Leserforum
Wéi vill Déiereschutz wëlle mir?
Foto: Editpress-Archiv
Deen uewe genannten Debat gëtt scho laang gefouert a mir, genau sou wéi eis Politik, schéngen ons net sou richteg eens ze sinn, wou ufänken a wou ophale mat eisem gesetzlechen Déiereschutz. Am Zentrum vun der Diskussioun muss als éischt emol vun eis all de fundamentale Gedanke verënnerlecht ginn, datt d’Déieren, als Wiesen, déi fillen, eise Respekt a Schutz verdéngt hunn. Och de Schutz virun eisesgläichen! Dofir erkläert sech och vun eleng, datt d’Definitioun an de Vott vun engem gesetzleche Kader, deen all Déier viru Quälerei, Ausnotzung an onnéideger Péng schützt, eis moralesch Flicht ass.