Leserbrief

Un déi gréng: Ecce homo

Von links nach rechts: Die grünen Minister François Bausch, Carole Dieschbourg, Sam Tanson, Henri Kox und Claude Turmes.

Von links nach rechts: Die grünen Minister François Bausch, Carole Dieschbourg, Sam Tanson, Henri Kox und Claude Turmes. Foto: Julien Garroy / Editpress

An de jéngsten Entwécklunge schéngt mir sech e Schema vun de grénge Spëtzepolitiker ze etabléieren. All Reform gëtt iwwert de Kapp vun de Matbierger, souguer Parteikolleegen (cf. Felix Braz), ewech gemaach. Och wann hei sech e Mëttwoch den Owend deene Gréngen hire Co-President Meris Sehovic kommunikatiounstechnesch probéiert huet, seng Partei als Opfer do stoen ze loossen an theatralesch vun der Verantwortung vum Land geschwat huet. Ob den Här Braz eng Méiglechkeet hat, gesond ze ginn, doriwwer ass net nogeduecht ginn, an am Moment gëtt sech hannert de Bestëmmunge vum CGPO verschanzt. Wéi gesot, weist sech hei fir mech e mëttlerweil bekanntent Schema, nämlech dee vun der Reform vum Behënnertentransport Adapto/Copas. Hei ass jo och vun dem grénge Spëtzepolitiker an zoustännege Minister François Bausch einfach iwwert d’Käpp vun den betraffene Leit ewech decidéiert ginn. Keng betraffe Persoun ass virun der Reform vum Adapto kontaktéiert ginn, fir mat hir participativ ze kucken, ob si kënnt den ëffentlechen Transport gebrauchen. Nëmmen op de Refus vun der neier Adaptoskaart huet déi betraffe Persoun theoretesch Méiglechkeet, sech ze wieren. Souguer dëst ass am Moment net ganz kloer, mee surtout net transparent. Ass den Déhumanismus elo den „nice to be“, den Trendsetter vun de Lëtzebuerger Gréngen? Wou d’Käpp vun de Leit näischt méi wäert sinn!

Jetzt kostenlos testen: Ihr persönlicher 24-Stunden-Zugang

  • Zugang zu allen Online-Artikeln
  • E-Paper auf tageblatt.lu und in der App

Sie haben bereits ein Konto ? Melden Sie sich hier an.

Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Démocratisation du système salarial …!?

Leserforum

Die Indexdeckelung – eine sozialpolitische Stellschraube?

Leserforum

Religion als Machtinstrument? – Ein gefährlicher Rückschritt

;