Eechternoach
Héichwaasser: Sauer opgestouss
„Heut bin ich über Rungholt gefahren, die Stadt ging unter vor sechshundert Jahren, noch schlagen da die Wellen hoch und wild“ ... Dës Versen aus dem ergräifende Gedicht „Trutz, Blanke Hans“ vum Norddäitschen Detlev Freiherr von Liliencron (1844-1909), an deem hien un d‘Flutkatastroph vun 1362 erënnert, bei där eng ganz Stad am Wattemier ënnergaangen ass, si mir no der aktueller Héichwaasserkatastroph erëm spontan agefall, wéi ech Biller vum Desaster vun hei an aus dem noen Ausland op der Tële gesinn hunn, an och dat sinistréiert Eechternoach, vun uewe gefilmt, zu Gesiicht gefouert kritt hunn!
Op ville Plaze stungen déi brong Supp an de Schmorri bis un de Comptoir Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante
Wuel gouf meng zweet Heemechtsstad, net wéi deemols Rungholt, vun de Waassermasse verschléckt, ma dach war et wéi eng Aart Weltënnergangsstëmmung, déi sech am halwe Juli an der eelster Uertschaft vum Land deen Owend breetgemaach huet!