, déi 2025 an d’Pensioun gaange sinn: Dat waren der mat mir genau 138. Et hätt ee misse mengen, et géif eng liicht Atmosphär ginn. Awer wärend de Gespréicher ass eng aner Wourecht opgaangen: Fir vill ass leider d’Pensioun net Rou, mee eng Leere, déi lues an d’Häerz rutscht. Verschiddener hu mir gesot, si géifen déi Zäit vermëssen, wou se geschafft hunn.
E Mann, dee säi ganzt Liewe mat Leidenschaft geschafft huet, huet mir erzielt, wat him am meeschte feelt: net d’Aarbecht, mee déi kleng Momenter. Déi gemeinsam Iddien, d’Gefill, datt seng Stëmm eppes gezielt huet. „Ech hat ëmmer dat Gefill, dass ech eng Roll hunn“, sot hien. „An op eemol … ass et einfach roueg.“ Et war net Nostalgie, mee de Verloscht vu Wäertschätzung an Zesummenhalt.
E Saz vun deem Owend verfollegt mech nach ëmmer: „Wann ee schafft, gëtt ee gelueft … an wann een ophält, gëtt ee vergiess.“ Wéi kann e Liewe voller Engagement esou séier an e Gefill vum Verschwannen ëmgewandelt ginn? Kee bereet ee wierklech op déi Leere vir, déi entsteet, wann d’Gesten an d’Stëmme vum Alldag op eemol feelen. Ech hunn d’Chance, vill Projeten ze hunn, sportlech, kulturell, sozial, an och eng Famill, déi meng Deeg fëllt. Dat mécht et méi einfach. Awer fir déi meescht ass dat net esou. Déi grouss Majoritéit huet weder dës Projeten nach dee soziale Reseau. An do fänkt d’Einsamkeet: unroueg, onsichtbar, awer déif.
Fir vill Leit sinn net Aktivitéiten dat Wichtegst, mee d’Mënschen, déi hinnen op eemol feelen.
Dofir brauche mir Plazen, wou Pensionéierter erëm kënnen andocken: Atelieren, intergenerational Projeten, Spadséiergruppen, Benevolat … net fir se „ze beschäftegen“, mee fir hinnen eng lieweg Plaz ze ginn. Et si Brécken, Botschafte vun Unerkennung: „Du ziels nach. Mir brauchen dech.“
Mir wëlle just, datt een eis och nach no der Aarbecht an deene klenge Momenter vum Liewen erkennt a wäertschätzt.
Et ass genee hei, wou vill Leit e Feeler maachen: Si waarden ze laang. Eng gutt Pensioun baut een net an e puer Méint op. Si brauch Zäit, Jore souguer. Dräi Joer virdrun ufänken ass kee Luxus et ass eng Noutwendegkeet, fir net an d’Einsamkeet ze rutschen.
Eng Gesellschaft, déi hir eeler Matbierger als ofgeschlosse Kapitelen ugesäit, verléiert hir Séil. Eng Gesellschaft mat Häerz.