Leserforum

De Verkéier am Stadkär vun Diddeleng

De Verkéier am Stadkär vun Diddeleng

Jorelang scho gëtt versicht, de Verkéier am Stadkär zu Diddeleng ze reguléieren, mat, zouginn, mol där enger oder anerer Verbesserung. Wéi elo zum Beispill dass en Deel vun der rue du Commerce erëm zweespuereg genotzt ka ginn, fir zum Beispill a Richtung CNA ze fueren. Dëst war awer och schonn an den 1970er Joeren esou.

E leidege Problem konnt awer nach nit geléist ginn, an zwar d’Zweedeelung vun der Stad duerch déi véier Barrièren. Dëse Problem kéint ganz liicht geléist ginn, wann den CFL-Zuch tëscht Beetebuerg a Volmerange-les-Mines duerch den Tram, ewéi en jo erëm a Moud kënnt, zu Lëtzebuerg ersat géif ginn.

Ech gesinn nëmme Virdeeler mat der Léisung:

1. Den Tracé vun der Bunn ass gëeegent fir zwee Trammen an eng Vëlosspuer (bzw. Foussgängerwee).

2. Den Tram kéint regelméisseg a méi pünktlech fueren (zum Beispill all 15 Minutten). Wuelmereng (F) - Diddeleng - Beetebuerg wären nach emmer verbonnen.

3. Keng opwänneg Aarbechten (anescht wéi beim Tram fir op de Belval wärend den Ëmbauaarbechten kann op e Bus de Substitution zeréckgegraff ginn), wat jo och haut oft de Fall ass bei CFL-Aarbechten.

4. Zu de Spëtzestonne kéim et zu vill manner Réckstau, well Barrièren zou sinn.
Leit aus der Karl-Marx-Strooss, Tattebierg, der Gaffelt, Keeler-, Lëtzebuerger-, Bierenger-Strooss hätte kee Stau virun hirer Hausdier oder hirer Garagenafaart. Doduerch verniddregt sech den CO²Ausstouss vun den Autoen an d’Liewensqualitéit vun den Awunner klëmmt.

5. Diddeleng wär net méi an zwee gedeelt! Mat engem gutt iwwerduechten Haltestelleplang bréicht ee manner Busser zu Diddeleng. Den Tram kéim bei Scheléck 2, voire 3 Haltestellen (Baumarkt-Galbani an Drinkx zum Beispill) genausou wéi beim Cactus zu Beetebuerg.

Vill Leit, déi haut op den Taxi ugewise sinn, wäre méi mobil an dat Ganzt spuert Geld. Eng Win-win-Situatioun op laang Siicht.

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Ein historisches Signal für die Selbstbestimmung

Leserforum

De Verkéier am Stadkär vun Diddeleng

Leserforum

Das Klo in der Schule