Leserforum
Äntwert ob den Artikel „Für eine saubere Ortschaft Wiltz“
Moien Här Pol Sassel,
ech muss Iech e grousse Merci soe fir den Artikel, deen Dir an d’Tageblatt gesat hutt.
Ech hu scho gemengt, ech wier deen eenzegen, deem den Dreck dobaussen opfält.
Ech muss ower d’Stad Wolz a Schutz huelen, well déi net dofir kënnen, datt deen Dreck an de Stroosse läit. Nee, et ass un deemjéinegen, en Appell ze maachen, deen säin Offall net an eng Drecksback kritt. H. Sassel, ech sinn iwwerzeegt, wann Der elo bei esou een Heem gitt, datt der do keen Zigarettestëmpchen an senger Stuff fannt. En anert Beispill: Ech sënn e Mënsch, deen och vu Wëllkräider lieft. Sou gëtt et e Wee op der Streck Kautebaach-Wolz, deen erop op Mierkels féiert. Do ginn ech da mäi Bärlauch plécken.
Deslescht koum ech dohin an do huet dann een säin Auto an de Bärlauch mussen entmüllen. Hunn et dann bei mir an d’Dreckskëscht gehäit. Eng aner Persoun geet dann do mat Plastikshännchen hire Bärlauch plécken a léist duerno d’Hännchen am Bësch leien.
H. Sassel, d’Streck Rulljen op de Schumann, kennt Der bestëmmt. Do kann een dann all Hierscht Fräiwëlleger gesinn, déi aner Leit hiren Offall, deen se aus dem Auto geheien, oprafen. Leit, déi dat fäerdegbréngen, misste selwer zwee Méint bei all Wieder den Dreck laanscht d’Stroossen oprafen, se géingen da villäicht iwwerleeën, ob se eppes aus dem Auto geheien. Dir Fëmmerten, wësst Dir, datt ären Zigarettestëmpchen 30 Joer an der Natur läit, ier déi dat verschafft huet? Nee, se kee Gréngen, ech respektéiere jidderengem säint esou wéi déi schéin Natur hei ronderëm de Sauerdall, dee mer gratis zur Verfügung steet! Den H. Sassel an ech géingen eis freeën, wann do e bësse Respekt géing erëmkommen an eis Ëmgéigend esou méi propper géif bleiwen. Oder ass dat e fromme Wonsch?
Mat léiwe Gréiss