Leserforum
Marie Schreiber, ee sympathescht Cyclocross- Meedche mat ganz vill Talent a Pepps
Foto: Editpress/Luis Mangorrinha
Ay, Marieke, Marieke, on t’aime tant – dans les Cross et par ailleurs – sous le ciel flamand entre Bruges et Gand: Dëse Refrain am bekannte Lidd vum grousse Jacques Brel, hu mir fonnt, géif ganz gutt bei eis jonk an talentéiert Cyclocross-Fuererin Marie Schreiber passen, wat virun e puer Deeg elo, den 21. Dezember, kuerz viru Chrëschtdag, d’Konschtstéck fäerdegbruecht huet, ee Laf vum Weltcup an der populärer Radsportdisziplin ze gewannen!