Leserforum

Dat verstinn ech nitt ... wéi ee Gesetz zum Projet de loi mutéiert oder Alternativ Wourecht

Dat verstinn ech nitt ... wéi ee Gesetz zum Projet de loi mutéiert oder Alternativ Wourecht

Foto: Editpress/Alain Rischard

Den 3. Mäerz 2026 verkënnegt d’CGFP stolz wéi een Hunn, datt de Projet de loi iwwert d’Schafung vun enger Akafszentral fir Medikamenter a medezinesch Apparater vun der Regierung weider reportéiert géif.

„Lors de ses derniers échanges avec la CGFP, le gouvernement ... a laissé entendre qu’il continuerait à reporter le projet de loi controversé sur l’ALMPS …“

Wéi geet dat dann? Dëse Projet de loi gouf den 30. Oktober 2025 mat 47 Jo-Stëmmen, siwen Neen a sechs Abstentiounen ugeholl. D’Akafszentral gëtt ënner Form vun engem „Etablissement public de droit privé“ geschaaft. Bei hiren Avis iwwert de Projet de loi vun deene verschiddenen Acteuren huet kee sech, mat Ausnam vun der CGFP, um Droit privé gesteiert. Wei ass et méiglech, datt eng Gewerkschaft wéinst engem Niewekrichsfeld een demokratesche Vote a Fro ka stellen? Wei ass et méiglech, datt eng Gewerkschaft ee Gesetz verhënnere wëll, just well si dann an dem Etablissement de droit privé ausse vir bleift?

Bis elo hunn ënner anerem Spideeler, déi entweeder Fondatiounen oder Etablissements publics de droit privé sinn, des Commandë selwer geréiert.

An der Press stoung, dass, wat Problemer bei der CNA ugeet, kee vun deenen zwielef Kandidate fir den Direktesch-Posten an alle Punkte konnt iwwerzeegen, mee: „Bewerber aus dem Ausland kamen nicht infrage, da Leitungsfunktionen in staatlichen Verwaltungen Luxemburger Staatsbürgern vorbehalten sind. Vielleicht liegt darin die Krux – ein systemischer Fehler, der Erklärung dafür sein könnte, warum ein Kulturministerium nolens volens an seinen Verwaltungschefs festhalten muss –, ob sie nun qualifiziert sind oder nicht, ob sie führungsstark sind oder nicht.“

Des Ausso ass fir de Kulturberäich richteg, mee net am Gesondheetsberäich, wéi et Beispill vum „Laboratoire national de santé“ (LNS) beweist. Den LNS ass och een Etablissement public de droit privé an d’Regierung huet 2002 dem Drock vun der CGFP net noginn.

Wat spezifesch d’Gesondheet ugeet, präziséiert den Artikel 34 vun der Verfassung: D’Sozialversécherung, de Schutz vun der Gesondheet an d’Rechter vun de Leit op der Aarbecht ginn, wat d’Prinzippien ugeet, vum Gesetz gereegelt, net méi an net manner.

Eng vun de Käraufgabe vun all Regierung ass d’Verdeedegung vun hirem Land. De 16. Mee 2002 huet d’CGFP an hirem Avis zum Gesetz, datt och EU-Bierger an eiser Arméi kënnen opgeholl ginn, dat heite geschriwwen: „En effet, le projet sous avis ouvre aux ressortissants des Etats membres de l’Union européenne l’accès à l’Armée luxembourgeoise sans pour autant modifier quoi que ce soit aux conditions actuellement en vigueur pour ce qui est de l’admission au service public. C’est principalement pour cette dernière raison que la Chambre des fonctionnaires et employés publics se voit en mesure de marquer son accord avec l’innovation proposée.“

Fir et iwwerspëtzt auszedrécken: qualifizéiert a loyal genuch, fir hiert Liewe fir Lëtzebuerg ze ginn, mee net qualifizéiert genuch, fir eng Ausschreiwung vir Aspro-Pëllen ze maachen.

Géif een dem Wonsch vun der CGFP entspriechen, géif wéi beim CNA (systeemesche Feeler) ee schlecht (sic) bezuelte Lëtzebuerger oder EU-Auslänner Direkter vun dëser Akaafszentral de Droit public ginn, ob een elo qualifizéiert ass oder net.

Ech géif der CGFP roden, net nëmmen eng reng korporatistesch Roll ze spillen, mee an hirer Strategie och den iwwergeuerdenten Interêt public mat ze beuechten.

1 Kommentare
Grober J-P. 17.03.202609:09 Uhr

„Etablissement public de droit privé“ Dann erklärt mer emol bis an den leschten Wénkel wat dat heescht! PUBLIC - PRIVE.

Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Erosion der Menschlichkeit in der Politik

Leserforum

Luxair-Fluch op Dubai: Zäit, fir och Merci ze soen