Forum von Georges Engel
Tëschent Selbstduerstellung a politescher Realitéit
Mam Amtsuntrëtt vum neien Aarbechtsminister soll alles besser ginn. Virun allem a punkto Sozialdialog. Dat hofft zumindest d’Regierung. Mee eng kleng Analyse vun der Lag weist, datt dat wuel e fromme Wonsch bleiwe wäert. Well de Probleem ass vill méi déifgräifend, wei datt e just un enger Persoun festgemaach ka ginn. An ee fänkt beim Premier un.
Premierminister Luc Frieden Foto: Editpress/Julien Garroy
Zanter sengem Amtsuntrëtt ass de Premier beméit, sech als deen duerzestellen, dee Stabilitéit, wirtschaftlech Kompetenz a Rou an d’Land bréngt. Mee verschidde politesch Indicateuren an d’Perceptioun an der Bevëlkerung zeechnen e vill méi nuancéiert an däitlech méi kritescht Bild. Eent vun engem Premier, dee sech selwer mol als CEO bezeechent huet, mee dee kee Gefill huet fir de Sozialdialog. Dobäi ass de Sozialdialog de Garant schlechthi vun der politescher a sozialer Stabilitéit, déi de CEO awer sou gären an d’Vitrinn stellt, fir Betriber unzezéien. E gudde Premier ass een, deen et fäerdegbréngt, d’Sozialpartner zesummenzebréngen, ze vermëttelen an a schwieregen Dossieren e Kompromëss ze fannen.
Harmonie als Narrativ, Spanungen als Realitéit
De Premier widderhëlt reegelméisseg, d’Ambiance an der Regierung wier „gutt“ an d’Equipe géing harmonesch zesummeschaffen. Dat kléngt no Stabilitéit, mee et entsprécht net dem, wat vill Observateuren am politeschen Ëmfeld gesinn: Spanungen, Inkohärenzen a strategesch Onkloerheet. D’Koalitioun wierkt oft wéi ee Kompromëss aus Nout, net wéi e gemeinsame Projet.
Zur Person

Foto: Editpress/Hervé Montaigu
De Georges Engel ass LSAP-Deputéierten
De rezente Politbarometer weist, datt d’Premier-Leeschtung am Verglach mat senge Virgänger zu de schlechtsten zielt, déi jee gemooss goufen. Trotz dësen historesch schwaachen Evaluatioune gesäit de Premier sech feelerfräi an deet sech, genau esou wéi dee fréieren Aarbechtsminister Mischo, schwéier, iergendee Scholdbekenntnis ze maachen.
Tëschebilan a Realitéit
Wann de Luc Frieden drop hiweist, datt dës Regierung vill erreecht hätt, steet dës Ausso am Kontrast zu deem, wat vill Bierger am Alldag erliewen:
· D’Käschte klammen: Logementer, Energie, Liewensmëttel
· Ongläichheete ginn als méi markant ëmfonnt: Déi soziale Kohäsioun bréckelt
· D’Gefill vu Perspektiv feelt: Virun allem bei de Jonken, déi enger ëmmer méi onsécherer Zukunft entgéintginn a bei wichtegen Decisioune lénks leie gelooss ginn
D’Schwieregkeet ass manner d’Existenz vu Problemer – déi gëtt et an all Land –, mee den Ënnerscheed tëscht der offizieller Erzielung an der gefillter Realitéit. Wann d’Regierung sech selwer lueft, wärend d’Leit een aneren Alldag erliewen, entsteet Frust a Vertrauensverloscht.
D’Verantwortung läit bannent der Regierung
Grad esou wéi am Ausland gëtt Kritik vu Säite vun der Regierung dacks op extern Acteuren ofgewälzt: d’Press, d’Gewerkschaften oder d’Oppositioun. Mee d’Fakte weise kloer eppes anescht. Dëst ass net just eng Fro vu Kommunikatioun – et weist op eng méi déif Vertrauenskris hin.
De Fall Mischo
De Fall vum Georges Mischo ass hei bezeechnend: Net de medialen, politeschen oder gewerkschaftlechen Drock huet zu senger Demissioun gefouert, mee seng falsch Entscheedungen, säin Onwëssen iwwer Prozeduren, säi Manktem un Dialogfäegkeet an den Drock aus den eegene Reien aus Partei a Regierung. Dee Wiessel war net d’Resultat vun externer Agitatioun, mee vu konkrete Feeler a mangelnder Kompetenz an enger zentraler Funktioun.
Dat wëll de Premier, zumindest ëffentlech, net agesinn, well och hien déi selwecht Positiounen vertratt huet wéi de Georges Mischo a well hie fäert, hie géif domadden een Zeeche vu Schwächt weisen. Deemno geet et hei net méi em d’Saach, mee just nach drëms, d’Gesicht net ze verléieren. Alles dat weist, datt d’Problemer net vu bausse kommen, mee virun allem bannent der Koalitioun selwer leien.
De Sozialdialog als Verléierer vum Regierungsstil
Vun Ufank u gouf de Sozialdialog bei dëser CSV-DP Regierung progressiv geschwächt. Wat laang Zäit ee vun de Kärstécker vum Lëtzebuerger Sozialmodell war, gouf ëmmer méi als Hürd amplaz als Ressource behandelt.
De Sozialdialog ass net vun haut op muer verschwonnen, mee e gouf lues a lues un de Rand gedréckt, am Numm vun Effizienz, Moderniséierung a wirtschaftlecher „Noutwendegkeet“. De Premier wollt seng Haaptziler a senger neoliberaler Logik ëmsetzen – ouni Récksiicht op dat, wat sozial Kohäsioun garantéiert. Do wou d’Situatioun mat kloren Aussoen hätt kënne geglätt ginn, huet hee mat widderspréchlechen Aussoen Ueleg an d’Feier geschott. Net vergiess ass zum Beispill seng Annonce am Kader zur Lag vun der Natioun, datt d’Léit an Zukunft zwee bis dräi Joer misste méi läng schaffe goen. Fir dono ënnert dem Drock vun der Strooss zeréckzerudderen.
Neien Aarbechtsminister: Sozial Iwwerzeegung am Kader vum Koalitiounsaccord
Mee och den neien Aarbechtsminister ass hei net ze beneiden. Mam Wiessel an der Regierung huet den neien Aarbechtsminister eng komplex Roll iwwerholl. Hie muss sech un de Koalitiounsaccord halen, deen aus politescher Siicht dacks als Erklärung fir Entscheedunge vun der Regierung ugeféiert gëtt – heiansdo och als Ausried.
Een Accord, dee gewollt net präzis war an deem heen sech a senger Funktioun als Fraktiounspresident méi wéi eemol widdersat huet. Obwuel hie selwer beim Ausschaffe vum Accord a véier Aarbechtsgruppe matgeschafft huet an dësem och zougestëmmt huet, steet hien elo virun engem Dilemma.
Spautz am Balanceakt
Dëst bréngt hien an eng ugespaant Positioun: op der enger Säit seng sozialpolitesch Traditioun an Iwwerzeegung, op där anerer Säit d’Praktik vun enger Regierung, déi sech strikt un en Accord gebonne gesäit. En Accord, deen a verschiddene Punkte wéineg Spillraum fir sozial Neiorientéierunge léisst a konsequent op Flexibiliséierung, Ofbau vu soziale Rechter an no hanne geriichte Moderniséierung ausgeluecht ass.
A sengem RTL-Interview vum 15.1.2026 huet de fréieren Aarbechtsminister Georges Mischo och duerchblécke gelooss, dass heen deem neien Aarbechtsminister genau op d’Fangere kuckt, fir dass deen de Koalitiounsaccord net kann ëmgoen, e Koalitiounsaccord, deen de Premier dem Georges Mischo ëmmer erëm operluecht huet.
Den neien Aarbechtsminister steet elo virun der Aufgab, dëse Widdersproch ze managen: sozial Profiléierung an Iwwerzeegung versus koalitionär Loyalitéit. E Balanceakt, deen hien an eng Positioun bréngt, wou hien dacks méi Erklärer wéi Gestalter wäert sinn. An als Koalitiounspartner huet d’CSV eng DP, déi wäert oppassen, dass dat, wat festgehale gouf, och ëmgesat gëtt. D’DP wäert sécher net Ännerunge géint hir Iwwerzeegunge vu méi Flexibiliséierung a manner sozialer Ofsécherung dulden.
Fazit
D’Beispill vum Aarbechtsminister, deen alen an den néien, weist, datt de Probleem vill méi déifgräifend ass. Et ass net just, well den „ale Minister“ kee Sozialdialog konnt, datt d’Kand am Pëtz läit, och wa seng Erugehensweis sécher net gehollef huet. Mee de Probleem fänkt beim Premier un, a senger Aart a Weis, Politik iwwert d’Käpp vun de Leit ewech ze maachen. Konstruktiven Dialog war ni gewollt. D’Kritik un der aktueller Regierung ass deemno net reng ideologesch, mee gréisstendeels un deem gemooss, wat se bis elo fäerdegbruecht huet: Erwaardunge goufe gesat, mee d’Resultater bleiwen hannendrun.
Lëtzebuerg brauch kee CEO an der Regierung. Et brauch e Staatsmann, deen d’Gesellschaft zesummenhält, deen Dialog amplaz Konfrontatioun sicht, an deen net nëmme regéiert, mee gestalt.
A genee dee feelt haut un der Spëtzt.
Anmerkung
Das Tageblatt schätzt den Austausch mit seinen Leserinnen und Lesern und bietet auf dieser Seite Raum für verschiedene Perspektiven. Die auf der Forum-Seite geäußerten Meinungen sollen die gesellschaftliche Diskussion anstoßen, spiegeln jedoch nicht zwangsläufig die Ansichten der Redaktion wider.