Leserforum
Europaschoul zu Réiden: Bauen op Käschte vum Bestoenden?
D’Implantatioun vun enger Europaschoul am Weste vum Land schéngt eng Necessitéit ze sinn, dëst um Site vum Atert-Lycée Réiden ze maache, werft allerdéngs eng ganz Rei Froen op. Gebuerenen Optimist, deen ech sinn, ginn ech awer dovun aus, dass et fir all déi scheinbar evident Problemer wéi Parkplazen, Versuergung a Plazen an der Kantin a souguer dem Verkéier gutt Léisungen duerch zousätzlech Infrastrukture wäert ginn. Ee Problem bleift awer, deen sech duerch keng nei Konstruktioun léise léisst: d’Verschwanne vun de Fräiflächen.
Duerch de Bau vun der neier Schoul verschwënnt ee grousse Multisportsterrain mat enger Liichtathletikpist – Infrastrukturen, vun deenen net nëmmen d’Schüler vum Lycée, mee och d’Awunner vu Réiden an Ëmgéigend enorm profitéieren. Déi nei Sportshal hirersäits gëtt op Käschte vun de Gréngflächen hannert dem Lycée gebaut.