Leserforum

De Bobësch – extreem selten a schützenswäert!

De Bobësch – extreem selten a schützenswäert!

An dësen Zäite vun extreemen Hëtztwelle gëtt vill vun de Bëscher als natierlech Klimaanlag geschwat an och d’Begringung vun den Uertschafte gëtt mat Nodrock ëmmer méi breet an der Gesellschaft vis-à-vis vun der etabléierter Politik verlaangt.

Et fält dobäi op, dass bal ni a Stellungnamen dat extremste Beispill vun Ëmweltfrevel ugeschwat gëtt, wat et haut zu Lëtzebuerg gëtt: nämlech d’Zerstéierung vun 20 Hektar intakte Bësch an enger existéierender an an enger designéierter Natura-2000-Zon zu Käerjeng – fir de Bau vun enger iwwer 4 Kilometer laanger Strooss där hir Noutwendegkeet fir de lokale Verkéier och nach net bewisen ass.

Wärend enger opschlossräicher Visitt vum Bobësch zu Käerjeng-Suessem mam Biolog a Bëschexpert Roger Schauls konnte mer viru kuerzem vill gewuer ginn iwwert den enken Zesummenhang vun engem ale Bësch mat der Klimafro. An och dass besonnesch de Bobësch e ganz alen an exzeptionell wäertvollen a schützenswäerte Bësch zu Lëtzebuerg ass.

Déi geologesch Schichten, an dësem Fall déi schwéier tounesch Biedem, an d’Resistenz vu Planzen am Verbond, ewéi d’Summereech (Stieleiche, chêne pédonculé), Hobich (Hainbuche, charme), a Maasselter (Feldahorn, érable champêtre) sinn do erkläert ginn. D’Esch (Esche, frêne) a Wëllkiischt (Kirschbaum, merisier) sinn och gutt an der Bamschicht vertrueden. D’Esp (Zitterpappel, tremble), Biirk (Birke, bouleau) weisen als Pionéierholzaarten op fréier Lächer am Krounendaach hin.

An der üppeger Strauchschicht wuessen e.a. Hieselter (Haselnussstrauch, noisetier) , Wäissdar (Weißdorn, aubépine), Hardrutt (Hartriegel, cornouiller sanguin), a weider dorënner fannen sech vill verschidde Buedemkraider.

Et ass kloer datt duerch massiv Agrëffer ewéi d’Uleeë vu „Bëschstroossen“, iwwerméissegt Opmaache vun de Bamkrounen, oder de Bau vun neien Infrastrukturen ewéi e Contournement, net nëmmen dat charakteristescht Bëschklima, de Bëschrand, Bëschbuedemaktivitéit, Waasserspäicherkapazitéit an d’Waasserverdonstung asw. irreparabel Schied un dësem komplexe Liewensraum verursaachen, déi duerch keng „pseudo“ oder och nach esou „gutt verkaaften“ deier Kompensatiounsmoossnam erëm gutt ze maache sinn.

Genau esou däitlech ass dee Mueren op Kollateralschied vun engem net méi zäitgeméisse Stroossebauprojet ewéi de Contournement de Bascharage higewise ginn. Net nëmmen datt geplangt ass fir ca. 4 ha intakten, europawäit geschützten an zu Lëtzebuerg an dëser Qualitéit eenzegaartege Bësch um Altor vum Individualverkéier ze afferen, mee och zousätzlech 14 ha duerch Kaméidi an Ofgasen a Stëbs matzebelaaschten. De Verloscht duerch den „effet lisière – Folgeschied“ deen sech lues awer sécher duerch de Bëschbestand frësst, ass net ze ënnerschätzen.

Et ass och net novollzéien datt wéinst der kruzialer an decisiver Konditioun, also der geplangter Plënneraktioun vun der Firma St. Gobain an eng aner Industriezon, also duerch Fräimaache vun Industrieterrain fir de Bau vum Contournement, et elo schonns feststeet dofir zousätzlech 2 ha „identesche“ Bësch zu Suessem an der nationaler Industriezon „Hanebësch“ ,quasi als Industrieterrainkompensatioun, ze afferen. Verréckt!

Net ze vergiessen ass och déi ze héich Wëlddicht. Nieft de Follge vum mënschegemaachte Klimawandel, droen dës Zoustänn net onbedéngt dozou bäi fir e jonke Bësch iwwer Uplanzungen oder Naturverjüngung eropzezillen. Bis datt esou ee komplext Ekosystem ewéi de Bësch als Solches bezeechent gi kann, vergeet ganz ganz vill Zäit, et dauert méi laang ewéi e Mënscheliewen – op d’mannst 100 Joer !

Fir BIGS an déi zwou Naturschutzorganisatioune, déi dës Bëschvisite organiséiert haten, bleift et weiderhin net novollzéibar, datt Zerstéierung vum Bobësch, an och aner Bëscher, oder Akerland oder soss ekologesch wäertvoll Fläche, welch duerch de Bau vum Contournement betraff sinn, voll a Kaf geholl gëtt. Zanter dem Bau vun der Nordstrooss ass gewosst a beluecht, datt e „Bësch“ net ze kompenséieren ass. Mir si mëttlerweil matten an der Klimakris ukomm – et ass net méi 5 vir 12 ma 12 Auer!

Nach eng kleng Randbemierkung zur Bëschwanderung: Den Thermometer huet den 11. Juli op der Strooss um 10 Auer mueres 45 °C ugewisen – am Bësch, am Hallefschied, goufe 25° C gemooss! À méditer!

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Point de vue de Georges Schranz

Entre mythe, contrôle et réalité: Manifeste pour la dignité des sportifs