Leserforum

Ouni Nëssknacker wiere mir bei rebellescher Tetra-Packung glat erhéngert

Ouni Nëssknacker wiere mir bei rebellescher Tetra-Packung glat erhéngert

Symbolfoto: picture alliance / dpa

D’Freed war grouss, wéi meng Fra eng Portioun Bärlauchzopp op d’Tellere gemaacht hat. Mee wéi si eng Tetrapackung mat Ram opmaache wollt, ass d’Freed gaangs a gelleg Roserei ëmgeschloen. Dee Plastiksstopp huet sech einfach nit opdréie gelooss. Ech hu gemengt, mat enger fiichter Fatz géif dat besser goen. Mee dee Borscht wollt sech einfach nit opdréie loossen. Du hunn ech eise gudden Nëssknacker aus dem Tirang geholl. Deen hunn ech misse richteg op de Stopp setzen, bis datt dee Rebell sech schliesslech dréie gelooss huet. Déi nächst Iwerraschung huet net op sech waarde gelooss. Wéi mir eng Portioun Ram an d’Zopp, déi du scho wotlech gi wor, maache wollten, ass keng Drëps Schmant erauskomm. Ee kuerze Bléck an d’Lach huet eis bewisen, datt eng zolidd Alufolie dat verhënnert huet. Alt nees de Stopp dropgemeet, eemol fest erofgedréckt a schwuppdiwupp war d’Ram disponibel. Also, wann ee wéi meng Fra an ech schonn eng 7 a Punkto Alter als éischt Ziffer stoen huet, da revoltéiert et eis, datt mir et ëmmer méi dacks mat Verpackungen ze dinn hunn, déi sech nit gudd opdréie loossen. Dat mécht mech rosen. Geet et nit duer, dass mir den Trapelift huele mussen a mat dem Covid mussen eens ginn?

Jetzt kostenlos testen: Ihr persönlicher 24-Stunden-Zugang

  • Zugang zu allen Online-Artikeln
  • E-Paper auf tageblatt.lu und in der App

Sie haben bereits ein Konto ? Melden Sie sich hier an.

Das könnte Sie auch interessieren

Leserforum

Religion als Machtinstrument? – Ein gefährlicher Rückschritt

Leserforum

Sinnlose Zerstörung – und wir alle zahlen den Preis

Leserforum

Entre guerres et endettement

;