Forum

„Ganz verwonnert“: Äntwert op dem Robert Goebbels säi Meenungsbäitrag „Gilt „Artenschutz auch für die Bauern?“

Wou ech dem Robert Goebbels säi Meenungsbäitrag am Tageblatt vum 13. Mäerz 2023 gelies hat, war ech nawell ferm verwonnert. An deem Meenungsbäitrag hunn ech Wierder an Argumentatioune gelies, bei deenen et mech net wonnert, wa se vu riets(extreme) Politiker*inne kommen, déi ech allerdéngs vun engem fréiere Minister vun der LSAP absolutt net erwaart hätt.

„Ganz verwonnert“: Äntwert op dem Robert Goebbels säi Meenungsbäitrag „Gilt „Artenschutz auch für die Bauern?“

Foto: Laurent Wies

Direkt am Ufank vum Bäitrag behaapt de Robert Goebbels, den NS-Regime a besonnesch den Hitler mat der rassistescher an antisemittescher „Blut und Boden“-Ideologie wieren d’Virleefer vun den haitegen Ënnerstëtzer*inne vun der ökologescher Landwirtschaft gewiescht. Dëst ass keng nei Theorie, déi gouf et schonn an den 1980er, gëtt awer vun der breeder Majoritéit un Historiker*innen als historesch Verklärung an domat als falsch agestuuft. D’„Blut und Boden“-Ideologie ass zur Zäit vun der NS verbreet ginn, well d’Nazien eng Urbaniséierung vermeide wollten, well si méi Succès am rurale Raum haten. Ausserdeem war laut hinnen déi „germanesch Rass“ déi vum Bauerntum an domat de Géigepol vum Urbanismus an dem „jüdeschen Nomadentum“. Dem NS-Regime war zwar bekannt, dass d’Iwwerdünge vun de Felder negativ Auswierkungen op d’Buedemqualitéit an domat op d’Erträg huet, mee si hu weder den Asaz vun Dünger nach vu Pesti-, Insekti- a Fungizide verbueden.

D’Vertrieder*innen, Aktivist*inne souwéi Politiker*innen, déi säit de 70er Joren déi ökologesch Landwirtschaft bedreiwen an ënnerstëtze wëllen, hunn absolutt keng Verbindung zu dëser rietsextremistescher Ideologie. Hier Motivatioun kënnt aus dem Fakt, dass den Asaz vu chemesche Pesti-, Insekti- a Fungiziden d’Biodiversitéit massiv verklengert. Awer och doraus, dass d’Iwwerdünge vu Felder d’Waasserqualitéit a Flëss a Baachen enorm verschlechtert: Alge verbreede sech iwwerméisseg séier, de Sauerstoffgehalt am Waasser hëlt of, sou dass d’Fësch erstécken etc. Ausserdeem belaascht d’Iwwerdüngen eis Drénkwaasser, wouduerch d’Nitratwäerter ze héich sinn, wat fir Kanner a Bëbeeë geféierlech ass. Dat sinn alles wëssenschaftlech Fakten, déi net kënnen ofgestridde ginn.

Och haut gëtt nach relativ oft d’„Blut und Boden“-Ideologie mat der ökologescher Landwirtschaft fälschlecherweis a Verbindung gesat, heefeg nach mat der Falschinformatioun vun engem „grénge Flillek vun der NSDAP“, deen et ni och nëmmen usazweis gouf. Dat geschitt allerdéngs meeschtens am Ausland duerch riets(extrem) Aktivist*innen a Politiker*innen, fir gréng Politik am Allgemengen ze diskreditéieren – zu Lëtzebuerg kënnt dat vum Robert Goebbels vun der LSAP.

Dass de generelle Verglach vun Ëmweltaktivist*innen a grénge Politiker*innen, déi den Här Goebbels implizitt a sengem Meenungsbäitrag mécht, net grouss an de Medien a vun anere Politiker*innen thematiséiert gëtt, wonnert mech enorm a schwätzt och Bänner iwwert déi Lëtzebuerger Gesellschaft. Wéi rezent déi däitsch Klimaaktivist*innegrupp „Letzte Generation“ vu Politiker*inne mat der RAF a souguer den Taliban verglach gouf, war d’Gedeessems grouss. Jo, déi Aktivist*inne sinn ëmstridden, all Mënsch ka souwuel Schlechtes wéi och Guddes an hiren Aktiounen erkennen, mee dee Verglach passt absolutt net. Den däitsche Verfassungsschutz huet réischt rezent bestätegt, dass déi Aktivist*innen als net extremistesch gëllen.

Dat soll am Goebbels sengem Meenungsbäitrag allerdéngs net déi eenzeg Falschinformatioun bleiwen, déi hei op d’Lieser*inne vum Tageblatt lassgelooss gëtt. Spéider behaapt de fréiere Minister fälschlecherweis, de Biber wier keng zu Lëtzebuerg heemesch Aart – dat ass awer komplett falsch, den europäesche Biber koum schonn ëmmer zu Lëtzebuerg vir, éier en virun ongeféier 200 Joer duerch d’Juegd hei ausgestuerwen ass. Nëmme well de Biber mëttlerweil nees heihin zréckkënnt, heescht dat net, dass e keng heemesch Aart ass.

Souguer géint d’Fliedermais huet de Goebbels gefacht; si wiere guer keng menacéiert Aart, well et der sou vill géife ginn. Dat ass komplett falsch, well et net just „eng Fliedermaus“ zu Lëtzebuerg gëtt, mee verschidden Zorten. Zwou Zorten dovu sinn hei souguer scho komplett ausgestuerwen. Déi aner si quasi alleguer menacéiert. Déi grouss Huffeisennues zum Beispill ass staark menacéiert, et gëtt just eng „Wochenstube“ (Fliedermauskolonien, an deenen Nowuess groussgezu gëtt) am ganze Land. A wat ass de Grond fir de Réckgang vun der Fliedermaus? Genee, den Asaz vun Insektiziden. Duerch d’Insektizide fannen d’Fliedermais hir Haaptnarungsquell, d’Insekten, net méi a gi souguer selwer um chemesche Gëft futti. Do bäisst d’Rat sech an de Schwanz.

Ganz verwonnert huet mech och, dass den Här Goebbels et sech net verknäife konnt, géint en genderneutrale Sproochgebrauch ze goen. Do daucht hien déif an e Kulturkampf an, deen een eigentlech vu konservative bis riets(extreme) Politiker*inne gewinnt ass an net vun engem Politiker, deen anscheinend e Sozialist sollt sinn.

Dem Robert Goebbels säi Meenungsbäitrag huet et also wierklech a sech: et ass de Beweis vun enger realitéitsfriemer an onwëssenschaftlecher Argumentatioun, engem Asaz an engem Kulturkampf an et setzt Ökolandwirt*innen, Ëmweltaktivist*innen, gréng Politiker*innen a gréng Ministèren a Verbindung mat der „Blut und Boden“-Ideologie vun den Nazien. Elo läit de Ball bei der LSAP, egal ob Superwaljoer oder net, sech vu sou Aussoe vun engem vun hire fréiere Ministere wäit ze distanzéieren.

* De Kris Hansen ass Aktivist an Observateur vu Politik a Gesellschaft. Hien studéiert Lëtzebuerger Linguistik a Literatur. 

0 Kommentare
Das könnte Sie auch interessieren

Editorial

Wie eine Ölkrise die Verkehrswende fördern könnte

;