LeserforumPaul Philipp als FLF-President? #OHJO

Leserforum / Paul Philipp als FLF-President? #OHJO
(Symbolfoto Leserbrief) Foto: Pixabay

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Eppes sief emol direkt kloergestallt: Dëse Lieserbréif ass just meng perséinlech Meenung an net déi vun engem Veräin oder engem Comité. Dann awer direkt zur Thematik: D’FLF gëtt sech een neie President – oder bleift et de laangjärege President Paul Philipp? Wann et mir no geet, sollt een de Paul Philipp nach véier weider Joer schaffe loossen, wëll dat mécht hien: schaffe fir de Lëtzebuerger Futtball. Dass ee beim Schaffen net ëmmer alles richteg mécht, dass een emol Leit enttäuscht, dass et Leit gëtt, déi anerer Meenung sinn, dat misste mer u sech alleguer kennen aus eisem eegenen Aarbechtsliewe respektiv och dem Benevolat. „Beim Huwwele fale Spéin“ oder „Ween näischt mécht, deen näischt brécht“. An de Paul Philipp huet scho vill „gehuwwelt“ a „gemaach“. Wat ech absolut net verstinn an novollzéie kann, dat ass, wa Leit der Meenung sinn, de Paul Philipp, oder soss ee President, géif dat just fir sech selwer maachen. Hätt hien dat néideg? No quasi engem ganze Liewe fir de Futtball? No 18 Joer un der Spëtzt vun der gréisster Federatioun am Land a virdrun huet hie 16 Joer laang d’Lëtzebuerger Nationalekipp trainéiert. Wat misst hien sech perséinlech nach beweisen?

Wéi gesot gëtt et bei esou engem laangen Engagement selbstverständlech Saachen, déi ee kritiséiere kann, Saachen, déi ee besser maache kann, mä fir mech zielt awer dat Ganzt. Eise Lëtzebuerger Futtball steet gutt do. D’Aushängeschëld, d’Nationalekipp, huet ënnert der Ekipp Paul Philipp ee risege Schrëtt no vir gemaach, Ech schreiwen Ekipp, wëll een eleng mécht dat net: Mir hunn een excellenten Nationaltrainer (deen déi deemoleg Ekipp Philipp engagéiert huet), dee mat excellente Spiller (déi zu engem groussen Deel duerch d’Futtballschoul gaange sinn, déi vun der deemoleger Ekipp Philipp gegrënnt gouf) Lëtzebuerg lues a lues ëmmer méi op déi europäesch Landkaart vum Futtball gesat huet, a wann een haut vun enger méiglecher Qualifikatioun fir ee grousst Turnéier, also EM oder WM, schwätzt, da gëtt een net méi direkt fir verréckt erkläert. Eis Nowuessekippen, d’Zukunft vum Lëtzebuerger Futtball, hu gréisstendeels ganz gutt Resultater an den Encadrement ass och virbildlech an d’Jugendekippen hunn eis déi lescht Jore jo och bewisen, dass eng Lëtzebuerger Ekipp op groussen Turnéieren duerchaus keng Saach vun der Onméiglechkeet ass. Dat, wat an der Vitrinn steet, de Sport, de Futtball, ass also bal net ze kritiséieren.

Et ass mer awer bewosst, dass och vill ronderëm ass, an dass et do nach vill ze verbessere gëtt. Et feelt un Arbitteren a wann ech fréier Arbittere liesen, sinn d’Fraen a Männer mat der Päif net ëmmer esou behandelt ginn, wéi et vläicht richteg gewiescht wär a wéi si et fir hir schwéier Aarbecht, hiren Asaz, verdéngt hätten. Ouni Arbitter, kee Match, dat musse mer eis all bewosst sinn. Och an zemools de CA vun der FLF.

De Benevolat ass ee permanente Chantier, mä net nëmmen am Futtball. Wat kann d’Federatioun maachen, fir dass d’Leit sech am Veräi méi engagéieren? Ass et do net éischter un der Politik, fir een Encadrement ze schafen, dat de Benevolat méi attraktiv mécht, respektiv och un de Gemengen, fir de Benevolat mat klengen Aktiounen nach besser z’ënnerstëtzen? D’Federatiounen, alleguer d’Federatioune mat virop natierlech der gréisster, sollten sech do mat der Politik un een Dësch setzen, fir de Benevolat méi attraktiv ze maachen, ier et de Benevolat net méi gëtt.

Den Damme-Futtball huet ee Sprong gemaach, mä och do ass nach villes ze maachen – an de Veräiner a bei der FLF. Och dat muss ugepaakt ginn.

All déi Chantieren a sécher nach anerer sinn net ewechzerieden, an do muss a wäert de Paul Philipp mat Sécherheet a sengem hoffentlech nächste Mandat (misse) Faarf bekennen. Mä hien net eleng, seng ganz Ekipp. An zu där Ekipp gehéiert den Ament och säin Erausfuerderer, dee jo och ee Merite huet un all deem, wat geschafft gouf a mat „schëlleg“ ass un all deem, wat net esou gutt gelaf ass. Et war eng Ekipp um Rudder, mam President Paul Philipp, mä net de Paul Philipp eleng. Och de Géigekandidat vum Paul Philipp war menges Wëssens no 16 Joer mat am CA an hat also och do 16 Joer d’Méiglechkeet, Saache mat ze veränneren. Et ass selbstverständlech jidderengem säi gutt Recht, sech bei Walen opzestellen, dofir si Walen do, an ech hu Respekt viru jidderengem, deen sech wëll engagéieren. Ech sinn awer der Meenung, dass op d’mannst dës Kéier nach de Paul Philipp dee bessere Choix ass. Ech betounen dës Kéier, wëll et och fir alles eng Zäit gëtt, fir d’Rudder weider ze ginn un déi nächst Generatioun. An do sollt de Paul Philipp sech elo déi nächst véier Joer och Zäit huelen, fir seng Nofolleg selwer mat ze preparéieren. Dat lescht Wuert hunn ëmmer d’Veräiner, mä näischt hënnert de President drun, selwer mat ze hëllefen, d’Zukunft, och déi un der Spëtzt vun der FLF, (mat) opzebauen. Fir de Paul Philipp elo ofzewielen an domadder duerch déi kleng hënnescht Dier vum Terrain ze schécken, dat huet hie sécher net verdéngt.

Ech soen dem Paul Philipp ee grousse Merci fir dat, wat hie Guddes fir de Lëtzebuerger Futtball gemaach huet, an um Kongress géif ech perséinlech mat engem kloren #OHJO fir dee Mann stëmmen, deen an der Tëschenzäit och zur „Kult-Figur“ ginn ass, duerch seng legendär Optrëtter als Kommentator vun den Champions-League-Matcher. Dat huet näischt mat der Funktioun als FLF-President ze dinn, mä och do gesäit een, dass hien de Futtball lieft, wéi wuel keen Zweeten am Land. Hie kennt all nach esou onbekannte Spiller aus all Ekipp (och wann se heiansdo e bësse „vernannt“ ginn).

Ech géif de 15. Oktober fir Kontinuitéit vum Erfolleg wielen, wat awer net heescht stoe bleiwen, mä de Lëtzebuerger Futtball weider dreiwen, um Terrain a ronderëm.

An da wäert de roude Léiw an och d’Léiwin, nach méi wéi eng Kéier als Gewënner vum Terrain goen.

jung.luc.lux
7. Oktober 2022 - 9.35

De Paul Philipp huet fir de Futball hei am Land geschaft. Hien soll esou weider machen. Hoffentlech.