„Eng anarchesch Kraaft“

„Eng anarchesch Kraaft“

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Den Nico Helminger gëllt als ee vun de bekanntsten, produktiivsten an talentéiertste Lëtzebuerger Schrëftsteller. Säin neit Buch, „Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge“ ass ee Roman a lëtzebuergescher Sprooch, den a sengen Ambitiounen, senger Struktur an a sengem Stil heizuland éischter seelen ass. Mir hunn eis mam Nico iwwert säin neit Wierk, Iwwerwaachung a Kontroll an enger „handyfizéierter“ Ära, de gréisste Fälscher vun der Molerei an d’Ondankbarkeet vum Schreiwen op Lëtzebuergesch ënnerhalen.

Tageblatt: Engersäits ass et wichteg fir eis literaresch Sproch, dass esou een ambitiéise Roman – an enger Zäit wou usprochsvoll lëtzebuergesch-sproocheg Prosawierker éischter Mangelware sinn – an eiser Mammesprooch geschriwwen ass, anerersäits limitéiers de domatten (leider) däi Lektorat. Wéi erkläers du de Choix vum Lëtzebuergeschen (fir en Auteur wéi’s du, dee vill mat de Sprooche jongléiert) bei engem Wierk – wéini mëscht en sech?

Nico Helminger: Wéi ech ugefaangen hu mat schreiwen, hunn ech all Sprooche probéiert. Fir eis jonk Leit war Lëtzebuergesch déi Sproch, mat där mer an de 70er iwwert d’Léift, iwwer Sex an iwwer Politik geschwat hunn. Ech hunn déi Literatursprooch, déi ech deemools an Theaterstécker benotzt hunn, selwer entwéckelt – d’Franséischt an d’Däitscht waren deemools Schoulsproochen, an domatten net wëll genuch. D’Englescht wier och nach eng Léisung gewiescht – well et d’Sprooch vun der Rockmusek a vun den amerikaneschen Auteuren, déi mer net an der Schoul duerchgeholl hunn, war. Dofir hat dat Lëtzebuergescht eng anarchesch Kraaft – a well dat germanescht an dat romanescht doranner wullen. Lëtzebuerg ass méi räich wéi dat Franséischt an dat Däitscht, well ech Elementer vun deenen zwou Sproochen dora kann erëmfannen, an d’ Sprooch esou eng eegen Energie kritt.

Ech hu jo schonn eng ganz Rei Saachen op Lëtzebuergesch geschriwwen. Do ass d’Receptioun einfach net immens. Lëtzebuergesch ass jo och gesellschaftlech net onproblematesch. D’Leit kréien een nostalgeschen, fir net ze soen nationalistesche Bezuch zur Sprooch, déi wäit ewech vun der aktueller Entwécklung vun der (literarescher) Sprooch ass.

U sech wier d’Benotze vun eiser Sprooch jo keen Obstakel, wa mer méi Iwwersetzungen hätten?

Ech froe mech, firwat et esou schwéier ass, dass mer Saachen iwwersetzen – net just vum Lëtzebuergeschen an d’Sprooche vun den Nopeschlänner, mä och vun de francophonen Texter an d’Däitscht an ëmgedréint. D’Iddi war ass jo mëttlerweil och, Saachen op Englesch ze probéieren – mä dat muss och mol nach méi konsequent gemaach ginn.

Wéi wielt een als Auteur, deen esouvill verschidde Sprooche praktizéiert, d’Sprooch vum Wierk …

Oft ass et esou, dass ech mat Schreiwen ufänken, ouni wierklech eng Decisioun geholl ze hunn. Meeschtens hunn ech dann awer déi richteg Decisioun geholl – well ech mer iwwert dem Schreiwe bewosst ginn, wisou ech et an där Sprooch wollt maachen.

E Lëtzebuerger Auteur schreift souwisou ëmmer an enger Friemsprooch – well dat literarescht Lëtzebuergesch jo nach esou nei ass. Dofir plaidéieren ech fir déi Hybridform. D’Méisproochegkeet huet awer, bei alle Virdeeler, och seng Nodeeler. De Lambert Schlechter zum Beispill hat op Däitsch ugefaangen – an huet och eng gutt Zäit gebraucht, fir seng Sprooch ze wielen.

Am Roman vertrëtt de Menn Malkowitch d’These vum Friemen am Eegenen a berout sech op dem Lyotard seng Theorie vun den Erzielungen – also vun der Skepsis vis-à-vis vun engem Métarécit(*) an der Virléift fir déi kleng Erzielungen. Erkläert dat d’Fragmentéierung vum Buch?

Et geet am Buch ëm déi perséinlech Erzielungen, déi den eenzele vu sech selwer entwërft – oder déi en opgezwonge kritt – fir kënnen an der Gesellschaft ze funktionéieren. Domatte verbonnen ass d’Thema vun enger kompletter Kontroll, déi op den eenzelen duerkënnt an déi an enger handyfizéierter Gesellschaft d’Norm ginn ass – mir liewen an enger Welt, an där jidderee stänneg um Drot ass, wou de permanenten Informatiounszoufloss net méi ze kontrolléieren ass. Dëst ass natierlech eng Entwécklung, déi u sech kéint positiv kéint sinn – wann net d’Method hei net scho bal zu engem Inhalt gi wier.

Du hues de Lyotard an d’Métarécit’en, déi an der Mënschheetsgeschicht am 20. Joerhonnert an der historescher Katastroph gelant sinn, erwäänt. Ech hunn haut den Androck, dass d’Geschicht ëmmer manner wouergeholl gëtt. An Europa gi keng Zesummenhäng méi hiergestallt. Den eenzelen huet net méi d’Moyen’en (oder gëtt sech se net méi) fir Zesummenhäng hierzestellen: Als Konsequenz dovunner kënnt dat grousst Vergiessen. Den eenzele fënnt sech net just net méi zurecht, mä e vergësst einfach. Ee vun de Grondtheme vum Roman ass d’Wierklechkeet an de Fake, de Bedruch an de Selbstbedruch.

Et ass eng Gesellschaftssatir, déi zum Deel iwwerdriwwen, wäit ewech wierkt …

Um Schluss vum Buch daucht eng Rumeur op, déi, di beseet, dass d’DNA-Struktur vum Mënsch iwwer Handy kéint modifizéiert ginn – de Roman ass jo esou strukturéiert, dass de Menn, zu dem Zäitpunkt, wou en an der Loge sëtzt, sech an enger liichter Zukunft befënnt. Den narrativen Deel virdrun, wou de Menn Nation-Branding soll bedreiwen an doropshin an enger Kur lant, entspriecht eigentlech eiser Géigewaart. Dat bedeit, dass d’Gesellschaft, wéi se am Roman zum Deel beschriwwe gëtt, net existéiert.

Wéi eng Roll spillt d’Theorie an denge Romaner, wou se jo u sech méi verspillt a manner eescht kann ugewannt ginn?

Ech hunn heiansdo Angscht, dass ze vill Theorie a meng Bicher erakënnt. Dofir probéieren ech, Personnagen a Situatiounen ze entwéckelen, an deenen d’Theorie ze vill duerchschéngt. Am Roman sinn och Passage, wou mat enger gewësser Ironie iwwer Gott an d’Welt geschwat gëtt. Ech hunn hei probéiert, net ze vill Theorie ze importéieren. Ech ginn dem Lieser gewëssen Unhaltspunkten. D’Buch funktionéiert esou, dass et verschidde Kniet ginn, déi ee selwer kann zesummeknäppen – esou dass de Lieser säi Wierk eigentlech quasi selwer kann erschafen. Een, deen elo den theoretesche Bagage net huet – ech muss jo net vun all Lieser verlaangen, dass en z.B. eppes iwwert de Lyotard weess oder eppes vu Musekstheorie versteet – dee ka mengen ech nawell eppes mam Menn sengen Erzielungen ufänken. Fir verschidde Lieser dierften esou theoretesch Momenter och wéi eng Form vu Provokatioun, vun Erausfuerderung un de Lieser funktionéieren.

Du gesäis däi Roman also schonn als usprochsvoll?

Et gi Leit, déi mer soten: „Et brauch een en Dictionnaire, fir dat ze liesen.“ Als Auteur weess ech net ëmmer, wat a wéi vill ech vu mengem Lieser verlaangen. Ech fannen, dass mäi Roman duerchaus accessibel ass, fille mech als Lieser selwer gär gefuerdert. Vläicht huet d’Angscht viru Komplexitéit och nees domatten ze dinn, dass duerch d’permanent Iwwerkommunicatioun mëttlerweil alles op engem Niveau leeft.

Däi Roman huet eleng scho vun der generescher Kategoriséierung hir eng alambiquéiert Constructioun: Et ass eng Chronik, ee Roman, an et sinn Erzielungen. Du justifiéiers dat mat dem Fait, dass de Menn eng aner Approche hat wéi den Helminger …

Fir mech war et kloer dass, dee Moment wou ech d’Fro vum Wäert an der Verwäertung vun dem Individuum an der Gesellschaft stellen, ech domatter och eng Identitéitsfro stellen. Domatten ass och d’Fro vum Genre verbonnen: An der Form vum Buch, a senger Sich no sengem Genre spigelt sech och d’Sich vun dem eenzelen no där Erzielung, déi e ka benotzen, fir sech an der Gesellschaft ze positionéieren. D’Chronik ass am offizielle Buchtitel, mä dës Chronik funktionnéiert net, well de Roman absolut net chronologesch ass. D’Iddi vun den „Erzielunge“ war wichteg, well et am Buch ëm d’Fro geet, wéi deen eenzelen sech erzielt – an esou sech selwer gesäit. Schlussendlech kënnt d’Figur vum Helminger mat der Iddi, dass et jo awer eigentlech ee Roman ass. An dem Sënn ass et op: De Lieser kritt gesot, e soll selwer erausfannen, wat et ass.

Strukturell gesi gliddert däi Roman sech éischter an d’Schoul vun engem Lawrence Sterne oder engem Diderot an … Wéi wichteg sinn d’Digressioune fir dech?

Zu der Struktur vum Buch kann ech Folgendes soen: Engersäits ass d’Wierk ganz oppen a spronghaft, anerersäits gëtt et och eng Struktur, déi vläicht elo net jidderengem an d’A spréngt. An der Mëtt gëtt et een zentraalt Kapitel, dat 4., dat am längsten ass. Déi dräi Deeler virdrun an déi dräi Deeler duerno bezéien sech openee – sief et thematesch, sief et an Entwécklungsmomenter, sief et par Rapport zu de Personnagen, déi opdauchen. Do ginn et dann och Parallellen tëschent konkreten Zeenen.

Dëse Choix hänkt och e bëssen domatten zesummen, dass ech am Schreiwen ëmmer nees op dat Musikalescht zréckfalen. D’Musek huet engersäits jo dat strengt mathematesch, anerersäits awer och eng enorm Emotionalitéit, eppes Wëlles a Fräies, wat Spillraum fir dat Experimentellt gëtt. Meng Struktur funktionéiert ëmmer do dertëschent.

Dat Spigelhaft, déi Onlogik – wéi beim Lewis Carroll – weisen drop hin, dass ech eng Zort Literaturspill bedreiwen – vun Themen a Stilspiller, déi a verschiddene Situatiounen anescht entwéckelt ginn. Dee Spaass brauch ech einfach. Heiansdo, wann’s de do sëtz an du kucks d’Welt, iwwert déi’s de solls schreiwen, ass dat Ganzt scho fir ze verzweiwelen – da muss een sech och e bëssen ameséieren.

De franséische Schrëftsteller Éric Chevillard, sot an enger brillanter Kritik vun engem vun de faule Romaner vum faulen David Foenkinos Bicher emol, de Foenkinos géif eng blouss „littérature de confirmation“ schreiwen, an där ee kéint iwwerpréiwen, dass d’Wierklechkeet och genee esou ass, wéi mer geduecht haten, dass se wier.Ass d’Digressioun eng Method, fir vun esou enger platter, ideologesch banaler Reproduktioun vun der Realitéit fortzekommen?

Den Text ass effektiv digressiv: Ech beruffe mech do op de Sterne an den Diderot, awer och op de Robert Walser. Ech komme jo ursprénglech vun der Poesie, hu laang Poesie an Theater geschriwwen. Déi aner Romaner, déi ech geschriwwen hunn, si gebrach, si sinn deforméiert. Déi Form, déi ech wielen, gëtt dës Deformatioun erëm. Meng Romaner wëllen net bestätegen, si hannerfroen a sinn ëmmer och e bëssen hannerlëschteg, well se de Lieser op eng falsch Pist lackelen.

Wéi mëss de do de Lien zu der Thematik vun der Wourecht an der Entstellung dovunner?

D’Thematik vun der Wourecht a vum Fake ass am Zentrum vun dëser Deformatioun – et weess een z.B. och net, wéi vill Verlooss op den Erzieler ass. Dofir erwänen ech am Buch och den ungaresche Moler Elmyr de Hory, dee kee Succès hat an dofir zum Fälscher ginn ass. An de 60er oder 70er Joer war hie vläicht dee weltgréisste Fälscher, huet Biller vum Picasso oder Matisse kopéiert. Seng Biller sinn iwwer Händler u Muséeë verkaf ginn. Et ass haut nach net sécher, ob se all entdeckt sinn … De Combel vun der Saach: Wou hie gestuerwen ass, ass de Präis vu senge Fälschungen esou an d’Luucht gaangen, dass et entretemps falsch De Hory’e ginn – well d’Leit seng Fälschunge gefälscht sinn. Dat spigelt e bëssen déi aktuell Kommunikatiounssituatioun erëm, wou och gefälschte Saachen erëmgeholl a weidergeleet ginn. Et weist, wéi et iergendwann ufänkt, egal ze ginn, wat stëmmt a wat net stëmmt.

Mat besotenem Chevillard (a vläicht och mam Thomas Pynchon) deels du eng Virléift fir Humor an dat, wat en op franséisch de „loufoque“ nennt. Ass et dem Romancier seng Roll, de „loufoque“ am Alldag ze détectéieren? Wéi eng Roll spillt Humor an denge Wierker?

Du hues an denger Kritik bemierkt, dass mäi Buch heiansdo riskéiert, an dat Kabarettistescht ze geroden, a frees dech dann, op dat net vläit dru läit, dass d’lëtzebuergesch Gesellschaft ëmmer méi engem Cabarets-Stéck änelt.

Dat ass eng vun de Schwieregkeeten, wann een doriwwer schreift. Do komme mer op de Punkt, wou d’Realitéit d’Fiktioun depasséiert. Duerno freet een sech, wat een dorausser kann a soll maachen, fir dass dat ganzt nach Literatur ka sinn. Et gi Situatiounen, déi sinn esou grotesk an iwwerdriwwen, dass et bal onglaafwierdeg ass, wann een se erzielt– obwuel een se 1:1 iwwerholl huet. Da kënnt d’Fro, wéi een se asetzt: Do komme mer zréck op meng Iddi vum Literaturspill.

Ech perséinlech si kee grousse Frënn vum Cabaret. Fir dass ech e kann appreciéieren, muss e schonn excellent sinn – an dat ass e meeschtens net. Am Cabaret hu mer nämlech de Problem, dass d’Leit just dohi ginn, fir bestätegt ze ginn. Do gëtt d’Gesellschaft ëmmer just op eng bestëmmten Aart a Weis op d’Schëpp geholl. Et gëtt keen Iwwerraschungsmoment, d’Saach ass total codifizéiert. Wann ech an déi Fahrwässer geroden, probéieren ech dee bëllegen Erëmerkennungseffekt ze konteren – mat stilisteschen Elementer, mat dem Grotesken, mat Verfriemen.

An enger Zeen beschreifs de ee Moment vu Konsumrausch, deen ëmmer méi an eppes vill méi Donkeles emschwéngt …

Mir hu jo haut kee philosophescht Wiese méi, mä ee Konsumwiesen. Déi Konsumhaltung bestëmmt all Aktivitéit, och d’Aktivitéit vum Liesen. D’Leit liesen haut dacks, wéi se Shoppen. An zum Deel biischten se esouguer, wéi se shoppen. Dat ass eng vun de Fale vun der Konsumgesellschaft. D’Unheefe vu Material als Ersatz vun anere Saachen, vu richtegen Erfarungen. De Fait, dass zum Beispill en Intellektuellen sech net op der selwechter Konsumlinn befënnt, geet duer, fir dass déi populistesch Well e marginaliséiert: d’Populiste versti mol net méi, a wéi engem Sënn den Intellektuellen anescht ass an anescht denkt, well se déi Welt an déi Gedankegäng guer net kennen. Do kënnt da meng Dichtungsoder eran: Ech probéiere, mat der Sproch eppes anescht ze maachen, wéi normal Kommunikatioun. Stil ass net ëmmer just Bedruch, wéi den de Kooning sot. Ech probéieren eng Form ze fannen, an där d’Sprooch d’Reflexioun erlaabt.

De Menn schwätzt jo och een Ament vun enger Sprooch, déi net vun de Schaltkreesser vun der Muecht dominéiert gëtt …

Genee dowéinst sinn ech skeptesch vis-à-vis vun enger Literatur, déi d’Wierklechkeet wëll 1:1 erëmginn. Et ginn haut méi Biografien an Autobiografie ewéi jee publizéiert. Dat huet mat Voyeurismus ze dinn: Et ass quasi eng Yellow Press vun der Literatur, déi sech do entwéckelt, ëmmer mam Argument, dass et wierklech geschitt ass. Bei engem Roman geet et drëms, op en als Text funktionéiert, net op eppes geschitt ass oder net.

Ee kuerzt Beispill vu poetescher Verdichtung, déi géint dat banaalt 1:1 -Erëmgi vun der Wierklechkeet geet: Am Buch erwäanen ech de Leigh Van Valen. De Van Valen war ee Biolog, nawell ee witzege Kärel, dee fir seng Entdeckungen zum Deel Nimm aus dem Tolkien sengem „Herr der Ringe“ benotzt huet. Eng vu sengen Theorien ass d’“Red Queen Theory“, benannt no der Kinnigin aus dem „Alice in Wonderland“, déi een Ament seet: an dësem Land muss de esou séier lafen, wéi et geet, fir op der Plaz ze bleiwen. De Van Valen huet dat benotzt an enger ekologescher Approche, fir iwwer d’Konkurrenz vun de Planzen ze schwätzen. D’Planze sinn nämlech dem Wuesstem ausgesat an, wat se méi grouss ginn, mussen déi aner se iwwerwannen, woumat se hir eegen Zerstéierung bedreiwen. An déi Theorie hu Soziologen och op de Wuesstem vun eiser Gesellschaft applizéiert: ëmmer méi wuessen, fir wouhin ze kommen? Hei hu mer eng Vernetzung tëschent Wëssenschaft, dem Lewis Carroll senger Onlogik a menger Fiktioun.

Du hues am Buch keng Guillemet’en benotzt, e bësse wéi bei de Bicher vun den Éditions de Minuit…

Beim Lektorat krut ech um Ufank virgeschloen, fir d’Uféierungszeechen dobäi ze sëtzen – fir méi Kloerheet. Mä am Malkovich senger Welt verschwëmmt scho mol sou munches. D’Onsécherheet – am Bezuch dorop, wat an der Bannewelt vum Malkovitch geschitt a wat bausse gesot gëtt: Dat huet mech interesséiert. Déi éischt korrigéiert Versioun, déi ech krut, war mat den Uféierungszeechen. D“i dobäi ze sëtzen, war wuel eng Heedenaarbecht. Ech sot hinnen: „Huelt mer déi nees ewech.“

Däi Roman ass ee risegen intertextuelle Palimpsest, du mëss hannen eng Lëscht vun den Emprunt’en, déi awer net exhaustiv ass: Clin d’œil’e wéi däin „Dag vum ageseeften Hënner“ (eng kloer Referenz un „Infinite Jest“ vum David Foster Wallace) ginn net repertoriéiert. Wisou déi Intertextualitéit? Well schonn alles gesot ginn ass? Musse mer noutgedronge Remixen? Oder huet et méi d’Funktioun vun engem Hommage?

Et ass natierlech een Hommage, mä och eng Afrostellung vun dem Prinzip vun der Identitéit. De Menn ass jo op der Sich no senger eegener Erzielung. Soubal en eppes fënnt, zerfält et och nees. Seng Begéinung mam Emma ass bal, dat steet och am Buch, tel quel vum Flaubert iwwerholl. Dat ass engersäits een Iwwerhuele vun enger Situatioun, mä och en Opgi vu senger eegener Persoun. Et ass eng Sich no der eegener Persoun, mä och en Zerfale vun der Identitéit an aner Texter. D’Fro vun der Opléisung, vum Zerfall vun der Persoun schwéngt do mat. D’Situatioun, an déi de Menn sech begëtt, ass eng Idealiséierung, mä och eng Entfriemung – well déi Situatioun schonn esou oft opgetrueden ass, dass se net eege genuch ass.

(*)Mam Métarécit mengt de Lyotard eng grouss Erzielung, déi der ganzer Mënschheet een Zil, eng Richtung virschreift. De Métarécit vum Kommunismus, deen als Zil d‘Gläichheet vun der Mënschheet hat, ass am Goulag gelant, wouwéinst de Lyotard vum Scheitere vun de Métarécit’en am 20. Joerhonnert schwätzt.