Leserforum

De Kapp gewënnt Matcher

De Kapp gewënnt Matcher

Mir schwätzen am Fussball permanent iwwer Technik, Taktik, Konditioun an déi bescht Virbereedung op e Match. Mä ee Beräich gëtt nach ëmmer vill ze dacks vernoléissegt: d’Kontroll vun den Emotiounen.

Virun e puer Joer hat ech engem Veräin aus der BGL League ugebueden, mat de Spiller un dësem Thema ze schaffen. D’Ekipp hat deemools reegelméisseg giel a rout Kaarte kritt. Meng Iddi war net, de Kampfgeescht ze reduzéieren, mee de Spiller ze hëllefen, och ënner héchstem Drock e klore Kapp ze behalen an hir Energie an déi richteg Richtung ze lenken. D’Äntwert war deemools, datt dëse Problem intern géif geléist ginn.

E puer Joer méi spéit weist sech awer, datt dëst Thema nach ëmmer aktuell ass. Bei engem rezente Qualifikatiounsmatch fir d’UEFA Conference League goufen zwéi Spiller vun enger lëtzebuergescher Ekipp vum Terrain gestallt. Op dësem Niveau entscheeden heiansdo kleng Detailer iwwer Weiderkommen oder Ausscheeden. Eng rout Kaart ass schonn e schwéiere Réckschlag, zwou kënnen eng ganz Qualifikatioun kaschten.

Dëst ass awer kee Problem, deen nëmmen de lëtzebuergesche Fussball betrëfft. Och an enger Weltmeeschterschafts-Final hu mir gesinn, datt Spiller, déi hir Emotiounen net méi kontrolléiere konnten, hir Equipe geschwächt hunn. Op deem héchsten Niveau vun der Welt entscheeden net nëmmen Technik, Taktik oder kierperlech Stäerkt iwwer Victoire a Néierlag. Heiansdo ass et de Kapp, deen den Ënnerscheed mécht.

Natierlech maachen och Arbitter Feeler. Dat ass mënschlech a wäert ëmmer esou bleiwen. Mä grad an esou Momenter weist sech déi richteg Gréisst vun engem Sportler. Wien sech vu Roserei oder Frustratioun iwwerhuele léisst, hëlleft net senger Equipe, mee dem Géigner. Eng falsch Arbitterentscheedung dierf ni eng Excuse sinn, fir d’Kontroll iwwer sech selwer ze verléieren.

Esou wéi all Spiller all Dag u senger Technik, senger Konditioun an der Taktik schafft, misst hien och léieren, seng Emotiounen ënner Drock ze kontrolléieren. D’Kontroll vun den Emotiounen ass haut kee Luxus méi, mee e feste Bestanddeel vun der Professionalitéit.

De lëtzebuergesche Fussball huet an de leschte Joren eng beandrockend Entwécklung gemaach. Wa mir och international den nächste Schrëtt maache wëllen, da muss d’Training vun der Emotiounskontroll genee esou selbstverständlech ginn ewéi Technik-, Taktik- a Konditiounstraining.

De Kapp gewënnt Matcher. D’Emotioune kënnen se verléieren.

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Dankeschön für den Einsatz gegendas Inferno

Leserforum

Euthanasie