Leserforum
Rennpist zu Recken/Miersch, oder: wéi schéin et ass, um Land ze wunnen
Foto: dpa/Robert Michael
Ech wunnen zënter 60 Joer zu Recken/Miersch an dat och gären, dovunner der 17 an der rue de Septfontaines. Recken, ee beschaulecht Baurenduerf, wou, an dat as nun emol de Laf vun der Zäit, et mat de Joeren ëmmer manner beschaulech ginn ass. Eis Strooss féiert an d‘Vallée des 7 Châteaux. Net zu Onrecht huet eisen Ex-Ausseminister an Hobby-Cyclist Jean Asselborn si als „eng vun deene schéinste Velosstroossen vun Europa“ betitelt, an hie misst et jo wëssen. Mee dës Stross ass an de leschte Joeren zu enger regelrechter Rennpist mutéiert. Hei, wou all Dag zeg Cyclisten hirem Sport noginn, sinn elo Hobby-Rennfuerer Här a Meeschter. All Samsdeg, Sonndeg oder d'Feierdeeg, soubal schéint Wieder ass, passéiere vill Sportmaschinne mat héijer Vitesse a mat vill Kaméidi a Gestank. 50 km/h sinn erlaabt.