LeserforumRennpist zu Recken/Miersch, oder: wéi schéin et ass, um Land ze wunnen

Leserforum / Rennpist zu Recken/Miersch, oder: wéi schéin et ass, um Land ze wunnen
 Foto: dpa/Robert Michael

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Ech wunnen zënter 60 Joer zu Recken/Miersch an dat och gären, dovunner der 17 an der rue de Septfontaines. Recken, ee beschaulecht Baurenduerf, wou, an dat as nun emol de Laf vun der Zäit, et mat de Joeren ëmmer manner beschaulech ginn ass. Eis Strooss féiert an d‘Vallée des 7 Châteaux. Net zu Onrecht huet eisen Ex-Ausseminister an Hobby-Cyclist Jean Asselborn si als „eng vun deene schéinste Velosstroossen vun Europa“ betitelt, an hie misst et jo wëssen. Mee dës Stross ass an de leschte Joeren zu enger regelrechter Rennpist mutéiert. Hei, wou all Dag zeg Cyclisten hirem Sport noginn, sinn elo Hobby-Rennfuerer Här a Meeschter. All Samsdeg, Sonndeg oder d’Feierdeeg, soubal schéint Wieder ass, passéiere vill Sportmaschinne mat héijer Vitesse a mat vill Kaméidi a Gestank. 50 km/h sinn erlaabt.

Net méi spéit wéi de leschte Samsdeg war et nees sou wäit. Géint 10 Auer hu Lamborghinien a Ferrarie mat hire schrille Motoren ab Mëtt vun der Strooss opgedréit a si voll Karacho aus dem Duerf Richtung Mariendall geblosen. Et kënnt och vir, datt Jonker a manner Jonker hei Coursë géint de Chrono machen – 125 km/h huet de „Smiley“ am Agank vum Duerf ugewisen. Et geet awer och anescht. Kolonne vun Old- a Youngtimeren, Vespaen, Harleyen … passéiere mat normaler Vitesse a genéissen déi schéi Landschaft duerch d’Vallée des 7 Châteaux, dat stéiert keen.

An eiser schnouerriichter Strooss huet de Verkéier déi lescht Jore wesentlech zougeholl, besonnesch zënter datt d’Autobunn Richtung Kierchbierg opgaang ass. D’Awunner aus der rue de Septfontaines beschwéieren sech schon zënter laange Joren bei deene verschiddenen Instanzen. D’Mierscher Gemeng zitt sech aus der Affär, well et eng Staatsstrooss, den CR105, ass. „Ponts et chaussées“ huet viru laange Joren e puer Rubbelstrécher op d’Strooss gemoolt an e Schëld opgestallt, dat déi gefuere Vitesse ugëtt. Zënter Oktober 2023 funktionéiert et net méi! Eng Stroosseverengung, déi keng ass, mecht d’Fuerbunn, besonnesch fir Cyclisten, nach méi geféierlech. 2020 gouf wärend zwou Wochen e Radar opgestallt fir d’Intensitéit vum Verkéier an d’Vitesse ze moossen. An engem schéine faarwege Rapport goufen an deem Zäitraum 14.000 Passage festgehal mat Vitesse bis zu 105 km/h. Mee iwwert d’Resultater vun deem Rapport ass ni diskutéiert ginn, en ass ni ausgewäert ginn, weeder vun der Gemeng nach vu „Ponts et chaussées“. D’Police vu Miersch, mat Sëtz zu Gréivemaacher, mécht keng Kontrollen. Virun zwou Wochen hunn ech selwer der Police op hirer App eng Mail gemaach mat enger Copie vun deem Rapport. Ausser der Äntwert, datt meng Mail un de Büro vu Miersch weidergeleet géif, ass alt erëm näischt geschitt.

E puer Deeg duerno war de Speed Marathon, sécher wär dat eng gutt Gelegenheet gewiecht fir Kontrollen. An Zäite vu Personalmangel bei der Police kënnt een eventuell einfach e mobile Radar installéieren, et géif bestëmmt dacks blëtzen. Wann een um Trottoir laanscht d’Haus schafft, muss een e giele Gilet undoen an e Warndräieck dohinner stellen, fir net vum RGTR-Bus oder anere schwéiere Gefierer matgeholl ze ginn. Och Kanner, déi um Schoulwee sinn, Leit mat Poussetten oder mam Rollstull liewe geféierlech um Trottoir.

Firwat ass et méiglech, an der Entree vu verschiddenen Uertschaften, z.B. zu Gëtzen, um CR104, e Ralentisseur ze installéieren, d’Strooss op eng einfach Art a Weis méi enk ze maachen, esouguer e Schëld „30“ opzestellen? Och do fuere Camionen a landschaftlech Gefierer. Viru bal all Uertschaft a Frankräich oder Holland gëtt de Verkéier duerch Stroosseverengungen, Rond-Pointen oder Ralentisseuren ofgebremst. Dat ass efficace an dréit wesentlech zur Sécherheet an zur Wunnqualitéit vun den Awunner bäi. E Beispill och fir eis Staats- a Gemengeverantwortlech? Dee Probleem bezitt sech net eleng op eis Strooss, mee op vill Entreeë vun Uertschaften uechter d’Land. Um Internetsite vun der Mierscher Gemeng stung ënnert „Report it“ folgend Feststellung vun engem Awunner: „La route d’Ettelbruck (à Moesdorf) direction Cruchten devient une autoroute. Cela est dangereux pour les habitants. Les gens accélèrent bien avant la sortie du village et atteignent des vitesses démesurées vers les dernières maisons.“

JJ
5. Mai 2024 - 9.14

Am Frankräich fuert dir duerch keen Duerf mat méi wéi 30Km/H soss gitt dir mam Kapp duerch de Plaffong.