ForumMännlech, weiblech, reeboufaarweg a geschlechtsneutral Wierder

Forum / Männlech, weiblech, reeboufaarweg a geschlechtsneutral Wierder
 Foto: dpa/Bodo Schackow

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Den Ament liesen an héieren ech sou munches zu geschlechtsneutraler, rassistescher, komplizéierter oder och einfacher Sprooch. Do derhannert steet awer méi wéi Ausdréck an Endungen; do derhannert sti mir als Mënschen an eiser Kultur mat eiser Geschicht. Mir hunn déi Sprooch, wéi se war, a mir wäerten déi Sprooch kréien, déi mir verdéngen, well mir si jo déi, déi se elo formen.

Ech kommen aus enger Generatioun, wou nach zu engem Meedche konnt gesot ginn: „Et huet kee Wäert, datt s du laang an d’Schoul gees; dat sinn ewechgehäite Suen; du gëss herno souwisou bestuet.“ An zur Erënnerung, wou mer haut nach stinn: Bei enger kierchlecher Hochzäit ass et Usus, datt de Papp säi Meedchen bei de Bräitchemann bréngt. E Passage vu Mann zu Mann. Mir kommen einfach aus enger Zäit, wou jorhonnertelaang de Mann d’Soen hat. Ee Gefäll vun uewen no ënnen. Nach haut gesinn ech munch Fra
mam Bléck d’Erlaabnis oder den Accord vun engem Mann sichen, ier si sech eppes traut.

D’Sprooch huet sech deementsprechend mat entwéckelt. Sou schéngen eis haut männlech Wierder an Endungen normal, och dann, wann et ëm Frae geet. Mir maachen eis net onbedéngt déi Gedanken. Eng Rei Etüden weise kloer, wéi et z.B. och normal a souguer gläich fir eis ausgesäit, wann an enger Schoulklass méi Jonge wéi Meedercher schwätze gelooss ginn. Eis Kanner wuessen sou op an entwéckelen, genee wéi mir, Denkmusteren, déi hinne spéider net onbedingt bewosst sinn.

Kleng Meedercher, sou wéi ech deemools, sichen da verzweifelt no Virbiller an der Geschicht, wou et da wichteg oder dichteg Frae gouf. Wou gëtt et eng berüümte Kächen an der Geschicht? Bekannten Erfinderinnen? Fraen, déi op sech gelauschtert hunn an hire Wee goungen? Och haut ass dat nach net einfach, sinn dach laang Zäit z.B. vill wonnerbar Konschtwierker vu Fraen (cf. Artemisia Gentileschi) onbekannt an de Kellere vu Muséeën dohi gedëmpelt. Fraen an hir „Leeschtungen“ waren net sichtbar, jo, si sinn net an d’Geschicht agaang a sou onsichtbar gemaach ginn. Méi nach, de Fraen hir Aart a Weis, ze sinn a sech ze produzéieren, hiert Kënnen an hiren Apport an d’Gesellschaft, gouf als „emotional“ oder souguer „hysteeresch“ betitelt. Dat ass allerdéngs och haut nach sichtbar, Beispill Freud. 

Wéi zu beschten Hexenzäiten

Wierder wéi „Objektivitéit“ koumen an d’Moud an och nach „Ideal“. Ni gutt genuch, ni genuch, net richteg an net wichteg, onscheinbar sinn a fir de Mann an seng Kanner schaffen, de Kapp gebéckt. Keng Wierder an Ziler, déi mir als Virbild gefall hunn. Glécklecherweis fir mech koum ech bei eng wierklech dichteg Léierin (déi sech deemools nach net huet däerfe bestueden).

Ech sinn opgewuess zu där Zäit, wou d’Twiggy a Co. an de Butteksfënstere stoungen, eng Zäit, an där et sou ausgesinn huet, wéi wann déi weiblech Attributer ganz aus dem Bléck verschwanne missten, nivelléiert an ausradéiert fir an eng nei „geschlechtslos“ Zäit. D’Frasinn war nach ëmmer ofgespléckt vun hirem sexuellen Aspekt, dee weiderhin verdeiwelt gouf, wéi zu beschten Hexenzäiten. Feministinnen hu gekämpft fir d’Rechter vun de Fraen a goufe bekämpft als z.B. „Mannweiber“. Ëmmer erëm beleidegend Wierder! Och a souguer déi weiblech Wäerter ware wäit ewech vun Unerkennung. De Fraen hir Schöpferkraaft, d’Liewe schenken, hiert Suerge fir anerer, Verbindunge knäppen an d’Famill beieneenhalen – alles Qualitéiten, déi mer hautdesdaags méi wéi jee bluttnéideg brauchen – dat huet nach ëmmer kenger Fra eng wäertvoll Plaz an der Kultur oder an de Geschichtsbicher abruecht. All dat war an ass selbstverständlech an net schwätzeswäert. Wärenddeems huet eng Atombomm mam Numm „Little Boy“ d’Liewe vun zigdausende Leit ausgeläscht oder ruinéiert a kann dowéinster sécher net an de Vergiess geroden. Wat fir eng Gebuert!

Mat dem Net-Schätzen an der Zerstéierung vum weibleche Kierper goung d’Zerstéiere vun
der Natur Hand an Hand. Och d’Sprooch goung mat. Sou Wierder wéi „Ëmwelt“ koumen an Ëmlaf. Et war net méi eis Welt, eis Natur, eise Liewensraum; neen, et goung ëm „d’Ëmwelt“. Ee Wuert, dat vill méi déi Distanz zur Natur ausdréckt, jo dat souguer insinuéiert, et géif ee Rondrëm déi eigentlech Welt-Natur ginn, woubäi mir dat net (méi) bräichten. Grad, wéi wa mir d’Natur iwwerwonn hätten! Wierder, déi verfriemen. Méi spéit an der Zäit, am Irak-Krich, koum z.B. dat Wuert „Kollateralschued“ derbäi, fir auszedrécken, wann niewebäi ongeplangt an awer an engems Liewen ausgeläscht ginn. Wierder, déi d’Gefill ewechhuelen vun deem Schrecklechen, dat do passéiert. Wierder, déi verharmlosen, normaliséieren, rationaliséieren.

Onglécklech an enger Welt vun Onglécklechen

Heiansdo hunn ech mech gefrot, ob et wierklech drëms goung a geet, denaturéiert ze ginn, fräi vum Kierper, fräi vun Emotiounen, fräi vum Spieren? Zu enger Aart Maschinn ze verkommen? Woufir wär dat gutt? Weem géif dat hëllefen? Weem géif et déngen? Fraen, déi sech kierperlech oder/a mental reduzéiere loossen op iergend een aneren Niveau, verpassen hiert Liewen, verzichten op hir Natur, verzichten op dat, wat si spieren, fillen an denken, verzichten op hir Fräiheet a Souveränitéit.

Wa mir Mënschen eis op iergend eng Aart a Weis erofstufe loossen vun deem, wéi mir geduecht sinn, ze sinn an eis weider z’entwéckelen, da kënne mir nëmmen onglécklech ginn an enger Welt vun Onglécklechen. Wa mir Normen noäiferen, wou nëmmen eng Zort Mënsche richteg sinn, siefe se wäiss, brong, giel oder gréng, männlech, weiblech, béides, transsexuell, asexuell oder aneschter, da liewe mir als Gesellschaft eise Räichtum net; da profitéiere mir net vun deem villen, wat mir zum Notzen vun eis, vun eiser Welt a vun all hire Liewewiesen kënne bréngen. Da fale mir zréck an eng Logik, déi scho mol do war …

Dofir muss et natierlech eng Plaz ginn fir eis alleguerten. Einfach ass dat sécher net, awer ech mengen, reizvoll, spannend a wierklech mënschlech, mir mat all eise Qualitéiten. Meng Erfarung aus der Spillschoul ass, datt déi allermeescht kleng Jongen, Meedercher an intersexuell Kanner nach mat intaktem Spieren an Denken dohinner kommen, sensibel an authentesch, fräi a frou, voll Guttwëllegkeet. Dat ass an eis all dran, onofhängeg vun all sexueller Couleur an Hautfaarf. Mir gesi jo bei eise Kanner a Kandskanner, datt sou munches hinnen net gesot gouf; si bréngen et mat op d’Welt, kleng a grouss Eegenheeten, Virléiften, Tendenzen an hir ganz eege Kreativitéit.

Wéi wär et, wa mir all dat als Räichtum gesinn? Sou liewe kënnen, wéi mir et spieren an denken, männlech, weiblech, béides oder dertëschent, individuell am Kollektiv, zesummen. Zouloossen, datt mir verschidde sinn. Mat all eisen Attributer a Geschlechter. All mënschlech Reeboufaarwen sinn erlaabt a souguer gewollt. Fraen, déi voller Stolz op hir Weiblechkeet kënne sinn, hiert Empfannen, hir Iddien an och op hir Generositéit. Männer, déi voller Stolz op hire Gemeinschaftssënn kënne sinn, hir Ganzheet an och op hir Hëllef un d’Gemeinschaft an un d’Natur, ouni déi eis Welt ganz sécher d’Baach ageet. Mammen, déi Liewe schenken, déi nieren a sech këmmeren. Pappen, déi fir anerer suergen, déi zu hire Gefiller an zu hire Kanner stinn, déi fir anerer do sinn. Sichtbar fir all anerer an net nëmmen toleréiert, gewollt verschidden. Egal vu wéi engem Geschlecht a vu wéi enger Hautfaarf! Da kënne mir eis selwer sinn a genee dat an eis Mëtt bréngen, wat mir sinn a
ginn, fräi vun alle Rollen-Zouschreiwungen.

Vilfalt als Räichtum

Näischt géint en Tulpefeld; et ass ganz einfach richteg schéin. Ma wee scho mol eng wëll Blummewiss an de Bierger gesinn a geroch a mat alle Sënner ageholl huet, muss sech  bewosst ginn, wéi déi Vilfalt u Blummen deem Ganzen seng wonnerschéin an onvergiesslech Pracht an Eenzegaartegkeet schenkt. Souvill Zorten, souvill Geréch a souvill Liewen an der Bléi! An eng Blumm steet gläichberechtegt nieft där anerer a breet wéi selbstverständlech hire ganz eegenen Doft an hir ganz eege Schéinheet aus, matzendran an all deem allerhand, mateneen.

Mir brauchen eis Vilfalt als Räichtum. Eis Vilfalt sichtbar maachen, dorëms geet et. Och
an eiser Sprooch. Da kënne lues a lues déi Wierder entstoen, déi mir brauchen, an déi eis elo plazeweis nach feelen. Kanner kënne méi Mammen a Pappen hunn, och wa juristesch dat eent oder anert Gemeinschaftswuert fir si muss fonnt ginn, dat nach net sou richteg passt. Mammemëllech kann esou genannt ginn, well soss kee Mënsch der huet. Mammen, déi nieren, kënnen op Biller an d’Schoulbicher kommen, genee wéi och Pappe geknipst an ofgemoolt ginn, déi hire Mann an Och-Papp këssen. Beienee stinn, wéi selbstverständlech, sichtbar, mat verschiddene Méiglechkeeten, Meenungen, Erfarungen an Tendenzen. Andeems mir net manner weisen, mee méi!

A mateneen fanne mir da Léisungen, wéi mir aus dëser Welt erëm e bloen, friddlechen a liewenswäerte Planéit maachen, wou all Liewewiesen an a mat der Natur nohalteg seng Plaz fanne kann. Dat ass eise Probleem, an dofir brauch et eis all.

Mac
5. August 2021 - 8.38

Man & Fra......de rescht ass fir mech kranke schwachsinn....basta.

D’Romantiséierung vun der Bioessentialitéit
4. August 2021 - 15.40

Iergendswei gëtt hei den “Fraekierper” an d’Geschlecht fra zu eppes essentialiséiert wat en net ass. Transfraen kënnen Mammemëllech gin och wann se keen Kand ausdroen kënnen an Trans Männer kënnen Kanner gebären an hun oft keng Broscht fir Mëllech wier en konkret Beispill, déi aner sin méi subtil verstoppt. Wien well dann dohin zeréck an firwat dem am Text “kritiséierten Eck” mat Pseudo Biologie quasi zoustëmmen, wann mer eigentlech kennen rapport zu emgesaatener Biologie vum Mënsch maachen?

décke lärry
4. August 2021 - 9.20

En Text dee mech (als Mann vu 60 joer) déif am Herz an an der Séil beréiert. Merci dofir. Et kéint alles esou einfach sin a mir hätten alles an der Hand, fir dass eist Liëwen a géigesäitegem Respekt weider richteg liëwenswert kéint si/bleiwen. Fir mech geet no esou engem Text Sonn ob a blëtzt a glënnert an alle Reeboufaarwen, ech wëll mech och einfach net mam Gedanken offannen, dass d'Welt an deem aale Muster weiderleeft a keng Ännerung méiglech ass.

Jimbo
4. August 2021 - 8.05

Scheinbar geet et eiser Gesellschaft ze gutt, sos geif kee sou e Schwachsinn dobäi rauskommen…

Wieder Mann
3. August 2021 - 12.00

Schéin an flott formuléiert, awer dat humanistesch Denken bleibt eng Utopie . Fakt ass mir esou weider ons kulturell Werter an Geschichte mat Féiss trieden ,mengen mat enger Vielfalt géngen mir eng friedlech Gesellschaft gin , ass um Holzwee . Ech gehéieren zou der 68 Generatioun , an schummen mech haut, fir déi Ideen mir op der Stroos gejaut, angetrueden sin, den Wee frai gemeet, fir den Kuddelmuddel deen haut an onseren Gesellschaften sech breed gemeet. Haut sin ech mir bewosst, mat onsem 68 Gejaitz mir d’Klacken gelaut hun onser kultureller Idenditéit d’Graaf ze gruewen , domat och all dat ons Grousselteren, Urgrousselteren erschafft , geliewt hun an Froo ze stellen , se ze veroden an domm dohin ze stellen. Et brauch een haut nemmen op d’Strooss eraus ze goen, Kanner an Crèchen geparkt, d’Menschen mat der Nues um Handy duerech d’ Welt laafen, d’kathoulesch Relioun zwar ofgeschaaft , déi aner Relioun vum Konsuméieren, Spaass hun bis zum Digitalen als Herrgott erhuewen gin ass, an nemmen dowéinst geliewt,geschafft get, d’Gewalt ,d’Moral ernimmen ech weider net se ass akzeptéierten Deel vun der Strooss gin.

Realist
3. August 2021 - 11.48

Schwéier eräus ze fannen, op wat dësen Text eigentlech eräus wëll. Ëmmer wann ech Fuerderungen no enger neier "méi gerechter" Sprooch héiren, recommandéiren ech jiddefalls d'Lecture vun zwee Wierker: 1984 (George Orwell) an LTI (Victor Klemperer). Dovun ofgesinn: Wien beim Äusformuléiren vu jidder Saaz a vu jidder Wuert fir d'éischt nach op d'Vilfalt an d'Befindlechkeet vun der ganzer Welt Rücksicht huele muss, dee seet geschwënn iwwerhaapt näischt méi. An all (!) Liewewiesen seng "nohalteg Plaz" an der Natur zouzeweisen ass nu sécher net d'Aufgab vum Mënsch. Dat kënnen déi Liewewiesen alleguer ganz alleng. Genee wéi d'Äerd och elo schonns e bloen a liewenswäerte Planéit ass, egal wat mer Mënsche maachen oder wéi mer schwätzen.