ForumOppene Bréif un den Educatiounsminister Claude Meisch

Forum / Oppene Bréif un den Educatiounsminister Claude Meisch
 Foto: Editpress/Julien Garroy 

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Léiwen Educatiounsminister Här Claude Meisch,
Léif Lieser/innen,
Ech sinn den Oliver Thull vun der 1re B aus dem Lycée Aline Mayrisch Luxembourg. D’Situatioun am Moment ass fir jiddwer Persoun aus eiser Gesellschaft eng surrealistesch. Eng ganz Rëtsch vu Mesuren si geholl gi, fir d’Verbreedung vum Covid-19 an eisem Land ze verhënneren. Net essentiell Geschäfter a Betriber sinn zou an d’Richtlinn vun eisem alldeegleche Liewen ass de „Bleif Doheem“. Des weideren huet den Educatiounsminister Här Claude Meisch entscheet, fir ab dem 16. Mäerz op den Homeschooling ëmzesteige, fir dass d’Schüler vun doheem aus kënnen ënnerriicht ginn, wou de Risiko, sech mam SARS-CoV-2-Virus unzestieche,
géint Null geet. Dës Period war initial bis den 20. Abrëll ugeluecht ginn, se ass awer mëttlerweil bis mindestens de 4. Mee verlängert ginn. Fir all aner Schüler ewéi d’Premièren dauert se bis den 11. Mee, voir souguer de 25. Mee fir Grondschoulen. Dës a vill aner Mesurë goufen de 16. Abrëll vum Minister Meisch per Pressekonferenz un d’Land matgedeelt.

Leider mengen ech, dass d’Entscheedungen, déi viru kuerzem getraff goufen, net exklusiv am Interessi vun der Gesondheet vum Schüler an der Gesellschaft geholl goufen. Heimat erlaben ech mir, op déi eenzel Punkte vun der Pressekonferenz anzegoen a meng Bedenken derbäi ze erläuteren.

D’Schoul als Medium, fir sech unzestiechen

Déi meescht Schüler benotzen de Schülertransport oder den ëffentlechen Transport, fir an
d’Schoul an natierlech och fir erëm Heem ze kommen. Och wann den Effektiv vu Schüler hallwéiert gëtt, ass et an engem Bus schlecht bis guer net méiglech, deen am Normalfall virgeschriwwenen 2-Meter-Mindestofstand anzehalen, dee vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) recommandéiert gëtt. Zwar besteet eng Flicht, Masken am ëffentlechen Transport unzedoen, mee e Reschtrisiko bleift fir all eenzele Schüler a Schülerinne bestoen. Zemools fir Premièren, déi den Examen um Horizont stoen hunn, ass dëst en onnéidege Risiko, deen se all Dag agoe mussen.

Dach och wann ee bis an der Schoul ass, kann ee sech net „sécher“ fillen, well och am Gebai selwer ass et schwéier, eng Garantie ze hunn, dass d’Sécherheetsmesuren agehale ginn. All Schoulgebai ass verschidden an d’Direktioune si beoptraagt ginn, eng Léisung fir hir Raimlechkeeten ze fannen. Eng Propos, déi den Educatiounsminister gemaach huet, ass, d’Trapenhaus ze splécken an aus de Gäng e Sens-Unique ze maachen. Leider gëtt et och Schoulen an Deeler innerhalb vu Schoulen, wou sou eng Spléckung net méiglech ass, a wou den direkte Kontakt vu Proffen a Schüler, an och Schüler ënnerteneen, net vermidde ka ginn. Dat beschte Beispill wier do d’Trapenhaus, well och wann nëmmen d’Halschent vun de Schüler do sinn, sou ginn dach d’Trapen (fir an d’Paus oder fir zeréck an de Kuer) iwwerduerchschnëttlech staark beusprocht.

Déi nächst Propos vum Educatiounsminister war, d’Klassen opzesplécken. De Proff selwer hält da säi Kuer pro hallef Klass a muss dann an der Halschent vum Kuer de Sall wiessele, fir bei deem aneren Deel vun der Klass (dee selweschte) Kuer ze halen. De Proff ass awer an deenen zwou Klasse present an ass no de Richtlinne vum Ministère net gezwongen, e Mondschutz unzedoe, wann hie Kuer hält. An och wann de Proff grad keng Symptomer opweist, sou kann hien de SARS-CoV-2 nach ëmmer iwwerdroen, souwuel un deen ee Grupp als och un deen aneren. Dat wier en typesche Fall vu Kräiz-Kontaminatioun.

E weidere Point de contamination potentielle sinn d’Toiletten. Dës wäerte vu ville Persounen aus verschiddene Klasse benotzt ginn an et wier onmënschlech, ze verlaangen, dass de Schüler während engem Dag, dee gäre mol aacht Stonnen dauert, keng eng Kéier op d’Toilette geet. Aus enger Ried virun net emol engem Mount hat de Premierminister Här Xavier Bettel annoncéiert, dass all gréisser Evenement mat iwwert 100 Leit bis den 31. Juli net erlaabt ass. Elo ass et awer sou dass mir an der Schoul eng Paus erlaabt kruten. Och wann den Effektiv vun de Schüler hallwéiert ass an een d’Paus an zwee Roulemente spléckt, wieren dat an dësem Fall ab dem 11. Mee nach ëmmer méi ewéi 300 Schüler, déi gläichzäiteg an de Preau/Haff ginn. Dass do nach de Mindestofstand kann agehale ginn, ass am Moment net wierklech virstellbar.

Eppes, wat an de Medien ëmmer nees thematiséiert gëtt, ass: „Wann de Sécherheetsofstand vun 2 Meter net ka garantéiert ginn, muss een e Mondschutz undoen“. Dës Ausso ass natierlech richteg a soll agehale ginn, wann ee liewenswichteg Aktivitéiten ewéi akafe goen ënnerhëlt. Ass et elo awer wierklech noutwendeg, dass all Schüler aus dem Land sech deene Mesuren ënnerzéie muss, wann et dach virdru mam Homeschooling sou gutt geklappt huet? Ausserdeem ass d’Droe vun engem Mondschutz am Klassesall selwer net obligatoresch, mee just „fortement recommandé“.

Am Endeffekt bréngen dann déi ganz Mesuren ausserhalb der Klass näischt, wann ee Klassekomerod oder e Proff sech, ouni et ze wëssen, mam SARS-CoV-2 infizéiert huet an sech d’Recht eraushëlt, keng Mask (am Klassesall) ze droen. Doduerch kann dann d’Loft wéi och d’Uewerflächen am Klassesall kontaminéiert ginn. Wei och schonn aus dem Schreiwes vun der Santé nationale erausgeet, bréngen d’Masken nëmmen eppes, wann déi Persoun, déi infizéiert ass, se unhuet, a bidde kaum Eegeschutz. Dowéinst soll also grad am Klassesall nach méi penibel dorobber opgepasst ginn, dass de Mondschutz richteg an déi ganzen Zäit ugedoe bleift.

Den psycheschen Drock, dee vun der Situatioun ausgeet

Een Aspekt, dee menger Meenung no an den Entscheedunge staark vernoléissegt ginn ass, ass de
psycheschen Drock, deen op de Schüler an de Proffe läit. Sech an deenen zéng Schouldeeg unzestiechen, heescht fir e Primaner och, dass hien/hatt den Examen net matschreiwe kann. Ass de Fall da bis bestätegt, ass eng Quarantän fir déi betraffe Persounen (an deemno och d’Ëmfeld) virgesinn. Dobäi läit déi üblech Inkubatiounszäit vum SARS-CoV-2 am Reegelfall bei fënnef bis siwen a maximal 14 Deeg (ministère de la Santé). Dat entsprécht dann de Woche virum Examen, wou een am meeschte léiere kann, an et wier dann net emol sécher, dass een dann den Exame matschreiwe kéint.

Dozou kënnt dann nach, dass ee seng Famill a Matmënschen och net dem Risk aussetze wëll, sech bei engem selwer infizéieren ze kënnen. Och an eisem Alter gëtt et Leit, déi zu de vulnerabele Persoune gehéieren oder mat vulnerabele Leit doheem wunnen. Et wëll een seng Matmënsche sou gutt wei méiglech schützen, an dowéinst huet een och déi lescht fënnef Woche drop verzicht, sengem „normale” Liewen nozegoen, wéi seng Frënn ze gesinn. Déi Isolatioun huet méi oder manner staark psychologesch Konsequenzen op jiddereen. Verschidde Schüler gi mam zousätzleche Stress ganz gutt eens, anerer manner, an dach wier dat keen Argument, fir déi Situatioun schéinzeschwätzen. A ville Fäll sinn d’Schüler ganz gutt eens ginn, fir vun doheem aus ze schaffen. Anerer hunn d’Motivatioun komplett verluer, erëm anerer hunn net emol de Kader gehat, fir anstänneg léieren ze kënnen. En haart Ëmfeld, keen anstännege Réckzuchsuert oder och de mentalen Drock, deen d’Aarbechtsliewe vun den Eltere betrëfft, hunn dem Schüler nach zousätzlech Steng an de Wee geluecht. Léiere mat Bedenken a Suergen ass natierlech méi schwéier wéi ouni a fir verschiddener onméiglech. Dës ass en zousätzleche Stress, deen zum Examen nach dobäikennt. An awer muss ech hei scho kuerz preziséieren, dass ech dogéint sinn, d’Examen ze verréckelen oder guer net schreiwen ze goen.

Den Aspekt vu Mënschemassen

Wei scho gesot, gouf viru kuerzem vun der Regierung decidéiert, dass Evenementer vu méi wéi 100 Persoune bis den 31. Juli verbuede sinn. Ech bewäerten och d’Schoul als en Evenement, well och do grouss Mënschemassen openeen treffen. An eisem Fall, am Lycée Aline Mayrisch Luxembourg, wieren dat dann an der éischter Woch méi ewéi 130 Primaner, d’Léierpersonal, an all déi aner Employéen am Secteur d’Educatioun (wéi d’Direktioun, d’Conciergerie, etc.). Dat si scho wäit iwwer 150 Persounen. Nach méi kritesch gëtt et dann an der Woch, wou d’Hallschent vun de Schüler aus dem Secondaire nach dozou an d’Schoul kommen. Dat wieren dann nach eng Kéier iwwer 600 Schüler méi am Gebai. Dat a Verbindung domat, dass een den ëffentlechen Transport benotzt an an engem Haushalt statistesch gesi méi wei zwou Persoune pro Haushalt wunnen (Statec 2019), ass de Risiko ginn, dass d’Reproduktiounszuel drastesch an d’Luucht geet. Wann een awer bis mierkt, dass déi ganz Situatioun aus dem Rudder leeft, wäert et schonn ze spéit sinn.
E kuerze Bléck a Richtung Südeuropa geet do schonn duer.

Wéinst de Lockerunge vun der Isolatioun an der Reouverture vun de Schoule geet och d’Toleranzgrenz vun de Schüler erof, sech un d’Isolatioun ze halen. Et wäert nach eng Kéier méi schwéier sinn, sech net mat de Kollegen ausserhalb vun der Schoul ze treffen, well ee schonn dee ganzen Dag mat hinnen an der Schoul verbruecht huet. D’Wahrscheinlechkeet, sech manner no de Sécherheetsmoossnamen ze riichten, ass deementspriechend ginn.

Wei kéint een et besser maachen?

Den Här Claude Meisch huet während der Pressekonferenz en Donneschdeg, de 16. Abrëll, betount, dass Schoul doheem gutt zu Lëtzebuerg fonctionéiert huet. Dowéinst steet berechtegt d’Fro am Raum, firwat een dat fir déi lescht zéng Deeg fir d’Primaner net nach weiderféiere kann. Wat manner Leit mat aneren a Kontakt kommen, desto besser. Doheem bleiwen ass eng Mesure, déi geholl ginn ass, fir Schued ze miniméieren, an den Zäitpunkt, fir domadder opzehalen, ass denkbar schlecht.

Trotzdeem gëtt et Schüler, déi hir Proffen nach eng Kéier virum Examen a Persoun wëlle gesinn. Dat ass ee Wonsch, deen een novollzéie kann, well fir gewësse Schüler de Proff méi ewéi nëmme „Léierpersonal“ ass an den Discours eng mental Stëtz virun de bevirstoenden Exame bidde kann. Awer net all Schüler gesäit dat als noutwendeg un, e ka mat sech selwer ausmaachen, sech deem Discours ze entzéien. Fir all de Schüler do e Stéck entgéint ze kommen, géif ech virschloen, dass een dat Ganzt fakultativ mécht. Dat heescht, de Schüler d’Méiglechkeet ze bidden, sech mat de Proffen ofzeschwätzen, bei deenen se eng Entrevue als wichteg ëmfannen, mee doraus keng Obligatioun ze maachen. D’Schoule wieren dann och op fir déi, déi léiwer an der Schoul léieren, well se do méi Kapazitéite mobiliséiere kënne wei an den eegene véier Maueren.

Gesat de Fall, wou d’Schoul vum 4. Mee un nees obligatoresch wier, missten no den opgezielte Punkten e puer Mesuren ugepasst oder geännert ginn:

– De Mondschutz muss permanent zur Ausstattung vun all Schüler dozougehéieren an am Klassesall obligatoresch sinn, sou wéi op aneren ëffentleche Plazen, wou den Ofstand vun 2 Meter net zu all Zäitpunkt ka garantéiert ginn.

– An de Schoulbusser muss ee garantéieren, dass ee wäit genuch fort vun anere sëtze kann. Dat heescht da wahrscheinlech, zum Bedauere vun der Ëmwelt, eng méi héich Frequenz u Schoulbusser an dicht bevëlkerte Quartieren.

– Eng hallef esou grouss Klass muss dee ganze Schouldag am nämmleschte Klassesall bleiwen an et däerf een net wéinst engem Fach de Sall wiesselen. Dëst gëtt da méi komplizéiert während de Pausen, mee och do léisst sech sécher an noer Zukunft eng Léisung fannen.

Ech wëll nach eng Kéier präziséieren, dass ech dofir sinn, dass den Exame geschriwwe gëtt, an ech momentan just mat de Mesurë vun der Situatioun net averstane sinn. Eisen Diplom, dee mer eis zum Schluss vum Joer duerch eise Fläiss verdéngt hunn, soll genausou vill Wäert si wéi all déi Jore virdrun och schonn, an eis d’Méiglechkeet bidden, sech ob de verschiddensten Universitéiten unzemellen.

Bis elo ass een de Schüler schonn e ganzt Stéck entgéintkomm, an dofir muss een och emol e Merci ausschwätzen. Eis Noten am Joer kënne mer deelweis fortloossen oder nach zousätzlech Prüfunge schreiwen, fir se ze verbesseren. Och de ganzen Examensprogramm gouf ugepasst a gekierzt, fir dass nëmmen dat am Examen dru kënnt, wat ee mam Proff an der Klass bis den 13. Mäerz gesinn huet. Dat sinn definitiv Aspekter, déi en faveur vum Schüler sinn an der Situatioun adequat ugepasst goufen.

Mat der Hoffnung op en Discours, bei deem et net ëm d’Fronten tëschent Schüler a Ministère, mee ëm d’Léisung als Kollektiv geet.

* Den Olivier Thull ass Schüler vun der 1re B am Lycée Aline Mayrisch

Linda
24. April 2020 - 8.59

Et ass jo alles schéin a gudd mais da muss och de Congé pour Raisons Familiales fir déi zougänglech sinn wou Kanner nach keng 16 Joer hunn, well déi Elteren wou Kand 13 Joer huet mussen schaffe goen an Kand ass de ganzen Daag alleng!! Natiirlech verstinn ech all die Aaner déi vum Congé pour Raisons Familiales profitéieren dass déi Schoulen wellen bis September zou hunn, an all die Aaner musse kuken dass Kanner sech behuelen alleng dohéem de ganzen Daag!! Fakt ass mär mussen mam Virus léieren ze liewen well déen ass de September nach net fort an dann get rem gesoot Schoule mussen zou bleiwen, irgendwann muss et jo awer weidergoen!

Denise
22. April 2020 - 12.18

Ech sinn frouh, dats Du, Olivier, den menschlechen Aspekt besonnesch erfiir gehuewen hues, déi Onsecherheet an Angscht, déi dest Joer an engem vill méi héijen Moos den Examen begleeden. Duerfir gouf et déi Joeren virdrun eppes nom Examen fir sech dovunner ze erhuelen: Spaas zesummen! Sie sinn op Lloret gangen, dono koum fir déi, déi et gepackt haten eng féeierlech Diplomiwerreechung mat stolzen Elteren an zum Schluss nach en Dinnerdance, wou een sech schéin gemach huet. Dat ganzt huet derzougehéiert an war dat, wat emol Reifeprüfung genannt ginn as, eise Rite de passage an d'Erwuessenenliewen. Wat hunn dest Joer déi Kanner dann dovunner? Ech well och dorobber hinweisen, dat de Conseil supérieur vun den Europaschoulen beschloss huet, dat keen Examen stattfënnt an Noten vum Joer zielen esou wéi och an denen aneren Schouljoeren. Vläit kann eis Regierung sech deer Décisioun upassen an dat nämlecht machen.

Marc
22. April 2020 - 1.02

Loost Schoulen zou bis den 15ten September, an jidderen mescht daat Joer nach eng Kéier, well wann der Schüler elo einfach esou duerchkommen loost, faalen op mannst 75% daat Joer duerno duerch. Am Plaatz vun deem verluerenen Joër, rechent daer deenen Klassen aus dem Primär 6 Meint op hier Pensioun un, an deenen aus dem Sekundär 1 Joër op hier Pensioun un. Daat kascht nët vill, an dann si maer all zefridden an roueg.

Jack
21. April 2020 - 17.46

Dat do ass net sënnvoll, an géing allen Leit schwéier schueden. Leider hunn Leit nach net verstaanen, datt Welt virun muss goen an och virun dréint. Mir kënnen net nach 1,5 Joer oder méi op en Impfstoff warden-soss gëtt dat eng nei "verlorene Generation". Well dann bleiwen Schoulen net just bis September zou, mee bis en Impfstoff do ass. Also mat Chance 2022 - 2 Joer verluer. Nee, d'Welt dréint virun, ernzelner wieren sech wuel dergéint. Och wann eenzel Leit vlaicht dat bequem fannen, fir doheem ze hocken amplaz ze schaffen oder an Schoul ze goen, sou kann een net éiweg méi en kompletten Shutdown baibehalen. Sou fonctionnéiert eis Welt net - dat léiert een iwwrigens och an der Schoul oder op der Uni, mee duefir muss se endlech rem opgoen. An genee dufier gëtt et Zait, rëm uzefänken, rëm virun ze machen! An "Summervakanz"-schon virdrun heefeg Thema well ze lang-muss deemno och gekierzt ginn, fir deen graven Retard opzehuelen. Eis Pisa-Tester beweisen leider, datt mir eis keng sou Retarden leeschten kënnen. Duefir gëtt et héig Zait, datt Schoulen, mee och Betriber inklusive Horesca, rëm opginn. Maskenpflicht ass eng gutt Saach an schützt effektiv, eis Infektiounsfäll sinn quasi op 0. Mir sollten an däerfen net riskéieren, dausend mol méi Affer duerch Suiten duerch den Shutdown ze kréien, wéi lo duerch den Covid-19 entstaanen sinn.

tom
21. April 2020 - 16.46

Alles interessant aber noch erheblichere Folgen für die Zukunft wird es für die Schüler und Schülerinnen in der Vorschule, vor allem für die die im 6ten Schuljahr sind, denn diese gehen ja ins Lyzeum und haben nahezu ein ganzes Trimester verpasst. Diese Schüler und Schülerinnen werden so benachteiligt werden und nicht mit dem Programm mitkommen können. Sie sollten einfach die möglichen Kurse besuchen und ohne weitere Folgen auf ihre Zukunft das Jahr komplett wiederholen.

Sarah
21. April 2020 - 14.24

Ganz gutt geschriwen! Ech sinn selwer och 1/2 Schülerin, an gesinn elo schon dermoosen vill Risiken denen ech an meng Matmenschen wärt ausgesaat ginn.. Ech muss dobäi soen dat d'Maskenpflicht schéin a gutt ass , mä et bidd absolut keen Schutz! Am Contraire! Durcht Maske päckt een sech vill méi oft am Gesiicht un. Waat de Risiko vun enger Contaminatioun an d'luutt dreiwt.

Jack
21. April 2020 - 13.11

Och wann vill Schüler an wuel och Léierpersonal gehofft haaten, se hätten vum 14. Mee un Vakanz bis den 15. September. Dëst mierkt een un sou munchen Reaktiounen a Lieserbréiwer. Ech hoffen mir hunn glaich en Medikament dat den Krankheetsverlaaf op mannst verkierzt, mee dann kéint an sollt een och onbedengt - genee wéi baim Congé collectiv - och iwwert eng Verkierzung vun der "Summervakanz" nodenken. Am Ausland ginn Schoulen an Lycéen och well den 1.September un-do kéint een sech drun orientéieren. Genee sou Schoul bis den 31. Juli. Sollt sou en Medikament nach zur Zait kommen, géing een sëcherlech genee sou Leserbriefe liesen, wann beispillsweis Schoulvakanz em 1 Mount géing gekierzt ginn-mat deels ganz "exoteschen" Argumentatiounen.

Pol
21. April 2020 - 10.32

Et misst dann no enger aanerer Léisung gesicht ginn, z.B. d'Schouljoer komplett ze annulléieren a jiddereen muss d'Joër nach eng Kéier machen. Wann een elo mat enger just halwer Première sech op enger Uni aschreiwt, riskéiert hie ganz stark do spéitstens am 2. Semester total ewech ze fueren, domadden ass dann och kengem gehollef.

Hartendauer annemarie
21. April 2020 - 8.12

Ech stemmen desem Bericht 100% zou. Et as se frei fier schoulen op se man Se sollten ofwarden bis September Kanner sin eis Zukunft an dei mussen geschützt gin. Ech hoffen dass den Monsieur meisch Claude dabei och wirklech ebes mescht weiterhin Home office klappt jo gudd vill kanner hun weiterhin per Video Chat Kontakt mat den Proffen

Marie-France
20. April 2020 - 21.02

Wei wär et mat Tester, dei Woch virdrun?Sou hätt en gudden Iwerblëck, wann och keng 100% Garantie. Fir jidderén dén zreck an d'Schoul geht....

Luc
20. April 2020 - 20.04

@Markus .. zum Beispiel .. aber sowas sollte man nicht öffentlich sagen .. da wird man ganz schnell als Verschwörungstheoretiker beschimpft oder "gelöscht" .. Schade, denn wäre nicht jetzt, wo die angekündigte Apokalypse zum Glück nicht eingetreten ist, die Zeit reif für eine objektive Diskussion, besonders auch in unseren Medien ?

Peter
20. April 2020 - 19.51

@ Rafferty: Auch in Schweden gibt es urbane Regionen und Ballungsgebiete die sogar noch dichter besiedelt sind als Luxemburg.

Tilly
20. April 2020 - 19.35

Mäi Respekt fir déi nuancéiert an altruistesch Fuerderung, d‘Dier opzeloossen fir déi, déi ee Besoin hunn - entgéint der eesäiteger Fuerderung an der Petitioun.

Clabi
20. April 2020 - 19.01

Schoul zou, färdeg an verschidden Länner ass dat. 1. Examen kënnen och am August / September gemach ginn. Ech mengen dëst Joer geet souwiesou kéng Vakanz. An Rentrée vun September muss organiséiert ginn dass Schoulen iwwert Videoconference funktionnéiert, well et geet eng lang crise. Et muss no der Gesondheet gekuckt ginn. Op secher goen, an Hei an do Tester brengt näischt, well jiddereen huet een aner Immunsystem, an wann eis Regierung versicht doropper ze spillen dass jiddereen soll et kreien fir Immun ze sin, dat kann an Box goen.

Markus
20. April 2020 - 18.04

@Luc : meinen Sie mit Medienkompetenz das Ansehen von Reportagen wie „Profiteure der Angst“ von Arte aus dem Jahr 2010 welche auf youtube zu finden ist ?

Rafferty
20. April 2020 - 17.59

@Markus: Vielleicht weil Schweden eine ganz andere Bevölkerungsdichte aufweist? In Schweden liegt die Bevölkerungsdichte gerade mal bei 22,7 Einwohner pro km2, in Luxemburg liegt sie bei 228 Einwohner pro km2, also zehnmal höher. Die Gefahr, einen Elch anzustecken, ist in Schweden daher wahrscheinlicher als einen Mitmenschen zu infizieren.

Guy
20. April 2020 - 16.22

Exzellenten Beitag Olivier! Als Papp vun enger Premières Schülerin kann ech deng Propositiounen nemmen ennerstetzen. Get den Besuch vun der Schoul ab dem 04. Mai fir d'Premières Schüler fakultativ, esou ass daat een duebelen Gewenn: Dodurch, dass manner Schüler an d'Schoul kommen geet den Risiko vun enger Infektioun kloer zereck, anererseits get awer och den Interessen vun deenen Schüler/innen Rechnung gedroen, dei hir Proffen nach wellen virum Examen gesinn respektiv all deenen, dei nach wellen zousätzlich Prüfungen schreiwen. Ziel muss jo sin, dass all Schüler/innen gesond bleiwen an esou och hiren Examen wei geplant kennen schreiwen. Dem Här Meisch schon een Merci am Viraus fir ob desen konstruktiven Virschlaag anzegoen.

Martine Welter
20. April 2020 - 15.30

Gudd geschriwen, an wuel iwerluecht! Dei Ausso vun eisem Premier : „Versammlungen vun mei wei 100 Leit sin verbueden“ , an d‘Décisioun vum Här Meisch d‘Schoulen erem opzemaan wou sech, wei am oppenen Breif beschrriwen ass zu „Spetzenzeiten“ iwert 500 Persounen befannen, ass en eenzegen Paradox. Souguer wann een probeiert eng Distanz anzehaalen , ass et net meiglech!

Klose Ariane
20. April 2020 - 15.22

Merci als Éischt Här Olivier Thull daß Dir Äre Numm ugin hutt. Ech als Mam vu 4 Kanner déi elo ee Glëck net méi Schoulbänk mußen drecken,well ech awer Är Meenung vertrieden. Sou gut fier D‘Schüler wéi och fier ganzt Personal ass deen Entschloss mat Risiko verbonnen. Hoffen daß Dir en oppend Ouer fand. Mat frëndleche Gréiß. Ariane Klose

Carine
20. April 2020 - 14.15

Als Mamm vun enger Premières Schülerin sin ech dem Olivier senger Meenung an fannen och datt een d’Schüler engem onnéidegen Risiko an Stress aussetzt. Ech denken och, datt een d’Schoul opmaachen kann fir di Schüler di e Besoin hun hir Proffen ze gesin, also fakultativ. Ech hoffen datt de Minister de Bréif vum Olivier liest an sech dat zu Häerzen hëllt an datt nach vill Schüler an Eltern dem Olivier sain Bréif liesen, deelen an hien domat ënnerstëtzen. Solidaritéit ass och hei an dësser Situatioun fir d‘Schüler wichteg.

Markus
20. April 2020 - 13.51

und wieso machen die Schweden alles anders ?

Tilly
20. April 2020 - 13.17

@ J. Scholer: Ech hoffen, Dir sidd net Patron vun engem Betrib an och net Personalchef.

Luc
20. April 2020 - 12.15

.. schön, dass sich auch mal ein junger Mensch öffentlich kritisch äußert .. Aber sollten es nicht ihr Millennials sein, die sich durch ihre Medienkompetenz umfassend informieren können, um nicht weiter im Panik-Modus zu verharren und so die Gesellschaft weiter bringen ? Wer wenn nicht ihr, sollte mutig über den Tellerrand bzw. die Grenzen schauen ..

J.Scholer
20. April 2020 - 12.01

In all den berechtigten Diskussionen um das Thema Schule , werden die Abiturienten und anderen Schulabschlusskandidaten immer damit konfrontiert sein, der Covid Jahrgang gewesen zusein, der mit besonderen Vorteilen belegt ,ihre Examina ablegten und damit riskieren , jene die ihr Examina unter normalen Bedingungen absolvierten , bei der Besetzung von Arbeitsplätzen benachteiligt zu werden.