Vu Beem, Wüstestëbs, Engelsflilleken an dem Bill GatesFënnef nei Timba-Verëffentlechunge bei Kremart Edition

Vu Beem, Wüstestëbs, Engelsflilleken an dem Bill Gates / Fënnef nei Timba-Verëffentlechunge bei Kremart Edition
De Yorick Schmit mat senge „Weeër a Spueren“ op der Frankfurter Buchmesse … Foto: Kremart Edition

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Eng Familljechronik am Bësch, beleidegt Liewerwurschten a Verschwierungstheoretiker, ee stierweskranke Mann, deen ee leschte Road-Trip duerch den Nevada erlieft, an eng psychesch krank Figur, déi Engelsflilleken hierstellt – d’Qualitéit vun de fënnef neien Timba-Verëffentlechunge schwankt tëscht schwaach an iwwerzeegend.

De Xavier Bettel am Saumur, Verschwierungstheorien iwwert de Bill Gates a Reptiloiden, Cancel Culture, al wäiss Männer, d’Onméiglechkeet, op sozialen Netzwierker nach een eeschten Austausch ze fannen, well sech do ëmmer méi beleidegt Liewerwurschten ophalen – am Roland Meyer sengem „Vu Reptiloiden an ale wäisse Männer“, engem klassesche Cabaret-Text, an deem d’Aktualitéit satiresch kommentéiert gëtt, reegt sech d’Erzielfigur op, dass hautdesdaags kee méi Ironie versteet, well ee fir d’Versteesdemech vun Ironie muss nolauschteren, matdenken an och mol akzeptéieren, selwer op d’Schëpp geholl ze ginn.

Leider funktionéiert d’Ironie am Meyer sengem Text net wierklech, well vill ze dacks den décken Hummer ausgepaakt gëtt, den Humor oft ze graff oder ze platt, wann net déi zwee gläichzäiteg, ass an de Meyer sech zudeem, wann en zwee Awunner vun engem Altersheem dialogéiere léisst an d’Senioren op eng klischeehaft Aart a Weis als immens beschränkt duerstellt, op d’Käschte vu senge Figure lëschteg mécht. Och d’Autoironie wierkt esou forcéiert, dass d’Schlusszeen, wärend där den Erzieler a seng Fra vun enger Teams-Homeschooling-Seance wëlle profitéieren, fir endlech mol nees ze biischten, op allen Ebenen uerdentlech an d’Box geet.

Eng dënn Figurenzeechnung

Änlech schif geet dem Julie Vinandy-Schmit säin Diptychon „Engelsflilléken“, eng Geschicht iwwert eng jonk Fra, déi aus therapeutesche Grënn ufänkt, Konschtwierker ze realiséieren. Dofir mécht si Ofdréck vun de Récker vu Clienten, déi si masséiert.

Wärend den éischten Deel vun den Erfarungen erzielt, déi d’Zoé sammelt, wärend si op en exzentreschen Dandy, eng gouereg, granzeg Fra, ee kranken Alkoholiker an ee bockege Fotograf stéisst a mat enger Ausstellung cumuléiert, fänkt den zweeten Deel mat engem kënschtlereschen an existenzielle Lach un, an dat d’Zoé fält. No Säite vu Selbsthaass an Zweiwelen – „Zoé, du bass eng Pute an e Vull fir d’Kaz“ seet d’Figur am Dialog mat sech selwer – léisst d’Zoé sech vun der beschter Frëndin Ludmilla op eng Biodanza-Soirée mathuelen, wou si dem Seraphin begéint, ee Mann, deen eleng an der Natur danzt an dee si lues a lues faszinéiert.

Sproochlech pendelen d’Fortsetzungsgeschichte tëschent topeger Esoterik, verkleet als lyresch Passagen, an enger opgesat graffer Sprooch, déi an hirem Versuch, esou ze schreiwen „wéi d’Leit ebe schwätzen“ mat hiren Emprunten aus dem Engleschen an dem Franséischen deelweis onbehollef an onnatierlech wierkt.

D’Figurenzeechnung ass iwwert dat eraus extrem dënn: Vun enger Fra gëtt ee just gewuer, dass si „ee Schicksalsschlag nom aneren“ erlieft huet, ouni dass erkläert géif ginn, wat genee passéiert ass, d’Ludmilla steet mat Rotschléi aus dem Selbsthëllef-Buch zur Säit an och der Haaptfigur hir psychesch Problemer, Zweiwelen an Onzefriddenheet ginn ze offensichtlech, ze ongefiltert erwäänt.

D’Relatioune tëscht de männlechen a weibleche Figure sinn zudeem belaascht vu Klischeeën: D’Ludmilla empfeelt dem Zoé, sech beim Danzen „ee Schéinen“ a „kee Mochen“ ze kropen, an de Versuch, en Thema wéi toxesch Männlechkeet op d’Tapéit ze bréngen, geléngt leider och net, well et ze niewesächlech, ze iwwerflächlech behandelt gëtt.

Interessant Aspekter wéi den iwwernatierleche Gedanken, dass dem Zoé seng Flilleken dem portraitéierte Mënsch säi Liewe beaflossen an de Kënschtler sengem Sujet eppes ewech hëlt, bleiwe leider ze wéineg ausgeschafft a stoussen op erschreckend banal Iwwerleeunge wéi d’Ausso, dass een ee Mënsch ni „ganz erfaasse kann“ an änlech Klischeeën iwwert Konscht an d’Schafen, déi een esou schonn dausend mol gelies huet – a meeschtens besser.

Schlëmmer ass deen zweeten Deel, an deem der Auteurin d’Iddie wuel ganz ausgaange ginn – no der wierklech penibeler Oplëschtung vu Frechheeten, déi d’Zoé sech un de Kapp geheit, bestinn d’Zeene mam Seraphin aus engem eenzegen Uneneereie vun esoteresche Sätz, déi engem den éischten Deel dann nach bal gutt erschénge loossen.

… an déi aner véier nei Timba-Verëffentlechungen
… an déi aner véier nei Timba-Verëffentlechungen

Stammbeem an Tequila

Bedeitend besser sinn dem Yorick Schmit seng „Weeër a Spueren“: Am Lëtzebuerg vun den 80er trëppelt den Erzieler mat sengem Bouf, dem Ben, duerch ee klenge Bësch – ee Grondstéck, dat der Famill zanter Generatioune gehéiert –, fënnt am Gewulls vu Beem an Hecken subjektiv Trëppelpied, déi sech aus „sëllegen Erënnerungen a Geschichten“ zesummesetzen.

Well säin eegene Stammbam „voller Beem“ stécht, zielt d’Haaptfigur hirem Bouf eng fragmentéiert Familljegeschicht: A véier kuerze Kapitelen, déi ronderëm d’zentral Figur vun der Urgroussmamm Grousi Léini dréinen, gëtt de Bouf gewuer, wéi deem säin Urururgrousspapp trotz senger Léift zum Holz wéinst engem Bam gestuerwen ass, wéi d’Urgroussmamm mat enger éiweger Rivalitéit tëscht zwou Famillje gebrach an de Claude – ee vun de Rivalen – bestuet huet, deen Ufank vum 20. Jorhonnert säi Gléck an Amerika versicht an do amplaz vum Dram vum grousse Grondstéck just un enger Tuberkulos stierft, wéi dem Erzieler seng Boma Charlotte sech als Bouf verkleet fir an d’Minne schaffen ze goen an engem Bam hiert Iwwerliewe verdankt, wéi säi Papp sech mat engem däitschen Deserteur wärend dem Zweete Weltkrich ugefrënnt huet.

Wann een hei e bëssen enttäuscht zeréckbleift, ass dat éischter, well een, wéi scho beim Jérôme Netgen sengem „D’Wolléken iwwer Hawaii“ – ee vun den Highlights vun der Timba-Serie – sech gewënscht hätt, d’Erzielung géif weidergoen an et géife sech weider Familljegeschichten wéi Äscht deelen, kräizen. Well och wann d’Literaliséierung vun der Bam-Metapher elo net wansinneg innovativ ass an de Yorick Schmit heiansdo ze offensichtlech mat deem Bild spillt, sinn déi eenzel Geschichten mat genuch Matgefill erzielt, d’Verwurrelung vum eenzelne Schicksal an der Lëtzebuerger Geschicht – et geet em Auswanderung, Krich, Aarmut an Besetzung – spannend a sproochlech präzis genuch, fir aus dëser kuerzer Familljechronik en usprochsvollen Text ze maachen.

„Leaving Luxembourg“

Schlussendlech hëlt eis de Bob Kieffer a „Rachel“ mat op ee Road-Trip, deen och hätt kënnen „Leaving Luxembourg“ heeschen. Dem Kieffer seng Figur, de Pol, ass, wéi den Auteur selwer, Banquier. Relativ fréi huet hien seng Dreem, déi duerch d’Science-Fiction – „seng Fënster an eng Welt, an där alles méiglech war“ – declenchéiert goufen, géint ee langweilegen Alldag op der Bank, wou béis Fransousen „de Buttek iwwerholl hunn“ agetosch. „Grouss Dreem a kleng Ambitioune passen net gutt zesummen“, kommentéiert den allwëssenden Erzieler lakonesch. Eleng d’Mëttespause mam Rachelle verséissen him de groen Alldag. Well de geléierte Mathematiker awer ee Mann vu Prinzippien a Berechnungen ass, léisst hien d’platonesch Bezéiung zur Mataarbechterin am Sand verlafen.

Wéi de Pol gewuer gëtt, dass en nach sechs Méint ze liewen huet, schmäisst hien de Butték a flitt op Las Vegas, wou en sech mat Tequila, Glécksspiller an enger besonnescher Relatioun zum Zëmmermeedchen d’Zäit verdreift an ëmmer nees un dem Nicolas Cage säi Ben a „Leaving Las Vegas“ erënnert. Duerno verléisst hien Vegas och – net, well en, wéi de Ben am Mike Figgis sengem Film, stierft, mä well en op Rachel fiert – der Uertschaft, „déi am noosten un der (…) berüümt-berüchtegter Area 51“ läit –, do am Kaff als Kach schafft a sech lues a lues mat de puer Awunner ufrënnt.

Dem Kieffer säi Stil ass effikass, wann och net ëmmer ganz elegant: De Wiessel vum Engleschen an d’Lëtzebuergescht an den Dialoge wierkt heiansdo beméit, den Auteur kritt sech net ëmmer genuch vun der Misogynie vu senger Figur, déi Fraen dacks op sexuell Attributer an Ausgesinn reduzéiert, distanzéiert, a verschidden Analysen trieden oppen Dieren an – beispillsweis wann den Erzieler feststellt, dass d’Kommunautéit am Nevada wéineg ze erzielen huet an him eng Späicherluucht opgeet, well e mierkt, dass d’Kolleegen op der Bank net vill méi ze soen hunn. Nawell geléngt dem Kieffer mat „Rachel“ en deels spannende Road-Trip voller Referenzen (op Filmer, den Hugo Gernsback a sech selwer) a Wüstestëbs.

Der Timba-Kollektioun feelt et och mat dësen neie Verëffentlechungen un enger editorialer Linn. D’Diversitéit vun der Serie ass duerchaus eng Stäerkt, bréngt awer och eng immens variabel Qualitéit vun de verëffentlechte Bicher mat sech: De Lieser keeft quasi d’Kaz am Sak – a fält esou heiansdo op immens schwaach Texter.

Info

Déi fënnef Bicher vu jeeweils 42 Säiten sinn 2021 bei Kremart Edition erauskomm a kaschte 4 Euro.