LeserforumQuo vadis, Lëtzebuerger Futtballveräiner? D’Lëtzebuerger Nationalekipp an hir sportlech Erfolleger verstoppe leider Problemer, déi sech ëmmer méi konkret um Niveau vun de Veräiner stellen. Mäi Veräin, an deem ech elo 60 Joer eng Lizenz hunn, ass elo an d’Éierepromotioun eropgeklommen. Problemer um finanzielle Plang (Budget ab 150.000 Euro opwäerts) si leider och an d’Luucht gaangen. Wéi mer dat bei 1.500 Zuschauer...