E Saz, deen ee vill ze oft héieren huet, fir en nach wierklech eescht ze huelen. Well d’Wourecht ass vill méi banal a vill méi brutal: Eng Tripartite, an där kee méi dem anere vertraut, ass vun Ufank un zum Scheitere verurteelt.
Respekt kennen déi mannsten, zumol wann et aner Leit hiert Eegentum ass. Erzéiung ass och e Problem. An Däitschland mat zwielef Joer mat Messer an der Täsch. Et ass esou schlëmm ginn iwwerall a mir mussen domat liewen an eens ginn.
D’Buslinn 7 Esch/Gare - Maartplaz - Bibliothéik war jorelaang topp, bis et der Direktioun vum TICE, oder wéi béis Zonge behaapten, op Drock vun engem vun der Escher Gemeng (honi soit qui mal y pense!), am Januar 2026 agefall ass, hei eppes dorunner ze änneren! An dat zum Nodeel vun de Lallenger Leit, besonnesch den eelere Leit oder deenen, déi an hirer Mobilitéit ageschränkt sinn.