LESERFORUM
Wéinst engem Akt vun Empathie op der Strooss erschoss ginn
De 24. Januar 2026 ass den Alex Pretti, e 37 Joer alen Infirmier zu Minneapolis am US-Staat Minnesota vun der Immigratiounspolizei ICE mat zéng Schëss, déi a fënnef Sekonnen ofgeféiert gi sinn, op der Strooss erschoss ginn. Wat war säi Crime? Hie wollt eng Fra beschützen, déi vun engem ICE-Polizist op de Buedem geworf gi war. De Pretti, dee spéider vun der Trump-Administratioun als „Terrorist“ bezeechent ginn ass, war e registréierten Infirmier, deen op der Intensivstatioun am Spidol vum US Department of Veterans Affairs zu Minneapolis geschafft huet.
Wann e Staat senge Polizisten et erlaabt, esou Crimmen ze begoen, ouni dass se musse fäerten, bestrooft ze ginn, dann ass dee Staat amgaangen, säin zivilisatorescht Fundament opzeginn.
Wat geschitt, wann Empathie offiziell als Schwächt deklaréiert gëtt a versicht gëtt, de Mënsche vu klengem un déi „Schwächt“ auszedreiwen (d.h. d’Entwécklung vun där wichteger mënschlecher Fäegkeet ze ënnerbannen), huet Nazi-Däitschland bewisen. Dëse wansinnege Projet – deen een och kann „Umkehr der Werte“ nennen – huet an Nazi-Däitschland derzou gefouert, dass eng grouss Zuel vu Soziopathen entstanen ass, déi an totaler Stroffräiheet konnte muerden, muerden an nach eng Kéier muerden. An dat ouni dobäi Gewëssensbëss ze empfannen. Wëllen d’USA wierklech och dëse mënscheveruechtende Wee aschloen?
Entwécklung zur voller Mënschlechkeet
Laut dem franséische Gehierspezialist Richard Lévy, Auteur vum Buch „Cortex“ (Paräis 2025), existéiert an eisem Gehier d’Potenzial, fir Empathie an aner Fäegkeeten ze entwéckelen, déi essenziell si fir d’Schafung vun enger ziviliséierter mënschlecher Gesellschaft. Allerdéngs stinn dës Fäegkeete bei der Gebuert nach net zur Verfügung. Si entsti mat der Entwécklung vum präfrontale Kortex a gi staark beaflosst vun der Ëmwelt, an där mir opwuessen, a vun der Erzéiung, déi mir kréien. Vläicht kann een dëse Prozess „Entwécklung zur voller Mënschlechkeet“ nennen. Dem Richard Lévy no ass dat e luese Prozess, deen eréischt am Alter vun ongeféier 25 bis 30 Joer seng Maturatioun erreecht.
„Serial Killer“
Fir vollstänneg mënschlech ze sinn, dat heescht fir sech wéi en ziviliséierte Mënsch kënnen ze verhalen, muss d’Gehier duerch e laange Prozess geléiert hunn, déi primär Triber an Emotiounen, déi mir aus eiser Déierenherkunft geierft hunn – déi awer sozial schiedlech sinn – ze hemmen. An et muss eng stänneg Interaktioun am präfrontale Kortex ginn tëscht deem, wat de Richard Lévy dat „waarmt Gehier“ nennt – dat mir besonnesch brauche, fir Empathie a sozial Upassungsfäegkeet ze entwéckelen – an de „kale Regiounen“ vum Räsonement. A sengem Buch stellt de Richard Lévy sech e Mënsch mat héijem IQ vir, deen awer am „waarmen“ präfrontale Kortex-Beräich ënnerentwéckelt ass. Wat kéim dobäi eraus? Ech zitéiere vun der Säit 106 aus dem Buch: „Un être particulièrement brillant, éprouvant comme chacun d’entre nous des pulsions et des fantasmes, mais dénué de chaleur humaine et de pitié. Que fera-t-il de sa vie? Serial killer?“
Nach aner Kategorie vu mënschleche Monstere kommen engem an de Kapp, esouwuel aus der Vergaangenheet ewéi och aus der Géigewaart …
Virsiicht bei Bully-Methoden
Passe mer also gutt op, wa Staatscheffen den „haarde Mann“ wëlle markéieren an de Rechtsstaat an eis humanistesch Errongenschafte wëllen duerch animalesch Brute Force ersetzen. Leider ginn d’Groussmuechten haut nees vu Männer ugefouert, déi eng Preferenz fir Muechtspiller a Bully-Methoden hunn, an net vill vun den zivilisatoreschen Errongenschafte säit dem Enn vum Zweete Weltkrich schéngen ze halen.
Déi lescht grouss Bullyen Hitler, Mussolini an Tōjō, déi alleguer Empathie als Schwächt ugesinn hunn, hunn eis den Zweete Weltkrich produzéiert. Hoffentlech produzéieren déi haiteg Bullyen Trump, Putin an Xi Jinping eis net den Drëtte Weltkrich!