Forum
Oppene Bréif un den Educatiounsminister Claude Meisch
Foto: Editpress/Julien Garroy
Léiwen Educatiounsminister Här Claude Meisch,
Léif Lieser/innen,
Ech sinn den Oliver Thull vun der 1re B aus dem Lycée Aline Mayrisch Luxembourg. D’Situatioun am Moment ass fir jiddwer Persoun aus eiser Gesellschaft eng surrealistesch. Eng ganz Rëtsch vu Mesuren si geholl gi, fir d’Verbreedung vum Covid-19 an eisem Land ze verhënneren. Net essentiell Geschäfter a Betriber sinn zou an d’Richtlinn vun eisem alldeegleche Liewen ass de „Bleif Doheem“. Des weideren huet den Educatiounsminister Här Claude Meisch entscheet, fir ab dem 16. Mäerz op den Homeschooling ëmzesteige, fir dass d’Schüler vun doheem aus kënnen ënnerriicht ginn, wou de Risiko, sech mam SARS-CoV-2-Virus unzestieche,
géint Null geet. Dës Period war initial bis den 20. Abrëll ugeluecht ginn, se ass awer mëttlerweil bis mindestens de 4. Mee verlängert ginn. Fir all aner Schüler ewéi d’Premièren dauert se bis den 11. Mee, voir souguer de 25. Mee fir Grondschoulen. Dës a vill aner Mesurë goufen de 16. Abrëll vum Minister Meisch per Pressekonferenz un d’Land matgedeelt.
Leider mengen ech, dass d’Entscheedungen, déi viru kuerzem getraff goufen, net exklusiv am Interessi vun der Gesondheet vum Schüler an der Gesellschaft geholl goufen. Heimat erlaben ech mir, op déi eenzel Punkte vun der Pressekonferenz anzegoen a meng Bedenken derbäi ze erläuteren.
D’Schoul als Medium, fir sech unzestiechen
Déi meescht Schüler benotzen de Schülertransport oder den ëffentlechen Transport, fir an
d’Schoul an natierlech och fir erëm Heem ze kommen. Och wann den Effektiv vu Schüler hallwéiert gëtt, ass et an engem Bus schlecht bis guer net méiglech, deen am Normalfall virgeschriwwenen 2-Meter-Mindestofstand anzehalen, dee vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) recommandéiert gëtt. Zwar besteet eng Flicht, Masken am ëffentlechen Transport unzedoen, mee e Reschtrisiko bleift fir all eenzele Schüler a Schülerinne bestoen. Zemools fir Premièren, déi den Examen um Horizont stoen hunn, ass dëst en onnéidege Risiko, deen se all Dag agoe mussen.
Dach och wann ee bis an der Schoul ass, kann ee sech net „sécher“ fillen, well och am Gebai selwer ass et schwéier, eng Garantie ze hunn, dass d’Sécherheetsmesuren agehale ginn. All Schoulgebai ass verschidden an d’Direktioune si beoptraagt ginn, eng Léisung fir hir Raimlechkeeten ze fannen. Eng Propos, déi den Educatiounsminister gemaach huet, ass, d’Trapenhaus ze splécken an aus de Gäng e Sens-Unique ze maachen. Leider gëtt et och Schoulen an Deeler innerhalb vu Schoulen, wou sou eng Spléckung net méiglech ass, a wou den direkte Kontakt vu Proffen a Schüler, an och Schüler ënnerteneen, net vermidde ka ginn. Dat beschte Beispill wier do d’Trapenhaus, well och wann nëmmen d’Halschent vun de Schüler do sinn, sou ginn dach d’Trapen (fir an d’Paus oder fir zeréck an de Kuer) iwwerduerchschnëttlech staark beusprocht.
Déi nächst Propos vum Educatiounsminister war, d’Klassen opzesplécken. De Proff selwer hält da säi Kuer pro hallef Klass a muss dann an der Halschent vum Kuer de Sall wiessele, fir bei deem aneren Deel vun der Klass (dee selweschte) Kuer ze halen. De Proff ass awer an deenen zwou Klasse present an ass no de Richtlinne vum Ministère net gezwongen, e Mondschutz unzedoe, wann hie Kuer hält. An och wann de Proff grad keng Symptomer opweist, sou kann hien de SARS-CoV-2 nach ëmmer iwwerdroen, souwuel un deen ee Grupp als och un deen aneren. Dat wier en typesche Fall vu Kräiz-Kontaminatioun.
E weidere Point de contamination potentielle sinn d’Toiletten. Dës wäerte vu ville Persounen aus verschiddene Klasse benotzt ginn an et wier onmënschlech, ze verlaangen, dass de Schüler während engem Dag, dee gäre mol aacht Stonnen dauert, keng eng Kéier op d’Toilette geet. Aus enger Ried virun net emol engem Mount hat de Premierminister Här Xavier Bettel annoncéiert, dass all gréisser Evenement mat iwwert 100 Leit bis den 31. Juli net erlaabt ass. Elo ass et awer sou dass mir an der Schoul eng Paus erlaabt kruten. Och wann den Effektiv vun de Schüler hallwéiert ass an een d’Paus an zwee Roulemente spléckt, wieren dat an dësem Fall ab dem 11. Mee nach ëmmer méi ewéi 300 Schüler, déi gläichzäiteg an de Preau/Haff ginn. Dass do nach de Mindestofstand kann agehale ginn, ass am Moment net wierklech virstellbar.
Eppes, wat an de Medien ëmmer nees thematiséiert gëtt, ass: „Wann de Sécherheetsofstand vun 2 Meter net ka garantéiert ginn, muss een e Mondschutz undoen“. Dës Ausso ass natierlech richteg a soll agehale ginn, wann ee liewenswichteg Aktivitéiten ewéi akafe goen ënnerhëlt. Ass et elo awer wierklech noutwendeg, dass all Schüler aus dem Land sech deene Mesuren ënnerzéie muss, wann et dach virdru mam Homeschooling sou gutt geklappt huet? Ausserdeem ass d’Droe vun engem Mondschutz am Klassesall selwer net obligatoresch, mee just „fortement recommandé“.
Am Endeffekt bréngen dann déi ganz Mesuren ausserhalb der Klass näischt, wann ee Klassekomerod oder e Proff sech, ouni et ze wëssen, mam SARS-CoV-2 infizéiert huet an sech d’Recht eraushëlt, keng Mask (am Klassesall) ze droen. Doduerch kann dann d’Loft wéi och d’Uewerflächen am Klassesall kontaminéiert ginn. Wei och schonn aus dem Schreiwes vun der Santé nationale erausgeet, bréngen d’Masken nëmmen eppes, wann déi Persoun, déi infizéiert ass, se unhuet, a bidde kaum Eegeschutz. Dowéinst soll also grad am Klassesall nach méi penibel dorobber opgepasst ginn, dass de Mondschutz richteg an déi ganzen Zäit ugedoe bleift.
Den psycheschen Drock, dee vun der Situatioun ausgeet
Een Aspekt, dee menger Meenung no an den Entscheedunge staark vernoléissegt ginn ass, ass de
psycheschen Drock, deen op de Schüler an de Proffe läit. Sech an deenen zéng Schouldeeg unzestiechen, heescht fir e Primaner och, dass hien/hatt den Examen net matschreiwe kann. Ass de Fall da bis bestätegt, ass eng Quarantän fir déi betraffe Persounen (an deemno och d’Ëmfeld) virgesinn. Dobäi läit déi üblech Inkubatiounszäit vum SARS-CoV-2 am Reegelfall bei fënnef bis siwen a maximal 14 Deeg (ministère de la Santé). Dat entsprécht dann de Woche virum Examen, wou een am meeschte léiere kann, an et wier dann net emol sécher, dass een dann den Exame matschreiwe kéint.
Dozou kënnt dann nach, dass ee seng Famill a Matmënschen och net dem Risk aussetze wëll, sech bei engem selwer infizéieren ze kënnen. Och an eisem Alter gëtt et Leit, déi zu de vulnerabele Persoune gehéieren oder mat vulnerabele Leit doheem wunnen. Et wëll een seng Matmënsche sou gutt wei méiglech schützen, an dowéinst huet een och déi lescht fënnef Woche drop verzicht, sengem „normale” Liewen nozegoen, wéi seng Frënn ze gesinn. Déi Isolatioun huet méi oder manner staark psychologesch Konsequenzen op jiddereen. Verschidde Schüler gi mam zousätzleche Stress ganz gutt eens, anerer manner, an dach wier dat keen Argument, fir déi Situatioun schéinzeschwätzen. A ville Fäll sinn d’Schüler ganz gutt eens ginn, fir vun doheem aus ze schaffen. Anerer hunn d’Motivatioun komplett verluer, erëm anerer hunn net emol de Kader gehat, fir anstänneg léieren ze kënnen. En haart Ëmfeld, keen anstännege Réckzuchsuert oder och de mentalen Drock, deen d’Aarbechtsliewe vun den Eltere betrëfft, hunn dem Schüler nach zousätzlech Steng an de Wee geluecht. Léiere mat Bedenken a Suergen ass natierlech méi schwéier wéi ouni a fir verschiddener onméiglech. Dës ass en zousätzleche Stress, deen zum Examen nach dobäikennt. An awer muss ech hei scho kuerz preziséieren, dass ech dogéint sinn, d’Examen ze verréckelen oder guer net schreiwen ze goen.
Den Aspekt vu Mënschemassen
Wei scho gesot, gouf viru kuerzem vun der Regierung decidéiert, dass Evenementer vu méi wéi 100 Persoune bis den 31. Juli verbuede sinn. Ech bewäerten och d’Schoul als en Evenement, well och do grouss Mënschemassen openeen treffen. An eisem Fall, am Lycée Aline Mayrisch Luxembourg, wieren dat dann an der éischter Woch méi ewéi 130 Primaner, d’Léierpersonal, an all déi aner Employéen am Secteur d’Educatioun (wéi d’Direktioun, d’Conciergerie, etc.). Dat si scho wäit iwwer 150 Persounen. Nach méi kritesch gëtt et dann an der Woch, wou d’Hallschent vun de Schüler aus dem Secondaire nach dozou an d’Schoul kommen. Dat wieren dann nach eng Kéier iwwer 600 Schüler méi am Gebai. Dat a Verbindung domat, dass een den ëffentlechen Transport benotzt an an engem Haushalt statistesch gesi méi wei zwou Persoune pro Haushalt wunnen (Statec 2019), ass de Risiko ginn, dass d’Reproduktiounszuel drastesch an d’Luucht geet. Wann een awer bis mierkt, dass déi ganz Situatioun aus dem Rudder leeft, wäert et schonn ze spéit sinn.
E kuerze Bléck a Richtung Südeuropa geet do schonn duer.
Wéinst de Lockerunge vun der Isolatioun an der Reouverture vun de Schoule geet och d’Toleranzgrenz vun de Schüler erof, sech un d’Isolatioun ze halen. Et wäert nach eng Kéier méi schwéier sinn, sech net mat de Kollegen ausserhalb vun der Schoul ze treffen, well ee schonn dee ganzen Dag mat hinnen an der Schoul verbruecht huet. D’Wahrscheinlechkeet, sech manner no de Sécherheetsmoossnamen ze riichten, ass deementspriechend ginn.
Wei kéint een et besser maachen?
Den Här Claude Meisch huet während der Pressekonferenz en Donneschdeg, de 16. Abrëll, betount, dass Schoul doheem gutt zu Lëtzebuerg fonctionéiert huet. Dowéinst steet berechtegt d’Fro am Raum, firwat een dat fir déi lescht zéng Deeg fir d’Primaner net nach weiderféiere kann. Wat manner Leit mat aneren a Kontakt kommen, desto besser. Doheem bleiwen ass eng Mesure, déi geholl ginn ass, fir Schued ze miniméieren, an den Zäitpunkt, fir domadder opzehalen, ass denkbar schlecht.
Trotzdeem gëtt et Schüler, déi hir Proffen nach eng Kéier virum Examen a Persoun wëlle gesinn. Dat ass ee Wonsch, deen een novollzéie kann, well fir gewësse Schüler de Proff méi ewéi nëmme „Léierpersonal“ ass an den Discours eng mental Stëtz virun de bevirstoenden Exame bidde kann. Awer net all Schüler gesäit dat als noutwendeg un, e ka mat sech selwer ausmaachen, sech deem Discours ze entzéien. Fir all de Schüler do e Stéck entgéint ze kommen, géif ech virschloen, dass een dat Ganzt fakultativ mécht. Dat heescht, de Schüler d’Méiglechkeet ze bidden, sech mat de Proffen ofzeschwätzen, bei deenen se eng Entrevue als wichteg ëmfannen, mee doraus keng Obligatioun ze maachen. D’Schoule wieren dann och op fir déi, déi léiwer an der Schoul léieren, well se do méi Kapazitéite mobiliséiere kënne wei an den eegene véier Maueren.
Gesat de Fall, wou d’Schoul vum 4. Mee un nees obligatoresch wier, missten no den opgezielte Punkten e puer Mesuren ugepasst oder geännert ginn:
– De Mondschutz muss permanent zur Ausstattung vun all Schüler dozougehéieren an am Klassesall obligatoresch sinn, sou wéi op aneren ëffentleche Plazen, wou den Ofstand vun 2 Meter net zu all Zäitpunkt ka garantéiert ginn.
– An de Schoulbusser muss ee garantéieren, dass ee wäit genuch fort vun anere sëtze kann. Dat heescht da wahrscheinlech, zum Bedauere vun der Ëmwelt, eng méi héich Frequenz u Schoulbusser an dicht bevëlkerte Quartieren.
– Eng hallef esou grouss Klass muss dee ganze Schouldag am nämmleschte Klassesall bleiwen an et däerf een net wéinst engem Fach de Sall wiesselen. Dëst gëtt da méi komplizéiert während de Pausen, mee och do léisst sech sécher an noer Zukunft eng Léisung fannen.
Ech wëll nach eng Kéier präziséieren, dass ech dofir sinn, dass den Exame geschriwwe gëtt, an ech momentan just mat de Mesurë vun der Situatioun net averstane sinn. Eisen Diplom, dee mer eis zum Schluss vum Joer duerch eise Fläiss verdéngt hunn, soll genausou vill Wäert si wéi all déi Jore virdrun och schonn, an eis d’Méiglechkeet bidden, sech ob de verschiddensten Universitéiten unzemellen.
Bis elo ass een de Schüler schonn e ganzt Stéck entgéintkomm, an dofir muss een och emol e Merci ausschwätzen. Eis Noten am Joer kënne mer deelweis fortloossen oder nach zousätzlech Prüfunge schreiwen, fir se ze verbesseren. Och de ganzen Examensprogramm gouf ugepasst a gekierzt, fir dass nëmmen dat am Examen dru kënnt, wat ee mam Proff an der Klass bis den 13. Mäerz gesinn huet. Dat sinn definitiv Aspekter, déi en faveur vum Schüler sinn an der Situatioun adequat ugepasst goufen.
Mat der Hoffnung op en Discours, bei deem et net ëm d’Fronten tëschent Schüler a Ministère, mee ëm d’Léisung als Kollektiv geet.
* Den Olivier Thull ass Schüler vun der 1re B am Lycée Aline Mayrisch