Leserforum
Ried vum Här Frieden zur Lag vun der Natioun
Foto: Editpress-Archiv
Bei alles, wat e bësse subjekt ausgesäit, gëtt ganz schnell Fake geruff. Sollt déi Sëtzung hei korrekt sinn, dann ass et op d’mannst der Wäert, se am Dossier „Farces politiques“ ze klasséieren. Ech froen Iech, Här Chamberpresident als héichste Bierger aus dem Land, ouni e Wuertspill draus ze maachen zu Ärer Sëtzplaz, ob Där Iech an dëser kierperlecher Verfassung kënnt virstellen, och an engem anere Beruff ze schaffen? Zum Beispill op der Schmelz, op enger Steierbün am Walzwierk, wou duerch e sou e Nickerchen et ganz fuerchtbar géing rabbelen an op e Coup fir Millioune Schued entstoe kann. Oder als Lockführer en Zeeche vun enger Weich verschlooft, do hätt et nach ganz aner Konsequenze mat sech bruecht.