Leserforum
Kaméidi nuets am CPU
Foto: ijeab/Freepik
Mir hunn ee riseg grousse Probleem. All Owend rappe verschidde Leit hir Fënsteren op a knuppen se erëm zou, dëst e puer Mol hannerteneen. Dëse Bordell ass all Nuecht, alt bis mueres 3 Auer. D’Beamten soen eis, si kéinten do näischt maachen, leider musse mir also festhalen: Dee Rouegen an Zréckhalenden ass dee Dommen; déi, wou ëmmer jäitzen a blären, hunn hei d’Soen. De Prisong freet eis, déi roueg Leit, wat sie dogéint maache sollen. Mat anere Wierder: De Prisong wierkt hëlleflos. Mir fanne bis gutt mueres 3 Auer kee Schlof, well verschidden Detenuen ongestéiert blären, jäitzen, jo esouguer Déieregeräischer nomaachen op de Fënsteren, virun datt se widdert d’Maure knuppen, op Dëscher schloen, mat de Fënstere knuppen an hir Musék opdréinen. No all stresseger Nuecht gi mir um 6.15 Auer fir d’Liewenskontroll wakreg gemaach. Jidferee vun eis ass gestresst an onroueg duerch déi Situatioun. Eis Hëllefriff ginn net ugemoossen erhéiert – kee Wonner, well eis Beamten, déi hei schaffen, just hei schaffen an net hei wunnen. Mir héieren hei nëmmen Standard-Argumenter: Wat solle mir do maachen? Dat ass de Verursaacher, egal, déi sinn immun géint Sanktiounen. Mir froen eis: Géifen déi Beamten och esou schwätzen, wa si Nuecht fir Nuecht ëm hire Schlof bruecht géife ginn? Mir Gefaangener mussen akzeptéieren, datt eis Fräiheet geholl gëtt, mee musse mir dofir och akzeptéieren, datt eise Schlof a soumat eis Erhuelung an eis Liewensqualitéit geholl gëtt?