Forum von Josy Konz

Appell un all géint Loun a Gehalt schaffend Leit!

Léif Matbierger a Matbiergerinnen, déi virlescht Woch war den 1. Mee. Fir déi meeschte Leit, déi géint Loun a Gehalt all Dag op hir Schaff musse goen, fir mam Géigewäert vun hirer Aarbecht hire Familljen een dezent Liewen z’erméiglechen an hire Kanner eng „besser“ Zukunft virzebereeden, war et ee bezuelte fräien Aarbechtsdag: de Feierdag vun der Aarbecht!

Léif Matbierger a Matbiergerinnen, déi virlescht Woch war den 1. Mee. Fir déi meeschte Leit, déi géint Loun a Gehalt all Dag op hir Schaff musse goen, fir mam Géigewäert vun hirer Aarbecht hire Familljen een dezent Liewen z’erméiglechen an hire Kanner eng „besser“ Zukunft virzebereeden, war et ee bezuelte fräien Aarbechtsdag: de Feierdag vun der Aarbecht!

 

  Foto: Editpress/Julien Garroy

Esou ewéi an der Vergaangenheet hunn déi Wéinegst vun hinnen sech d’Fro gestallt, wéisou déi schaffend Leit hei am Land den 1. Mee Urecht op ee vum Patron bezuelte Feierdag hunn. Genau esou wéineg hunn si sech d’Fro no den Originnen an der historescher Bedeitung vun dësem Dag gestallt.

Dee bezuelte Feierdag kruten déi schaffend Leit net vun enger Regierung, a schonns guer net vum Patron geschenkt. Neen, et ass eng sozial Errungenschaft vun där deemools brutal ausgebeuter an total veraarmter Aarbechterklass an Nordamerika.

Am Joer 1884 (also virun 140 Joer) hunn e puer dausend Fabriksaarbechter, déi um Enn vun hirem Rouleau waren, sech zesummefonnt a si spontan „auf Biegen und Brechen“ an a voller Solidaritéit een zu deem aneren op d’Strooss gaangen, fir an aller Ëffentlechkeet ze manifestéieren, datt 12 Stonnen Aarbecht den Dag, an dat all Dag, onmënschlech wieren a vun hinnen net méi higeholl géife ginn!

„8 Stonnen den Dag an nëmme 6 Deeg an der Woch ginn déck duer!“

Dës Fuerderung ass och op Europa eriwwergeschwappt an 1889 op hirem Kongress zu Paräis huet déi „Sozialistesch Internationale“ si iwwerholl. Vun do u gouf dës Grondfuerderung zum Kärstéck vun de Gewerkschaften, déi lues a lues an deenen nach jonken industrialiséierte Länner vun den Aarbechter gegrënnt goufen.

Joer an a Joer aus hunn si all op den 1. Mee dës Fuerderung an der Ëffentlechkeet un d’Politik an d’Patronat gestallt, bis hir Fuerderung erfëllt gouf.

Ech wëll hei kengem ee Virworf maachen, deen dat net weess. Mee sech d‘Fro nom déiwere Sënn vum 1. Mee ze stellen, wär sécherlech deen Dag fir all Leit, déi all Dag géint Loun a Gehalt schaffe ginn, eng Iwwerleeung wäert gewiescht!

Déi zweet Fro fir „Si“ oder fir „Hien“ wär da gewiescht, firwat ginn ech net eemol am Joer op eng vun deene wichtegste Manifestatioune vu menger Gewerkschaft, wëssend, datt meng Gewerkschaft mech brauch? Hir Aktioune beroue bekanntlech op der Solidaritéit vun de schaffende Leit. Wat méi Leit un hiren Aktiounen deelhuelen, wat hiren Erfolleg méi probabel ass!

Ech si 87 Joer al a leiden un de Follge vun enger béiser Réckenoperatioun. An trotzdeem sinn ech ewéi all Joer, mat mengem Lucie, mam Zuch vu Kautebaach an de Gronn-Neimënster zur 1.-Mee-Manif an dem Fest vun der Aarbecht & de Kulture vum OGBL gefuer.

Et war mir wichteg, dem Nora Back, der Presidentin vum OGBL, mat sengen 80.000 Memberen, hir 1.-Mee-Ried unzehéieren. D’Qualitéit an hiert kämpferescht Engagement hu mech begeeschtert. Och huet si a mir ganz vill Erënnerungen aus menger Zäit ervirgeruff!

Aus Erfarung weess ech, wéi vill Aarbecht, Kraaft an Nerven do investéiert goufen. Dat ass keen Akt, fir säin Ego ze befriddegen. Neen, datt ass ee maximal idealisteschen Asaz, fir deene géint Loun a Gehalt Schaffenden hir Fuerderungen un de Mann ze bréngen.

Zënter 1963 sinn ech derbäi an hunn ni meng Gewerkschaft, de Landsverband vun den Eisebunner, Transportaarbechter a Beamten, am Stach gelooss. Fir d’1.-Mee-Manifestatioune vun eiser fréierer Daachorganisatioun, der CGT, war mir ni ee Wee ze wäit an ni eng Stonn ze fréi.

(D’CGT war zënter 1919 d’Daachorganisatioun vun den „Fréie“ Gewerkschaften hei am Land, zu deenen den LAV, de Landesverband, d‘FLTL an d‘FGIL gehéiert hunn. Virun e puer Joer gouf d‘CGT vum OGBL, dem Onofhängege Gewerkschaftsbond, ofgeléist an zënter dem 31. Januar 2024 ass den FNCTTFEL-Landesverband Vollmember vum OGBL.)

13 Mol hat ech déi grouss Éier, fir op enger 1.-Mee-Manif vun der CGT d’Begréissungsusprooch ze halen a mengem grousse President, dem John Castegnaro, den Einstieg a seng 1.-Mee-Ried virzebereeden. Bei enger 1.-Mee-Manif gëllt et, an aller Ëffentlechkeet d’Solidaritéit ënnert de Memberen an d’Geschlossenheet hannert der Gewerkschaftsleedung ëmmer erëm ënner Beweis ze stellen.

De Josy Konz ass Éierepresident vum FNCTTFEL-Landesverband a laangjärege Generalsekretär vun der CGT

De Josy Konz ass Éierepresident vum FNCTTFEL-Landesverband a laangjärege Generalsekretär vun der CGT Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

Op en Neits huet et mech vill traureg gemaacht, datt net méi Militanten/innen un der dësjäreger 1.-Mee-Demo vum OGBL deelgeholl hunn.

Deem leschte Salarié misst et an der Zwëschenzäit kloer gi sinn, firwat déi zwou grouss Gewerkschaften OGBL an LCGB an enger gemeinsamer Gewerkschaftsfront esou massiv an d’Attack géint eis jëtzeg schwaarz-blo Regierung, ënnert hirem Premier Luc Frieden, gaange sinn a weiderhi ginn.

Als Vertrieder vun de schaffende Leit kann et deenen zwou gréisste Gewerkschaften hei am Land net egal sinn, ob eis Regierung eng progressiv arbeitnehmerfrëndlech oder eng reaktionär arbeitnehmerfeindlech Politik bedreift!

Duerfir muss déi grouss national Demo an der Stad, zu där déi zwou Gewerkschaften den 28. Juni opruffen, ee vollen Erfolleg ginn. Kee Salarié dierft dobäi feelen, well et op jiddwereen Eenzelnen ukënnt, wéi eis Sozialpolitik an der Zukunft ausgeriicht gëtt!

„Wehret den Anfängen“ muss eis aller Uleies sinn!

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Forum von Ursula von der Leyen

Darum sind engere Beziehungen zwischen der EU und Australien wichtig