Rezensioun
Den Éischte Weltkrich an der lëtzebuergescher Lokalgeschicht
Den Éischte Weltkrich gouf laang Zäit an der lëtzebuergescher Geschichtsschreiwung vernoléissegt. Mam Centenaire vum Krichsausbroch ass awer och hei am Land den Interessi gewuess. Eng ganz Rei Bicher sinn an deene leschte Joren zu Lëtzebuerg publizéiert ginn – dorënner och lokalgeschichtlech Etüden. Dräi rezent Publikatioune werfe Liicht op d’Effekter vum Grousse Krich an dräi lëtzebuergesche Stied.
Däitsch Truppen am Joer 1918 um Fëschmaart Foto: Photothèque VDL/Marcel Schroeder
Ganz op Diddeleng fokusséiert sech den zéngte Band vun der Serie „Mutation“, déi vun der „Fondation Bassin minier“ publizéiert gëtt. Dobäi ass déi geografesch an zäitlech Agrenzung net sou strikt anzehalen. D’Buch weit de Bléck geleeëntlech op déi gesamt Minettregioun aus a wot souguer de Sprong iwwert d’Grenz, fir eng transnational Geschicht vum Éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg ze schreiwen. D’Schicksal vun Diddelenger Awunner, déi wéinst hirer Nationalitéit a Frankräich zwangsinhaftéiert goufen oder trotz hirer Nationalitéit fräiwëlleg fir Frankräich an de Krich gezu sinn, gi genausou beliicht ewéi d’Schicksal vun auslännesche Krichsverletzter, déi zu Diddeleng an de Lazarette soignéiert oder um Kierfecht bäigeluecht goufen. Eng Panoplie un Theme ginn an dëser mikrohistorescher Etüd behandelt – dat geet vu Konscht a Literatur iwwert Demografie a Migratioun bis hin zur Industrie- a Sozialgeschicht. Dobäi geléngt et de Chercheuren, déi sech un dëser Publikatioun bedeelegt hunn, ee koherent Gesamtwierk ze schafen, an deem all Bäitrag vun héichwäerteger Qualitéit ass an nei Erkenntnisser liwwert.