Geléinte Wierder (2)

De Wee vum Wuert

De Wee vum Wuert

Logo: Editpress

D’lescht Kéier hu mer festgestallt, datt déi eelst Sprooch, déi eis bekannt ass, d’Sumeerescht, scho geléinte Wierder huet. Dat ass och iergendwéi normal, well et heescht jo net, datt, nëmme well dës Sprooch als éischt opgeschriwwe ginn ass, et och déi alleréischt Sprooch insgesamt war. Sproochhistoresch gesinn ass et souguer onméiglech, mee dat ass hei lo net sou wichteg.

Ëmmer e geléintent Wuert

Wichteg ass, datt et schonn ëmmer geléinte Wierder goufen an datt dës oft immens interessant Weeër hannert sech hunn, vun enger Sprooch an eng aner, an nach eng aner a sou weider. Am sproochwëssenschaftleche Jargon ënnerscheet een hei dräi verschidden Etappen. Et huet een als éischt d’Sprooch vun der Originn, also wou e Wuert hierkënnt. Da gëtt et déi Sprooch, déi d’Wuert unhëlt, also de récepteur. Als drëtt Ënnerscheedung gëtt et dann awer nach déi Sprooch, déi de Moyen ass, duerch deen e Wuert verbreet gëtt. D’Originn an de Moyen kënnen datselwecht sinn, wéi mir et zum Beispill oft fir franséisch an däitsch Wierder am Lëtzebuergeschen hunn, mee dat muss awer net ëmmer de Fall sinn.

De Sorbet aus dem Orient

Wann een d’Wuert Sorbet mol eng Kéier hëlt, also de séissen a kalen Dessert, da kéint ee sech jo denken, dat kléngt genee wéi am Franséischen – sorbet – an et heescht och genee datselwecht. Da géing et jo bal och Sënn maachen, datt d’Wuert aus dem Franséische kënnt. Et ass sou, datt vill kulinaresch Begrëffer tatsächlech aus dem Franséische kommen a sech mam Opkomme vun der haute cuisine française och déi Wierder, déi eppes domadden ze dinn hunn, mat ausgebreet hunn.

Dat ass zum Deel och hei de Fall, mee d’Franséischt ass hei just déi Instanz, déi d’Wuert breet vermëttelt huet. Ursprénglech kënnt d’Wuert aus dem Arabeschen, wou et d’Wuert sharab gëtt, dat Gedrénks heescht. Dëst ass dann iwwert d’Türkescht – mat der Bedeitung séisst a kaalt Gedrénks – an d’Italieenescht komm a vun do aus an d’Franséischt. D’Wuert huet also e laange Wee hannert sech.

Gutt gesalzt

Anescht ass et awer bei eisem Wuert Zooss, dat, genee wéi och d’Zalot, aus dem Franséische kënnt a vun do aus just aus dem Laténgesche geierft ass. An deenen zwee Wierder stécht dat laténgescht sal, also Salz. Gemengt ass hei, datt souwuel d’Zooss wéi och d’Zalot mat Salz oder anere Gewierzer versat sinn, fir datt se vill Goût hunn.

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Grevenmacher

94. Maacher Wäimoart: Neuer Jahrgang, alte Tradition