Leserforum
La meilleure des fêtes, c’est la retraite!
Als einfache Bierger erlaben ech mer e puer Iwwerleeungen am Zesummenhang mat Souveränitéit a Fräiheet. Eng Zäit geet op en Enn, eng aner fänkt un. D’Iwwergab vun der Muecht vum Henri u säi Jong Guillaume huet en natierlechen Ëmschwong an der Kontinuitéit vun eisem Land markéiert.
All Muechtwiessel erweidert eise Bléck op Muecht, op Souveränitéit an op dat, wat bleift, wann eng Funktioun ophält an eng aner ufänkt.