Leserforum
Sinn d’„aides-soignant(e)s“ dann elo hannebäi a vir widder?
Virun e puer Joer hate mir schonn esou en ähnlechen Artikel an d’Zeitung gesat, deemools war den Titel „Et geet elo duer, net méi esou mat eis“, mee mir als ALAS ginn d’Gefill net lass, dass verschidde Politiker nach net verstanen hunn, wou de Schong bei de Gesondheetsberuffer wierklech dréckt. Sécher komme manner Grenzgänger eriwwer, well si eng Work-Life-Balance wëllen hunn, mee huet sech dat net scho viru Joere bemierkbar gemaach an net eréischt elo an der Pandemie, déi jo wierklech d’Schold kritt fir alles?