Forum
Oppene Bréif vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, François Bausch
An de leschte Wochen ass an der Press vill iwwert den Ausbau vum Tram an der Neipuertsgaass geschwat ginn. Der Diskussioun huet et op der enger Säit u Kontext gefeelt, anerersäits goufen och einfach Ënnerstellunge kommunizéiert, déi ech esou net wëll onkommentéiert loossen.
Foto: Editpress/Vincent Lescaut
Virop, et ass an et wäert net virgesi ginn, mam Tram duerch de Stater Park ze fueren. Den nationale Mobilitéitsplang 2035 (PNM 2035), deen ech am Fréijoer presentéiert hunn, ass ee Gesamtkonzept, an deem den Tram eng wichteg Roll spillt, fir am urbane Raum, trotz Wuesstem, kënne mobil ze bleiwen. Et gëtt sech dorobber agestallt, dass am Joer 2035 400.000 Deplacementer méi an der Stad an a senge Randgemengen stattfannen (PNM 2035, S. 111). Mir hunn alleguerten een Interêt drun, d’Stad an den nächste Joren sou ëmzegestalten, dass déi 400.000 zousätzlech Deplacementer op engem attraktive Vëlos- an ëffentlechen Transport-Reseau kënne stattfannen.