Leserforum
Lues a lues … from the river to the sea?
E puer Beispiller nom 7. Oktober 2023, wou Israeli sollten ausgeschloss ginn: Kritik um Optrëtt vun der Sängerin Noa zu Iechternach 2023, si war virdrun zu Nanzeg ausgeluede ginn. Kritik un der Sängerin Tali hirer Bedeelegung 2024 fir Lëtzebuerg um ESC. Kritik un der Sängerin Yuval Raphael (eng Iwwerliewend vum 7.-Oktober-Massaker) um ESC 2025. Kritik un der israeelescher Handballnationalekipp bei engem Match zu a géint Lëtzebuerg 2024. Kritik un enger „israeelescher“ Vëlosekipp bei der Vuelta a Spuenien 2025. Kritik un dem Concert vum Israel Philharmonic Orchestra an der Philharmonie 2025. Kritik um Stand vun Israel um Bazar international 2024 asw.
Mee schonn den 12. Juli 2012 (!) goufen an der Entrée vum Neimënster, virum gemeinsame Concert vun den zwou Sängerinnen Noa a Mira Awad, Flyer géint hiren Optrëtt ausgedeelt. Eleng d’Beschreiwung vum Noa, enger israeelesch-amerikanescher Sängerin, ass duergaang, fir géint si ze protestéieren, net (oder grad) wëssend, datt d’Noa zesumme mam Mira Awad, enger palestinensescher Sängerin, mat dem Titel „There Must Be Another Way“ 2009 um ESC opgetratt war.
Nach Froen, oder gesäit a versteet een esou lues a lues, wou et histeiert?