StandpunktKeng Lëtzebuerger Zaldoten an de Mozambique!

Standpunkt / Keng Lëtzebuerger Zaldoten an de Mozambique!
Polizisten aus dem Ruanda patrouilléieren an der Géigend vum Hotel Amarula Palma an der Provënz Cabo Delgado. Ruandesch Truppen hunn de mosambikesche schnell zu Victoirë géint islamisch Extremiste verhollef, déi a Cabo Delgado an Ëmgéigend zu enger humanitärer Noutlag gefouert hunn. Foto: dpa/AP/Marc Hoogsteyns

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

An e puer Deeg kënnegt de Minister François Bausch offiziell un, datt sech d’Lëtzebuerger Arméi un engem EU-Militärasaz am Mozambique bedeelegt.

„Fir d’éischt emol muss ee wëssen, datt d’Situatioun am Mozambique – natierlech wéi iwwerhaapt an der ganzer Sahelzon – eng ganz komplex ass“, sot den Arméiminister François Bausch am Juni 2021 an der Chamber, nodeems d’Nathalie Oberweis vun „déi Lénk“ hie wéinst der Militärmissioun interpelléiert hat. De Mozambique läit zwar ongeféier esou wäit ewech vum Sahel wéi de Grand-Duché, mä de Rescht vun der Ausso kann een esou stoe loossen: d’Situatioun ass tatsächlech immens komplex. A genee dowéinst sollt een och d’Fangeren dovunner loossen.

Aarmut an Äerdgas

D’Provënz Cabo Delgado, ëm déi et méi konkret geet, läit am Norde vum Land un der Grenz mam Tansania. De Mozambique ass eent vun den äermste Länner op der Welt an de Cabo Delgado ass mat Ofstand déi äermste Regioun am Mozambique. D’Liewenserwaardung läit bei 48 Joer, iwwer 80% vun der Bevëlkerung liewe vun der Subsistenzwirtschaft an den Alphabetiséierungstaux läit bei manner wéi 50%. Am Géigesaz zum rechtleche Land ass an dëser Provënz déi muslimesch Relioun dominant, wat nieft der enormer Distanz zur Haaptstad Maputo och mat ee Grond dofir ass, datt sech d’Zentralregierung ni fir des Regioun interesséiert huet.

Mat deem Desintressi war se net eleng, well och de westlechen Elitte war déi Géigend bis elo zimmlech egal. Dat huet sech dunn ab 2010 schlagaarteg geännert, wéi un der Küst vum Cabo Delgado riseg Äerdgasreserven entdeckt goufen. International Konsortie vu Multinationale hu sech zesumme gesat, fir déi Ressourcen z’exploitéieren, deen éischten ënnert der Féierung vum franséische Konzern Total an en zweete mam US-amerikanesche Gigant Exxon. Déi italienesch Firma ENI soll an engem drëtte Konsortium d’Anlagen zur Verflëssegung vum Gas bauen. Insgesamt sollen iwwer 50 Milliarden Dollar op der Plaz investéiert ginn, warscheinlech deen deierste Projet, dee jee op afrikaneschem Buedem geplangt gouf.

Ufanks hunn déi lokal ONGe gerätselt, ob dës Entdeckung Seegen oder Fluch fir déi lokal Bevëlkerung ass. Haut kennen se d’Äntwert, well zënterhier ass déi ganz Provënz zu engem Krichsgebitt gi mat mëttlerweil 3.000 Doudegen an iwwer 800.000 Leit, déi hu misste flüchten.

Opstand vu lokale Milizen

Säit 2017 maache lokal islamesch Milizen d’Provënz onsécher, ongeféier ab deem Zäitpunkt, wou Total déi éischt Virbereedungsaarbechten op der Plaz gemaach huet. Si hu Lienë mat islamesche Beweegungen an Tansania an am Kenia an hunn anscheinend op de soziale Reseauen hir Appartenance zum IS verkënnt. D’Regierung zu Maputo stellt se dofir och ausnamslos als auslännesch Terroristen duer, mat deenen een net diskutéiere kann an déi musse liquidéiert ginn.

Laut lokalen ONGen ass dat awer nëmmen déi hallef Wourecht. Et wäre gréisstendeels Leit, déi aus der Provënz selwer kommen an deenen hir Identitéit och duerchaus bekannt ass. Och wa si géifen e reliéisen Diskurs féieren, wären hir Haaptbeweeggrënn virun allem sozio-ekonomescher Natur. Sie rekrutéieren an enger Bevëlkerung, déi säit Joerzéngte vum Staat vernoléissegt gouf, an extremer Aarmut lieft an deelweis och duerch déi genannten Äerdgas-Projete vun hirem Land verdriwwe gouf. An déi och weess, datt vun der Rohstoff-Exploitatioun net vill wäert fir si offalen.

Dat entschëllegt natierlech net déi extrem brutal Virgoensweis vun deene Milize mat Iwwerfäll op déi zivil Bevëlkerung, Entféierungen, Raub a Mord. Mä et deit awer alles drop hin, datt et sech heibäi ëm e lokale Konflikt handelt, dee ganz konkret lokal Ursaachen huet. An net ëm e Showdown tëschent dem internationalen Terrorismus an der westlecher Welt, zu deem en elo gemaach gëtt.

Militariséierung an Internationaliséierung

Am Mäerz 2021 hunn des arméiert Gruppe ganz iwwerraschend déi kleng Stad Palma iwwerfall an ageholl. Dat war insofern bedeitend, well just niewendrun de Konzern Total u sengen Anlage baut an doropshin all seng Aktivitéite huet misse stoppen. Ab deem Zäitpunkt ass et ganz séier gaangen. Fir d’éischt huet d’Zentralregierung nach probéiert, mat auslännesche Sécherheetsfirmen d’Situatioun an de Grëff ze kréien. Souwuel déi national Autoritéite wéi och déi auslännesch Söldner hu sech awer no staarke Verloschter missen zréckzéien. Dobäi hu se sech iwwregens och selwer etleche Krichsverbriechen un der Zivilbevëlkerung schëlleg gemaach.

Wärenddeem hunn d’USA a Portugal éischt Militärberoder dorower geschéckt a Frankräich huet seng diplomatesch Aktivitéite verstäerkt, fir d’Nopeschlänner zu enger Interventioun z’iwwerrieden. De Präsident vum Mozambique Filipe Nyusi, deen 2018 laut den EU-Walbeobachter ënner ganz doutéise Konditiounen erëmgewielt gouf an direkt an e puer Korruptiounsaffäre verwéckelt ass, huet d’EU offiziell ëm Hëllef gefrot. Déi huet dann och am Summer eng Missioun decidéiert, elo emol just mat Militärausbilder. Déi lëtzebuergesch Regierung huet anscheinend direkt seng Participatioun signaliséiert, obwuel se mat Verweis op de Mali-Asaz liicht hätt kéinte passen.

Nieft westleche Militärberoder, private Söldnerfirmen si mëttlerweil och Zaldoten aus Südafrika, Tansania an dem Ruanda op der Plaz. Dëse Konflikt huet all d’Viraussetzungen, zu enger onendlecher Geschicht ze ginn, sou wéi am Afghanistan oder am Mali. D’Gebitt ass wéi gemaach fir e Guerilla-Krich, mat risege Bëscher, onzougängleche Landschaften, kléngen Dierfer an enger noer Grenz, iwwert déi ee sech kann zréckzéien. D’Bevëlkerung ass fir d’Messagë vun de Rebellen empfänglech an déi auslännesch a souguer déi national Truppe sinn immens onbeléift. Doriwwer eraus gëtt de Konflikt fir den internationalen Dschihadismus an hir Geldgeber ëmmer méi interessant, jee méi auslännesch Truppen sech do engagéieren.

Amplaz an den Dialog ze goen a mat der Bevëlkerung no Léisunge fir konkret Problemer ze sichen, gëtt aus engem lokale Konflikt also duerch Militariséierung an Internationaliséierung e richtege Krich gemaach, dee sech viraussiichtlech an de nächste Joren weider ophëtzt. Datt all déi auslännesch Interventiounen eenzeg an eleng wéinst der Sécherung vun den Äerdgas-Investitiounen initiéiert goufen, gëtt net emol vun den europäesche Regierunge bestridden. Souguer de Minister Bausch huet dat am Juni virun der Chamber ouni Weideres zouginn.

Wat huet Lëtzebuerg do ze sichen?

Dat ass also de Kontext, an deem den Arméisminister François Bausch decidéiert huet, Lëtzebuerger Zaldoten op d’Plaz ze schécken. Datt et sech dobäi an enger éischter Etapp just ëm zwee Militärberoder handelt, mëscht d’Saach net besser. Wa Lëtzebuerg un dëser EU-Missioun deelhëlt, gëtt Lëtzebuerg zur Konfliktpartei an engem Krich, deen alles anescht wéi gerechtfäerdegt ass a wou mer als Land eigentlech näischt ze sichen hunn.

Virun allem awer sinn d’Viraussetzunge fir dësen Asaz denkbar falsch. De Grond vun dëser Missioun, nämlech d’Sécherung vun der Extraktioun vu fossille Brennstoffer duerch westlech Multinationalen, ass evidenterweis net ze justifiéieren – besonnesch an Zäite vu Klimawandel. Dat misst engem grénge Minister eigentlech opfalen. Doriwwer eraus wäert Lëtzebuerg mat enger korrupter Regierung zesummeschaffen, déi géint all Logik net op Dialog setzt, mä eenzeg an eleng op Repressioun an op Gewalt. Datt et fir dësen Asaz keen UN-Mandat gëtt, kënnt nach erschwéierend dobäi.

Mä och an enger Zäit, wou ethesch oder rechtlech Bedenken anscheinend keng Roll méi ze spille schéngen, sollt d’Regierung zumindest bedenken, datt mer hei an e Konflikt eraginn, dee liicht kann eskaléieren. Beim Mali-Asaz sinn am Ufank och just zwee Militärberoder agesat ginn. Mëttlerweil si schonn iwwer 20 Lëtzebuerger Zaldoten an der Sahelzon an d’Sécherheetslag dohanne gëtt Dag fir Dag ëmmer méi katastrophal.

Wee mengt, mir hätten eppes aus dem Debakel am Afghanistan geléiert, gëtt dëser Deeg enges Bessere beléiert. Elo also de Mozambique.

Beim Lëtzebuerger Asaz geet et awer och drëms, „Bündnistreue“ ze weisen an Ënnerstëtzung ze signaliséiere fir d’Visioun vun enger EU, déi op der ganzer Welt hir wirtschaftlech Interessie militäresch duerchsetze kann.

Säit Ufank vun der Pandemie huet d’Majoritéit an der Chamber zousätzlech Militärprojete fir 1,2 Milliarden Euro votéiert a verstréckt elo Lëtzebuerg an ëmmer méi Konflikter. Nieft dem Mali an dem Mozambique ginn deemnächst och nach Lëtzebuerger Zaldoten an den Irak geschéckt. Et gëtt Zäit, datt d’Bevëlkerung sech mobiliséiert, fir deem Wahnsinn en Enn ze maachen.


* De Marc Baum ass Politiker vun „déi Lénk“ a war vun 2016 bis 2021 an der Chamber.

hoffnung
23. September 2021 - 10.01

Wann Se dued sin heleft och keng duebel Pensioun

Gariuen
22. September 2021 - 20.41

Zielt d'Zäit am Asaz do da wéinstens duebel fir d'Pensioun?

Wieder Mann
22. September 2021 - 19.56

Als Zaldot häett ech keen Vertrauen an en Arméiminister deen Aktivist an der Friddensbewegong wor. Ech vergiessen net wéi d’Friddensbeweegong deemols op ons Zaldoten, d’Nato geklappt an als domm Jongen hingestallt huet.Ech hoffen dass déi Zaldoten vun haut net fir domm gehalen an verpolvert gin.