Leserforum

Vun Dackelen a filigrane Monsteren 

 

 

Dat, wat mir virun zwee Joer scho gesot hunn, ass haut elo Realitéit: déi onméiglech Bréck iwwert d’Neiduerf wäert méi wei 40 Mio. kaschten! Deemools huet de Schäfferot eis ausgelaacht. Mat Sécherheet geet dat nach net duer, well et steet jo nach ëmmer kee Steen um aneren. Rieds geet vun engem Plus vun 30 Prozent – aus der Täsch vum Steierzueler. Wat seet de bloe Conseiller, dee viru Joren am Neiduerfer Schoulhaff stoung a sech um Mikro vun RTL echaufféiert huet, dës Bréck géif ze deier ginn? Wéi steet säi Parteikolleeg, de Fitschert, dee Mobilitéitsschäffen ass, dann haut zu senger Ausso: „Versprieche gehalen?“ Dës Bréck schéngt just e Gefale vun dësem Schäffen un „déi gréng“ ze sinn, vun deenen hie sech Stëmmen erwaart, fir erëmgewielt ze ginn. A wat seet d’Buergermeeschtesch dann dozou? De Kanal am Neiduerf war hir ze deier ginn an se huet sech deemools massiv driwwer opgereegt. Dee Kanal ass awer vill méi wichteg wéi dës Bréck. Geheit d’Madamm sech bei dësem onnëtze Projet da grad esou an d’Broscht? An da schwätzen déi do vun Ëmweltschutz!

Jetzt kostenlos testen: Ihr persönlicher 24-Stunden-Zugang

  • Zugang zu allen Online-Artikeln
  • E-Paper auf tageblatt.lu und in der App

Sie haben bereits ein Konto ? Melden Sie sich hier an.

Das könnte Sie auch interessieren

Editorial

Die Regierung muss Plattformarbeit streng regulieren

Forum von André Wilkens

Europas Stärke von unten: Warum Zivilgesellschaft und Erasmus für die EU-Zukunft entscheidend sind