Zeithistoriker
E puer Froen zur Sortie de crise
D’Regierung versicht zanter engem Joer, gréisstendeels am Konsens mat der Oppositioun am Parlament, esou gutt wéi méiglech d’Folge vun der Pandemie zu Lëtzebuerg ze meeschteren. Regierung a Parlament stinn awer elo virun enger weiderer, op d’mannst genee sou grousser Erausfuerderung. An dat ass, d’Sortie aus der sanitärer Kris ze plangen. Net nëmmen um medizineschen, mee och um wirtschaftlech-soziale wéi um psychologesche Plang. Erlaabt mer dozou e puer Commentairen a Froen.
Och wa mer zanter genee engem Joer net an enger Krichssituatioun liewen, erliewe mer déi gréisste Kris zanter der Wirtschaftskris vun den 1970er Joren Foto: Editpress/Julien Garroy
Och wa mer zanter genee engem Joer net, wéi de franséische Präsident Macron an aner Politiker et an hire Kommunikatiounsdelirie formuléiert hunn, an enger Krichssituatioun liewen, erliewe mer déi gréisste Kris zanter der Wirtschaftskris vun den 1970er Joren. Wéi deemools versiche Regierung a Sozialpartner mat aktiver Mathëllef vu groussen Deeler vun der Bevölkerung Solidaritéitsmechanismen en place ze setzen a mobiliséiere Staatsgelder, fir déi wirtschaftlech a sozial Folge vun der sanitärer Kris ofzefiederen.