FAL-Serie (6)
„Fondation Autisme Luxembourg“: Vu Famillje fir Familljen
Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis „Fondation Autisme Luxembourg“ (FAL) dëst Joer feiert, wëlle mir de breede Spektrum vum Autismus der Gesellschaft méi no bréngen. Dofir riichte mir dat ganzt Joer iwwer eis Opmierksamkeet all Mount op een anere bestëmmte Liewensberäich a schwätze mat betraffe Persounen iwwert hir eegen Erfarungen. Zudeem ronne mir dat Ganzt mat fachlechen Aussoe vun Experte vun eiser Fondatioun of.
D’Ekippe vun der FAL si säit 25 Joer #ËMMERDO – ënnert anerem an hirem Foyer zu Rammerech Foto: Editpress/Hervé Montaigu
D’FAL gouf den 18. Juni 1996 vun engem Grupp vu betraffenen Eltere gegrënnt, déi eppes géint de Manktem un Ariichtungen an Déngschtleeschtunge fir Mënsche mat Autismus zu Lëtzebuerg ënnerhuele wollten. D’Ekippe vun der FAL si säit 25 Joer #ËMMERDO. #ËMMERDO fir alle Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung an hirem Ëmfeld breetgefächert an individuell Forme vun Ënnerstëtzung unzebidden. #ËMMERDO fir sech fir d’Rechter vun de Betraffenen anzesetzen a fir de Familljen an alle Liewensberäicher zur Säit ze stoen.